Invité am Moies-magazin "D'Saachen di kengem eppes zu Leed, net wéi d'Mënschen"

De Fall vun der Berliner Mauer war och ee Wonner fir säi Liewen: den Ostberliner Schrëftsteller Jochen Schmidt iwwer seng Kandheet an der DDR, seng Virléift fir Géigestänn a Lëtzebuerger Schantercher.

Michel Delage

Jochen Schmidt
Jochen Schmidt

Hie wier kaum Schrëftsteller ginn, wann d'Berliner Mauer net den 9. November 1989 gefall wier, sot de Jochen Schmidt am 100,7-Interview. Op deem historeschen Dag hat de gebiertegen Ostberliner säin 19. Gebuertsdag gefeiert. D'lescht Woch war hien hei am Land, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner.

Zanter dem Joer 2000 verëffentlecht de Jochen Schmidt Bicher: Romaner, Kuerzgeschichten, Saachbicher. Bekannt gouf hien 2008 mat sengem Essai "Schmidt liest Proust", engem ganz perséinleche Bericht iwwer seng Lektür vum monumentale literaresche Klassiker "A la Recherche du temps perdu".

Seng Renommée hat de Jochen Schmidt mat senge literaresche Wierker "Schneckenmühle" a virun allem "Zuckersand" verfestegt. Den Alldag an der fréierer DDR ass säi grousse Sujet. Besonnesch d'Géigestänn aus deem Alldag wierken op hien, wéi d'Madeleine beim Marcel Proust: si léisen de Prozess vun der Erënnerung aus.

A sengem leschte Roman "Ein Auftrag für Otto Kwandt" (C.H. Beck) geheit de Jochen Schmidt e satiresche Bléck op d'Verhältnis tëschent Politik an Architektur.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Maxim Leo
Een Thema, e Buch

Fir oder géint de Regime, bannent enger Famill: dat hat de Maxim Leo virun zéng Joer a sengem autobiographeschen Essai "Haltet euer Herz bereit. Eine ostdeutsche Familiengeschichte" (Heyne) thematiséiert.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen