Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Welt acceptéieren, wéi se ass"

Cineast

"D'Welt acceptéieren, wéi se ass"

De Priit Pääsuke ass déi nei Generatioun vu Realisateuren an Estland. Um CinEast Filmfestival huet de jonke Realisateur säin éischte Long métrage presentéiert. Eng philosophesch Komedie, déi sech an engem Burgerrestaurant ofspillt. Am 100,7 Interview schwätzt de Priit Pääsuke iwwert den dréchenen nordeschen Humor, doriwwer, wéi ee seng Ëmwelt soll acceptéieren an iwwert d'Wichtegkeet vun de Co-Produktiounen an Europa.

auto_stories

3 min

MP: Wéi huet sech d'Filmindustrie zënter dem Fall vun der Sowjetescher Unioun an Estland verännert?

PP: An Estland ass et haut vill méi einfach Filmer ze maachen, wéi nach virun 20 oder 10 Joer. Haut gëtt et den estnesche Filmfund an aner finanziell Hëllefen. D'Filmindustrie wiisst immens séier. Mir kommen aus sowjeteschen Zäiten an Estland war en Deel vun der sowjetescher Filmindustrie, déi deemools ënnergaangen ass. Mir hate och ni e Filmpavillon, wou mir Filmer konnten dréinen. Mir sinn elo um Wee, fir d'Industrie nees opzebauen.

Also méi Fräiheet?

Jo, eis Generatioun huet méi Fräiheet, wat Filmemaachen ugeet. Mä doduerch datt mir vill Co-Produktioun maachen, musse mir och Co-denken.

Wéi wichteg sinn d'Co-Produktiounen an Europa?

Alles dréit sech ëm d'Co-Produktiounen. Alleguerten eis baltesch Nopeschlänner schaffen zesummen, mat zum Beispill Schweden, Finnland oder Litauen. D'Co-Produktioun an Europa gëtt ëmmer méi wichteg, well nëmme sou kann een och verschidde finanziell Ënnerstëtzunge kréien. Et ass an Europa deen eenzege Wee, fir an der Filmwelt z'iwwerliewen.

Um CinEast Filmfestival hutt Dir ären éischte Long métrage als Realisateur presentéiert. The End of the Chain / Keti lõpp baséiert op engem Theaterstéck vum Paavo Piik ...

Ech hunn Theaterstéck gesinn a mir ass direkt opgefall, datt d'Charakteren an den Dialog witzeg an awer och philosophesch sinn. De Film gëtt deemno och net vun enger Geschicht gedroen. An och datt de Film sech bal just op enger Plaz bannen ofspillt, war en Challenge fir d'Cinematographie an och fir mech. Et ass net einfach, Material fir eng gutt Komedie ze fannen. Dëst Theaterstéck huet scho vill Präisser gewonnen an dofir hunn ech et als Inspiratioun fir mäi Film geholl. Ausserdeem ass de Scriptwriter Paavo Piik dee selwechte wéi dee vum Theaterstéck.

Den Humor ass dréchen. Ass dat spezifesch fir Filmer aus nordesche Länner?

Ech sinn duerch eis Natur an eise Klima am Norden influenzéiert. Ech mengen, ech sinn net deen eenzegen deen eng Geschicht op déi Aart a Wéis erzielt. Ech mengen alleguerten déi nordesch Leit si méi introvertéiert.

Och d'Absurditéit spillt eng grouss Roll ...

Ech mengen datt d'Absurditéiten immens wichteg an dësem Film sinn. Eis ënnerlech Wënsch si ganz anescht, wéi wat d'Welt eis offréiert. An heiansdo ass dat witzeg, heiansdo ass et traureg. Et ass also wichteg ze verstoen, datt eis ënnerlech Wënsch eppes solle sinn, dat d'Welt eis och kann offréieren.

Mir ass opgefall, datt d'Faarwen am Film eng grouss Dimensioun anhuelen. War dat en Deel vun ärem stilistesche Konzept?

Jo, bal de ganze Film spillt sech just an engem Zëmmer of. An de Film ass sou opgebaut, datt d'Spectateuren direkt an eng rau Atmosphär eraklammen. An do spillt d'Luucht eng grouss Roll. Fir mech ass et e Film doriwwer, wéi mir eis Welt ronderëm acceptéieren. An d'Luucht am Film gëtt ëmmer méi waarm, soubal den Haaptcharakter d'Welt acceptéiert, wéi se ass.

Dir hutt de Film a just 13 Deeg gedréit

Jo an 13 Deeg an an der däischterster Zäit vum Joer. Mä dat ass gaangen, well mir jo bal just an engem Raum gefilmt hunn.

Piit Päsukee, villmools Merci

Lauschteren ITW Priit Pääsuke play_arrow

Reportage Priit Pääsukeplay_arrow