Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wierder an d'Faarwe vun der Natur

Een Thema, e Buch

D'Wierder an d'Faarwe vun der Natur

D'Wierder feelen eis sief et fir och nëmmen déi banaalste Landschaft ze beschreiwen. Mee dat war net ëmmer esou, schreift de franséischen Historiker Romain Bertrand a sengem Essai "Le Détail du monde. L'art perdu de la description de la nature".

auto_stories

7 min

"Ce n'est pas que le monde est muet, mais que nous avons oublié sa langue. Les choses sont là, fidèles au poste: ce sont les mots qui manquent à l'appel, et ce pour la seule et triste raison que nous les avons oubliés. Qui sait encore ce qu'est un élytre, et comment se comptent les tarses et les ocelles?"

Datt eppes vergiess gouf setzt viraus, datt et schonn emol gewosst war. Et gouf déi Zäit, an där een an eiser Kultur d'Natur nach konnt beschreiwen, oder sech op d'mannst beméit hat, eng Sprooch dofir ze fannen. Dat weist de franséischen Historiker Romain Bertrand, deen déi Period - graff gekuckt - vum Enn vum 18. bis an déi éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert datéiert.

An sengem Essai "Le Détail du Monde. L'Art perdu de la description de la nature", zeechent de Bertrand de Portrait vun Naturfuerscher a Kënschtler, respektiv vu Perséinlechkeeten, déi op eng Manéier béides waren, an déi sech op d'Sich gemaach haten. Et war virop d'Sich no de richtegen Ausdrocksmëttel - Wierder oder Faarwen - fir d'Natur, dat heescht d'Welt vun den Déieren, de Planzen, de Mineralien, an hirer Vilfalt ze beschreiwen. A wa méiglech och - wéi am Fall vum groussen däitsche Naturfuerscher Alexander von Humboldt - se an hirer Bezéiung zouenee, als een zesummenhänkend Ganzt duerzestellen, lass geléist vun der bis dohin dominanter Opfaassung, datt de Mënsch am Zentrum vun Allem géif stoen, well Gott dat esou gewollt hätt.

Un der Iwwerfläch bleiwen

De franséische Schrëftsteller Bernardin de Saint-Pierre war eng wichteg Inspiratiounsquell fir den Humboldt, dee fir seng Beschreiwunge Wierder mat Zeechnunge kombinéiert hat - d'Sprooch war him net genuch präzis. Sengersäits war den Humboldt e wichtegen Afloss fir de briteschen Insektefuerscher Alfred Russell Wallace, deen d'Evolutiounstheorie mat entdeckt hat, mee deem seng Roll an de Geschichtsbicher vum Charles Darwin an de Schied gesat gëtt.

De Wallace sollt spéiderhin erklären, datt dës Entdeckung dem Darwin an him selwer nëmmen duerch eppes konnt erméiglecht ginn : déi iwwerflächlech Observatioun vun de Bausseforme vun de Liewewiesen. An deem Zesummenhang hätt de Wallace - wéi den Historiker Romain Bertrand schreift - déi entscheedend Lektioun gezunn, datt den Dschungel keen eidelt Blat ass :

"Les plantes et les roches sont couvertes d'inscriptions en forme de nervures, de stries, de veinules, d'alvéoles. Sur les ailes et les carapaces des insectes se dessinent des figures d'une saisissante régularité, des motifs qui évoquent les runes d'une langue oubliée. Il y a là des syllabes, des mots peut-être - assurément les fragments d'un énoncé, les bribes d'une vérité. Ces syntagmes virevoltants, il ne suffit toutefois pas de s'en étonner. Il faut encore les collecter tous, les tirer par timbres, les assortir par échos, les ordonner par assonances pour, d'abord, établir un lexique des lueurs, puis - pourquoi pas? - composer un dictionnaire des surfaces listant chaque écorce, chaque écaille, chaque écale, chaque éclat. Car pour qui a compris que la jungle est un écheveau de strophes, le problème n'est pas tant de deviner la couleur des voyelles - 'A, noir corset velu des mouches éclatantes...' - que de débusquer les consonnes qui gîtent dans le méandre des ramées. La nature est un accrostiche sans fin - ou presque."

Poetesch Sprooch a Faarfnuancen

Ganz an der Traditioun vun de franséische Geeschteswëssenschaften, ass dem Romain Bertrand säi Stil grad esou poetesch wéi den Usaz, deen déi vun him presentéiert Auteure verfollegt haten. Déi literaresch Beschreiwung huet sech am Laf vun der Zäit weider entwéckelt. Wärend d'Romantiker haaptsächlech hir eege Gefiller an d'Natur projezéiert haten, goung et den Naturfuerscher, souwäit dat méiglech war, ëmmer méi ëm Sachlechkeet. Mee och dat verhënnert net d'Poesie:

"Les bigarrures d'une aile de papillon sont semblables à des glyphes, pareilles à des runes les marbrures d'un élytre. La nature porte sur elle, à même le corps gracile de ses créatures, les mots qui manquent aux hommes pour la décrire."

