Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg (16. a 17. November) presentéiert d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren eng Longlist vun lëtzebuergesche Publikatiounen. All Joer gëtt dann e Jury genannt, dee sech zesummesetzt fir an dräi Kategorien eng Shortlëscht ze erstellen an och d'Gewënner ze bestëmmen. D'Gewënner an den dräi Kategorien (Kanner- a Jugendbuch, Literatur a Sachbuch) ginn de 14. November zu Walfer virgestallt an ausgezeechent. De grousse Public kritt awer och d'Geleeënheet hir Stëmmen ofzeginn an e Wierk mam Publikumspräis auszezeechnen.
Kanner- a Jugendbuch
- "De Schmunzel" Jhemp Hoscheit/Carle Schneider E. Guy Binsfeld
- "So mol, Lobo" Christiane Kremer/Vincent Biwer Kremart
- "12 Gutt-Nuecht-Geschichten" Sonja Lux-Bintener Editions Phi
- "La fée cabossée" Beatrice Laca Ruffie Kiwi ELG
- "Wie geeschtert a menger Kichen erëm?" Tuire Siirainen/Judith Paskin PersPektiv Editions
Literatur
- "Zweemol schwaarze Kueder" Gast Groeber Op der Lay
- "Wir sehen uns in Venedig" Georges Hausemer/Susanne Jaspers CapyBaraBooks
- "Les Bulles" Tom Reisen Editions Hydre
- "Sabotage" Jeff Schinker Editions Hydre
- "Les Parasols de Jaurès" Lambert Schlechter E. Guy Binsfeld
Sachbuch
- "Mit den Haien streiten" Anthologie CapyBaraBooks
- "Victor Hugo à Vianden" Yves De Smet Editions PHI
- "Dizzy on the road" Ralph Diseviscourt Revue
- "Paleo" Nathalie Meier-Hottua Editions Schortgen
- "Charly Schmalspurbahn Lux-Echternach" Jean-Paul Meyer Editions Klopp
Am Jury vum Lëtzebuerger Bicherpräis sinn: Anita Gretsch (Autorin), Claude Kremer (CNL), Angelika Bräutigam (Mierscher Lieshaus), Michel Delage (radio 100,7) a Jacques Welter (Cropmark)