Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mechanisme vum "complot judéo-maçonnique'' verstoen

Komplottismus

D'Mechanisme vum "complot judéo-maçonnique'' verstoen

D'Judden an d'Fräimaurer wéilten zesummen eng nei Weltuerdnung begrënnen. Wéi ass dës al Virstellung, d'Mamm vun de Komplott-Theorien, entstanen? Wourunner erkennt ee se? A wéi widderleet een esou Theorien? De Christian Meyers, Spezialist an den Erzéiungswëssenschaften op der Uni.lu, ass der Saach op de Fong gaangen.

auto_stories

5 min

''Wann een de Mechanismus hanner dem "complot judéo-maçonnique" versteet, da versteet een, wéi déi meescht Komplott-Theorië funktionéieren'', seet de Christian Meyers. D'Basis vun deenen Theorië wier ëmmer d'Angscht virun eppes wat geschitt, a wat een net kann erklären.

''Et mengt een dann, et wiere verstoppt, okkult, elitistesch oder räich Gruppen, déi sech géifen zesummesetzen an déi historesch Evenementer bestëmmen. An deem heite Fall wieren dat d'Fräimaurer an d'Judden.''

Kathoulesch Kierch huet déi Theorie ugedriwwen

D'Literatur iwwer dës Komplott-Theorie féiert hir Originne gewéinlech op e franséische Paschtouer, den Abbé Augustin Barruel zeréck. Mir sinn Enn vum 18. Joerhonnert an de Joren ëm déi franséisch Revolutioun. De Fuerscher vun der Uni.lu verweist sengersäits op en Evenement, dat virdru geschitt ass.

''E Schwäizer, protestantesche Fräimaurer war a Portugal gaange fir do eng Logenaktivitéit opzehuelen. Hie gouf vun der kathoulescher Kierch, der Inquisitioun festgeholl a gefoltert, well hien e 'Ketzer' war. Hie war Fräimaurer, Protestant, huet Jean Custos geheescht a kéint esouguer eng marran, dat heescht eng krypto-jüddesch Originn gehat hunn.''

Marrane ware portugisesch oder spuenesch Judden, déi vum 15. Joerhonnert u gezwonge gi waren, sech zum Chrëschtentum ze konvertéieren, mee déi hire Juddentum am Geheime weider ausgelieft haten.

''Do kënnt eng Kollisioun vu verschiddene Kräften zesummen, mat engersäits Protestanten, Fräimaurer, Judden, an anerersäits, als force opposée, d'kathoulesch Kierch. Dat wäert sech iwwert d'Joerhonnerten esou erginn, datt konservativ, nationalistesch a kathoulesch integristesch Kräften dës Komplott-Theorie weiderdreiwen. Si sinn d'Géigner vun de Judden an de Fräimaurer, duerno dann och vun de Sozialisten an de Liberalen.''

Angscht virun enger ''neier Weltuerdnung''

An där komplottistescher Gedankewelt géifen d'Judden d'Fräimaurer als Marionette benotzen, fir eng nei Weltuerdnung ze begrënnen, op Käschte vun der aler Monarchie, vun der Natioun, vum Staat.

''D'Iddi hannendrun ass ëmmer erëm déi selwecht: déi aktuell Uerdnung - an dat si Leit, déi d'Uerdnung an d'Hierarchie gären hunn - gëtt vun anere Kräften a Fro gestallt. Et ass d'Iddi vum Remplacement, wéi bei der franséischer Revolutioun, wou d'Monarchie an all déi méi konservativ Kräften ersat solle ginn duerch eng nei Weltuerdnung, mat engem neie Bewosstsinn an enger neier Philosophie. Wann et net d'Fräimaurer sinn, da sinn et d'Illuministen, den neie Weltuerder, dann ass et erëm d'Revolutioun ...''

Amalgamm vu Symboler

Wéi koum et dann elo zum spezifesche ''complot judéo-maçonnique'', dat heescht der Virstellung, datt Fräimaurer a Judden zesummen eng okkult Elite géife bilden? Fir de Christian Meyers huet dat mat Symboler aus dem alen Testament ze dinn, déi et och an der Fräimaurerei gëtt, wéi den Davidstär oder d'Menorah, also de Leuchter.

Allerdéngs benotzen d'Fräimaurer duerchaus och chrëschtlech Symboler, wéi beispillsweis de Pelikan, dee säi Blutt gëtt, als Symbol vum Jesus, deen d'Leit mat sengem Blutt wëllt erléisen.

''Wann een dat elo e bësse wëllt béien, da seet een: 'Well si déi Symboler elo u sech droen oder domat schaffen, sinn d'Fräimaurer also Judden, also gehéiert dat zesummen.' Dat wier, wéi wann ech elo géif soen: 'Ech fannen de Sportler X gutt an droen deem säin T-Shirt, also sinn ech deen.' Mee ech sinn deen net. Ech fannen dee vläicht gutt, mee och net méi.''

Wann zum Beispill ënner de sechs Grënnungsmembere vun enger Fräimaurer-Loge ee Judd wier, géife Verschwörungstheoretiker dorausser schléissen, datt déi Loge am Fong eng jüddesch Grënnung wier, sou de Christian Meyers:

''Wann ech dat da méi dacks maachen, da spannen ech mir eppes zesummen, dat net méi stëmmt. Déi eenzel Fakte Stëmme vläicht nach, mee dat ganzt Weltbild oder déi grouss Visioun, déi do entwéckelt gëtt, stëmmt net méi.''

Phase vum ''complot judéo-maçonnique''

Wärend dem Kale Krich wier d'Virstellung vun engem ''complot-judéo-maçonnique'' zwar net verschwonnen, mee se wier duerch d'Blockdenken (Liberalismus vs Kommunismus) manner pertinent gewiescht. Zäitweis war esouguer d'Iddi vun engem ''complot judéo-bolchevique'' opkomm.

Anescht wier dat nom Fall vun der Berliner Mauer 1989 an dem Attentat 2001 op de World Trade Center gewiescht, zwee Evenementer, déi eng Ëmwälzung vun de bestoenden Uerdnungen an eng allgemeng ideologesch Desorientéierung mat sech bruecht hätten. Dobäi koum déi rasant Entwécklung vun Internet an d'Opkomme vu Populismus, vun extremistesche politesche Kräften, vun autoritärem Gedankegutt:

''Do gi Komplott-Theorien nees interessant fir ze wëssen, wien de Feind ass, wien hannendru manipuléiert an d'Welt bestëmmt, a wien ee muss als Staatsfeind fäerten, kann an de Prisong setzen a monddout maachen. Zemools de 'complot judéo-maçonnique' ass erëm massiv en vogue.''

Systematesch hannerfroen

Fir de Spezialist vun den Erzéiungswëssenschaften op der Uni.lu ass de Problem hautdesdaags net den Zougank zu Informatiounen, mee d'Verschaffe vu Wëssen. Ënner anerem hätt kaum nach een Zäit fir de Floss vun Informatiounen ze iwwerpréiwen.

Fir Komplott-Theorien ze widderleeë misst ee se systematesch hannerfroen. Fir d'éischt emol zweiwelen amplaz eng Wourecht direkt unzëerkennen an u se ze gleewen. Mat där Erugoensweis - säi Wësse Schrëtt fir Schrëtt hannerfroen - hätt ee sech näischt aneschters wéi eng wëssenschaftlech Method ugëeegent, fir déi de Christian Meyers deemno och plädéiert.