Wann een d'Fieder leie léisst an zum Pinsel gräift, da geet et net méi ëm Klangfaarf, da sicht een déi richteg Faarfnuance. Esou wéi de franséische Moler Louis Tinayre, deen den Hobby-Mieresfuerscher Albert I. vu Monaco Uganks vum 20. Joerhonnert op deem senge Reese ronderëm d'Welt begleet hat. Dem schottesche Planzemoler Patrick Syme seng Faarfnomenclature, eigentlech eng komplettéiert Versioun vun engem Wierk vum däitsche Mineralog Abraham Werner, war laang d'Referenz fir déi Palette un Nuancen, déi een an der Natur konnt fannen, klasséiert no Déieren-, Planzen- a Mineraliewelt:

"Dans cette course aux assonances visuelles, le 'rouge tuile' correspond à la gorge du bouvreuil mâle et au calice du Mouron de Monel (Anagallis monelli), une primulacée du littoral méditerranéen. Le 'vert noirâtre', lui, équivaut à l'élytre moiré du Méloé violacé - un coléoptère de large distribution géographique -, aux 'traînées sombres sur les feuilles du poivre de Cayenne' et aux parties foncées de la serpentine. Tandis que le 'bleu de Prusse' étincelle sur les rémiges secondaires du colvert et sur les étamines de l'anémone pourpre, c'est sur les pétales de la Bourrache officinale et les ailes du papillon. Bel argus qu'il faut s'en aller chercher le véritable ultramarin. Quant au 'bleu-gris', il miroite tantôt sur le dos de la mésange bleue, tantôt sur la corolle de la Nigelle de Damas - une variété de renoncule qui affectionne les sols sablonneux."

Den däitschen Zoolog Ernst Haeckel hat sech spéiderhin en Numm gemaach mat senge "Kunstformen der Natur", ee Buch, an deem hien d'Evolutioun vun Déierenaarte präzis unhand vun typiséierten, faarwegen Illustratioune beschriwwen hat - eng Demarche, wéinst där den Haeckel am Wëssenschaftler-Milieu awer an den Abseits gedriwwe gi war well se net genuch eescht gewiescht wier:

"A mesure que l'art et la science prenaient leurs distances, les lexiques et les nuanciers se sont appauvris. Dès lors, faut-il nous étonner que les océans et nos récits à même cadence se soient dépeuplés?", sou déi rhetoresch Fro vum Romain Bertrand.

Déieren doutmaache fir se ze studéieren

Datt de Spezialist vun der Kolonialgeschicht sech fir d'Evolutioun vun den Naturwëssenschaften am 19. Joerhonnert interesséiert ass keen Zoufall. D'Herrschaft vu Mënschen iwwer aner Mënschen a vun de Mënschen iwwer d'Natur sinn enk matenee verbonnen. Virun allem duerch d'Element vun der Gewalt. Millioune Päiperleken a soss Insekte goufe gefaangen an ugespéngelt, gréisser Déieren goufen erschoss, sezéiert a preparéiert, alles dat ënnert dem Virwand vun der Wëssenschaft. Och een Alfred Russell Wallace huet do matgemaach, bei aller Léift fir d'Natur.

"La curiosité éclairée, zitéiert de Romain Bertrand den Ornithologue Edmund Selous, Spezialist vun den Spatzen, a été engloutie par la soif de sang, et le plaisir vulgaire de la mise à mort l'a emporté en nous sur ceux, plus élevés, de l'observation et de la déduction. Nous avons étudié les animaux qu'afin de les tuer, ou ne les avons tués qu'afin de les étudier. Nos zoologistes n'ont été que des thanatologues. Le savoir ainsi glané, fût-ce par le sportif-naturaliste, s'est révélé des plus minces et des plus dépouillés, car il n'y a presque rien à observer dans l'intervalle qui sépare la vue de la proie de la détonation du fusil. L'observation s'est habituellement achevée au moment même où elle aurait dû commencer."

Iwwerdeems waren déi meeschte koloniséiert südost-asiatesch Populatioune fäeg, Dosende vun Seechomessen- oder Harespelenaarte vun eneen z'ënnerscheeden, ouni dofir sief et och nëmmen een Insekt mussen ze sezéieren, kommentéiert de Romain Bertrand:

"décrire sans détruire est bel et bien possible. Il faut simplement, pour cela, accepter de rester à la surface des choses. Les pionniers de l'entomologie britannique - les ancêtres de Wallace et de Darwin - ne l'entendaient d'ailleurs pas autrement."

De villsäitege Britt Tom Harrison, deen ënnert anerem als talentéierten Ornitholog an Anthropolog bekannt gi war, hat sech an dës Traditioun agereit. Op d'mannst emol a sengem Bestriewen, d'Vullen an hirem natierleche Milieu mat der Spektiv z'observéieren, ouni sech dobäi selwer bemierkbar ze maachen. Den Harrison sollt spéiderhi genee déiselwecht Method bei de Mënschen applizéieren, an domat säi Bäitrag bei der Weiderentwécklung vun der "observation participante" an der Soziologie leeschten.

"(...) l'infinie variété des êtres vivants à nouveau se donne à voir. L'arbre compte plus que la forêt, l'oiseau plus que la nuée.

Ainsi nous est-il donné de prendre soin du monde. Car les êtres naturels sont comme les être chers: il n'est possible, pour les aimer tous, que de les aimer un par un."