Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sylvia Camarda moderéiert eng nei Danzemissioun

"Move" op Arte

D'Sylvia Camarda moderéiert eng nei Danzemissioun

"Move" heescht eng nei Emissioun déi op der däitsch-franséischer Televisiounschaîne Arte lancéiert gouf. Moderéiert gëtt d'Emissioun vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda, déi och mat um Konzept bedeelegt war.

auto_stories

3 min

D'Syvlia Camarda a Move (Ole Jürgens - Signed Media)

"Move" ass eng nei Emissioun op Arte, moderéiert vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda. An der Sendung stinn den Danz an d'Kierpersprooch am Mëttelpunkt. An der éischter Emissioun gëtt d'Thema Angscht abordéiert fir déi d'Silvia Camarda Äntwerte bei d'Dänzere sichen gaangen ass. Et wier hir wichteg gewiescht ze weisen, datt den Danz vu groussen Emotioune vun de Mënschen inspiréiert géif ginn. Virun allem déi éischt Sendung wollt si mat dem Sujet vun der Angscht ufänken, well een déi mat Paräis an den Attentater vum leschte Joer an Europa, gespuert huet.

Angscht gesäit een och physesch

Angscht ass fir d'Dänzerin och e physescht Gefill. Dofir ass si bei d'Dänzer a Choreographe gaangen, fir ze kucke wéi déi domadder eens ginn. "Angscht ass net nëmmen eppes dat ee spiert, mee et ass och eppes wat sech an däi Kierper erasetzt", seet d'Sylvia Camarda. "Wann een Angscht huet, huet een direkt eng aner Posture. Et zitt ee sech zesummen." Et kéint een d'Angscht awer och duerch de Kierper verschaffen. Angscht géif eis Informatioune ginn. Domadder kéint een eng Choreographie maachen, oder et kéint ee se "lass danzen".

Virun annerhallwem Joer war d'Sylvia Camarda op Tournée zu Leipzig. Nodeems si zwee Owender Optrëtter hat an och am Jury vum Tanzsolo Deutschland war, war si de leschten Dag bei enger Podiumsdiskussioun dobäi, wou den Interviewer den Direkter vun Arte war. Si wier immens opgereegt gewiescht an hätt sech dowéinst vill virbereet. Duerch déi Leidenschaft an Energie, déi si an d'Gespréich eragestach huet wier den Direkter vun hir beandrockt gewiescht.

Si hätt den Danz mam Liewe verbonnen a wier domat déif an d'Themen eragaangen. Doropshi wier si vum Direkter ugeschwat ginn, fir eng Danzemissioun op Arte ze maachen. Zanter 10 Joer wier keng Emissioun an deem Genre méi op Arte gelaf an d'Lëtzebuerger Choreographin huet d'Iddi direkt gutt fonnt. Den Direkter an d'Sylvia Camarda wiere séier op enger Wellelängt gewiescht an d'Iddie wiere séier konkret ginn.

Vun der Burka bis zum Striptease

Fir d'éischt gouf eng Pilotsendung zu Paräis gedréint. No den Attentater war d'Stad bewosst erausgesicht ginn. Nodeems d'Emissioun akzeptéiert ginn ass wieren elo déi nächst fënnef Episoden an der Planung.

"Ufank Mäerz si mir am gaange mat dréinen. Eng vun den Emissiounen ass Voilage, Verhüllung op Däitsch. Do gi mir dorop a wéi de Kierper sech verhüllt, respektiv net verhüllt", schwäermt d'Sylvia Camarda. Vun der Burka géing et bis zum Striptease. Et wier souguer extra eng Burka fir Männer kreéiert ginn.

An enger anerer Emissioun géif d'Thema Flëssegkeeten behandelt ginn. Dofir géif mat Kënschtler wéi dem Jan Fabre vun Antwerpen an dem Franco Dragone aus der Wallonie zesummegeschafft ginn. An enger anerer Emissioun dréint sech alles ëm d'Fléien Do wäert d'Choreographin héchstperséinlech an een Indoor-Skydiving-Studio goen.

Nodeems déi éischt fënnef Emissioune gedréint sinn, muss d'Sylvia Camarda se op Däitsch an op Franséisch vertounen. Si hofft datt d'Sendung fir d'Rentrée kann diffuséiert ginn.