Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Séil ewech fotograféiert

Netflix

D'Séil ewech fotograféiert

No sengem Biopic ''Colette'' thematiséiert de Britt Wash Westmoreland och an "The Earthquake Bird" eng Dräiecksbezéiung. Dës Kéier mat verstéierter Sexualitéit an a Form vu psychologeschem Thriller.

auto_stories

3 min

An deem Dräieck knistert et: Alicia Vikander, Naoke Kobayashi a Riley Keogh

Déi jonk Schweedin Lucy Fly (Alicia Vikander) schafft zu Tokyo als Iwwersetzerin. Wéi déi frësch agewandert Amerikanerin Lily Bridges vermësst gëtt, steet d'Lucy ënner Verdacht. A wou ass dee mysteriéise japaneschen Hobbyfotograf, deen d'Iwwersetzerin viru Kuerzem kennegeléiert huet?

De brittesche Realisateur Wash Westmoreland féiert d'Regie am psychologesche Thriller ''The Earthquake Bird'', d'Adaptatioun vun engem Roman vun der Susanna Jones. De renomméierte Ridley Scott ënnerzeechent als Haaptproduzent vun deem Film, dee keng laang Karriär um groussen Ecran hat, éier en op d'Streamingplattform Netflix gesat gouf.

Dem Westmoreland säi viregte Film, e Biopic iwwer déi franséisch Schrëftstellerin, ''Colette'', war trotz interessanten Usätz net richteg gelongen. Warscheinlech well de Film op englesch vun angelsächsegen Acteure gespillt gouf - en ongléckleche Choix. Zeréckzebehale bleift dogéint d'Duerstellung vun der Dräiecksbezéiung a vun der Bisexualitéit vun der Colette.

Dräiecksbezéiungen a Bisexualitéit

An ''Earthquake Bird'' bleift de Regisseur dëser Thematik trei, och wann d'Virgoensweis eng ganz aner ass. Am Portrait vun der franséischer Schrëftstellerin gouf déi fräi Sexualitéit gefeiert, respektiv gouf gewisen, wéi déi selbstbewosst Colette hire Liewensstil huet missten duerchsetzen, an enger Gesellschaft, an där esou eppes nach guer net selbstverständlech war.

D'Iwwersetzerin Lucy ass dogéint alles anescht wéi selbstbewosst. Als éischter méi zeréckhalend Perséinlechkeet, déi zousätzlech vun engem Kandheetstrauma belaascht ass, taascht si sech ganz lues un den Objet vun hirer sexueller Loscht erun - den attraktive Japaner (Naoki Kobayashi), en Eenzelgänger, dee selwer net vill vu sech a sengen Emotioune verréit, a vun deem eng ondefinéiert Gefor schéngt auszegoen.

D'Lucy lieft seng Sexualitéit net voll aus, déi gréisstendeels um Niveau vun der Fantasie hänke bleift. A wann déi sexuell méi extravertéiert Amerikanerin Lily Bridges (Riley Keogh) enges Daags opdaucht, kënnt och nach d'Jalousie mat an Spill. Esou entsteet dann en Dräieck, an deem sech Unzéiung a Repulsioun ofwiesselen, eng morbid Faszinatioun fir den Doud sech breet mécht, d'Emotiounen héich kachen an ëmmer méi intensiv ginn, bis zum Punkt, wou et ze kippen dreet.

Couchen, déi no an no opgedeckt ginn

Deen a relativ däischtere Biller gehalene Film reveléiert sech nëmmen no an no, couchëweis, spréngt an der Zäit hin an hier, pendelt tëschent Wierklechkeet a Fantasie, iwwerflächleche Reaktiounen an déiwe psychologesche Motivatiounen. Et ass wéi eng Serie vu Fotoen, déi als Spuere vun der Realitéit déi eenzeg Upak kéinte sinn, an déi ee probéiert ze interpretéieren. Mee och si bleiwe mysteriéis.

De Spectateur gëtt duerch Thriller-Elementer - ënner anerem den Asaz vun der Musek an e clevere Montage - permanent bei der Staang gehalen, gerëselt wéi vun Äerdbiewen, déi sech zu all Moment kënne manifestéieren. Et kritt een d'Desorientéierung vun der Haaptprotagonistin ze spieren, net eleng wéinst dem japanesche Kader, deen - op d'mannst fir en europäesche Spectateur - dat Friemt duerstellt.

''The Earthquake Bird'' bleift spannend an interessant bis zum Schluss, an ass fir de Realisateur Wash Westmoreland sécherlech e Qualitéitssprong géigeniwwer sengem virleschte Film ''Colette''.