Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Problemer vum Lëtzebuerger Filmsecteur léisen

Chamberwahlen 2018

D'Problemer vum Lëtzebuerger Filmsecteur léisen

Wéi ass et der lokaler Kinosproduktioun iwwer déi lescht Legislaturperiod ergaangen? Villes an der Lëtzebuerger Filmproduktioun ännert sech. Et gëtt souguer mëttlerweil doriwwer geschwat, ob dee ganze Filmsecteur, deen am Medieministère ugesidelt ass, net an de Kulturministère eriwwergeréckelt soll ginn. Fir d'Realisateuren a Filmproduzenten ass dat keng zefriddestellend Léisung.

auto_stories

2 min

headphones

39 min

play_arrow
Donato Rotunno a Bady Minck

De Realisateur a Filmproduzent Donato Rotunno gesäit de Problem e bësse méi komplex. "Ech wënsche mir vun engem Minister, datt en eise Secteur als Industrie ënnerstëtzt an als kulturellen Objet unerkennt, déi zwou Saache gehéieren einfach zesummen." Et kéint een net einfach soen, "elo réckele mir einfach alles an ee Ministère". De Filmsecteur wier vill méi wéi Kultur. E wier och Educatioun, Pedagogie, nei Technologien an Aneres. Den Donato Rotunno erhofft sech, datt den nächste Minister dat verstoe géif.

D'Bady Minck geet och dovun aus, datt de Lëtzebuerger Filmsecteur e Kommunikatiounsproblem hätt. "D'Leit mengen ëmmer, datt de Kino nëmme "Bling Bling", Staren, Schampes a rouden Teppech wier. "Mee mir ginn do eis Filmer verkafen. Wa mir net zu Cannes wieren, da kéinte mir nëmmen hallef sou vill Filmer maachen, well do ass déi ganz Welt vum Film", seet d'Realisatrice an d'Filmproduzentin.

"Mir feieren eise Secteur all zwee Joer, dat ass richteg, mee dat ass wierklech net geklaut, an dertëschent schaffe vill Leit immens vill", sou den Donato Rotunno.

D'Bady Minck géif sech e Minister wënschen, deen Zäit fir déi Filmschafend huet, sou wéi dat viru Jore gewiescht wier. "Eisen Audiovisuells-Minister koum op Cannes an op Berlin an huet eis nogelauschtert, wéi eng Problemer et am Secteur gëtt, an hien huet déi Problemer dann, zesumme mam Filmfong geännert. An du koum de Staatsminister, an natierlech hat dee keng Zäit. Hien ass mol net op Cannes komm, wéi eisen "Amour Fou" zu Cannes gelaf ass." D'Problemer, déi de Lëtzebuerger Filmsecteur an de leschte Jore gehat hätt, wieren dofir och net geléist ginn, bedauert d'Bady Minck.

Villfalt muss ënnerstëtzt ginn

D'Bady Minck an den Donato Rotunno begréissen, datt de Lëtzebuerger Filmfong vill verschidde Genre vu Filmer ënnerstëtzt. Am Lëtzebuerger Filmsecteur géife ronn 1.000 Leit schaffen, déi während verschiddene Perioden net schaffe kéinten, well keng Produktioune géife lafen.

"Dat heescht, et ginn einfach Momenter, an deenen Techniker Aarbecht brauchen. Wann eng Villfalt do ass, dann ass d'Chance méi grouss, datt si och schaffe kënnen", seet den Donato Rotunno. Anerersäits brauch een och e Budget, fir dës Villfalt kënnen ze garantéieren. An Zukunft misst eng separat Finanzéierung fir Projete virgesi ginn, déi op nei Technologien, wéi zum Beispill déi virtuell Realitéit, setzen.

D'Bady Minck stellt iwwerdeems a Fro, ob Televisiounsemissioune wéi "En Zëmmer ze verlounen" op RTL a "Krieg der Träume" op ARD an ARTE missten ënnerstëtzt ginn. Eng méiglech Ënnerstëtzung misst eleng vun der Qualitéit ofhängeg gemaach ginn.