Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nora Wagener kritt de Servais-Präis iwwerreecht

Literatur

D'Nora Wagener kritt de Servais-Präis iwwerreecht

Zënter 1992 zeechent d'Fondatioun Servais all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg publizéiert ass, aus. Dëst Joer huet d'Nora Wagener mat "Larven" d'Jury iwwerzeegt. Et ass e Band mat kuerze Geschichten an däitscher Sprooch.

auto_stories

2 min

Déi fréier Directrice vum Nationale Literaturarchiv, Germaine Goetzinger, schwätzt vun engem Generatiounewiessel. Net nëmme jonk, mä och weiblech Schrëftstellerinnen hätten de "Prix Servais" fir hir Aarbechte gewonnen. D'Nora Wagener fir "Larven", publizéiert vun Hydre Editions, an d'Claire Leydenbach mat hirem Manuskript "L'oeil grand fermé".

Präis am Wäert vu 6.000 Euro

"Schreibieren" nennt d'Nora Wagener hire Prozess vum kreative Schreiwen. Am Mierscher Kulturhaus huet si um Dënschdeg Owend hir Auszeechnung am Wäert vun 6.000 Euro fir "Larven" entgéint geholl. Dem Laudator Ian de Toffoli no sinn der Schrëftstellerin hir Wierker keng einfach Texter, mä se wiere fir ze genéissen. Genee sou wéi Wierker vum Pablo Picasso oder Francis Bacon.

"Mat deenen Texter schallt een net of, wéi mat den habituelle Bestseller-Texter. Am Géigendeel, do schalt ee sech un. Dofir si se sou gutt."

"E risege Bordell"

De "Prix d'encouragement" vun der Fondatioun Servais goung un d'Claire Leydenbach, fir deen nach net publizéierte Roman "L'oeil grand fermé". Deen huet si ënner dem Pseudonym Anita Gretsch geschriwwen. D'Nathalie Ronvaux felicitéiert der Claire Leydenbach an hirer Laudatio:

"Wéi mir iwwer all d'Theme vun dengem Roman geschwat hunn, sos Du, datt et e risege Bordell wier. Ma da wënschen ech Dir vill riseg Bordellen, well et war mir eng riseg Freed, déi ze liesen."