Literatur D'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis ënner der Lupp
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, dëst Joer de 16. a 17. November, publizéiert de Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis d'Shortlist vun de beschte Bicher, déi vum leschten Hierscht bis Ufank vun dësem Summer erauskoumen.
Am Ganze sinn et elo 15 Wierker, déi Favoritte fir de Lëtzebuerger Buchpräis sinn, agedeelt an dräi Kategorien: Literatur, Kanner- a Jugendbuch a Sachbuch.
D'Valerija Berdi aus der Kulturredaktioun war haut de Moien eis Invitée am Moies-Magazin an huet am Gespréich mam Jean Claude Majerus déi ausgewielte Bicher virgestallt.