Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wierklechkeet ass just e Schiet vum Wuert

Literaresch Rares

D'Wierklechkeet ass just e Schiet vum Wuert

Wousst Dir schonn, datt d'Tapéite schwätze kënnen? A wéi een d'Stären asammelt, déi erof gefall sinn? Huet Äre Papp och Vullenhochzäiten organiséiert? An hutt Dir Iech scho gefrot, ob de Moie schonn opgestanen ass? Hutt Dir schonn e Gesiicht kannt, dat sech vergiess huet? An hutt Dir scho mat Safran de Buedem gebotzt? Dat alles ass wierklech geschitt.

auto_stories

3 min

"Die Zimtläden", Erënnerungen un d'Kandheet mat philosopheschen Iwwerleeungen.

An der galizescher Stiedchen Drogobych, haut Ukraine, ass den an den 1930er Joren erfollegräichen an ëmstriddene Schrëftsteller, Graphiker a Moler Bruno Schulz gebuer. Hien ass an enger jüddescher Famill opgewuess, déi sech mat der polnescher Kultur a Sprooch identifizéiert huet. Säi Papp hat e Stoffbuttek, deen hie wéinst schwéierer Krankheet an der Konkurrenz vu Grossisten huet mussen opginn.

De Bruno Schulz hat ugefaangen Architektur ze studéieren, mee wéinst dem Ufank vum éischte Weltkrich an eegene gesondheetleche Problemer huet hie säi Studium missen opginn.

De kranke Papp, déi galizesch Stiedchen an de Stoffbuttek sinn déi zentral Themen, ronderëm déi dem Bruno Schulz seng Erënnerungen dréinen. Erënnerungen, déi esou onwahrscheinlech irreell sinn. An awer net all ze friem.

Si erënneren de Lieser un eege Kandheetsdreem a -fantasien. Beim Bruno Schulz ass et net nëmmen dat Fantastescht, wat seng Erzielunge sou besonnesch mécht. Seng surrealistesch Zeene verleeden zu philosophesche Froen, seng Metaphere féieren an d'Mythologie a säi bal antike Vokabulär gëtt mat wëssenschaftlechen Ausdréck vermëscht.

"Eng mythesch Geschicht vun enger bestëmmter Famill", huet de Bruno Schulz seng Geschichte genannt. En huet se ënner dem Titel "Die Zimtläden" versammelt. Kandheetserënnerunge, gemëscht mat den Dreem, Fantasien, Ängschten a Virstellunge fëllen des phantastesch Erzielungen.

De Papp, de groussen Denker

De Bruno Schulz benotzt eng Onmass vun Adjektive fir Mënschen, Planzen, Saachen a Situatiounen ze beschreiwen. Ob hie vu Rideaue schwätzt, vun der Rou, vun der Mëttesstonn oder just eng Dier beschreift. All Ausféierung ass voller ongewéinlecher an awer stëmmeger Poesie.

An tëschent all dëser Schéinheet vun der Sprooch kënnt de Papp, de groussen Denker. Hie setzt sech engersäits mat parapsychologesche Begrëffer auserneen. Anerersäits beschäftegt hie sech mat der Entwécklung vun der Technik an der Wëssenschaft. De Papp fillt mat de Déieren, mat de Plazen. Hie freet sech wéi vill leident, verkrëppelt, fragmentaresch Forme vum Liewen et gëtt.

An nennt dann als Beispill, dat kënschtlech zesummegepechtent, mat Neel graff zesumme gebaute Liewe vu Schief an Dëscher: Déi fuerchtbar Transplantatioune vu sech friemen a sech haassenden Zorte vu Holz, déi zu engem eenzeger onglécklecher Perséinlechkeet zesumme verschweesst ginn.

Eng Erausfuerderung fir de Lieser

Et gi Froen opgeworf iwwer d'Matière an iwwer d'Zäit, iwwer den Ufank vum Liewen an iwwer d'Enn vun der Welt. An esou, wéi de Fortschrëtt an existenziell Sujeten thematiséiert ginn, esou sinn d'Erzielungen och voller Exkursen an d'Mythologie an an d'Entwécklungsgeschicht vum Mënsch. Et gëtt ëmmer erëm en Zesummenhang tëscht der Evolutioun an der Bedeitung vun der Sprooch an tëscht dem eenzele Wuert.

Dem Bruno Schulz seng Erzielunge fuerdere vill vum Lieser, well si op ganz vill verschidden Niveauen opgebaut sinn. Hie schafft mat der Poesie grad esou wéi mat komplizéierte Fachausdréck. Bedéngt sech ganz minutiéise Beschreiwungen a komplexen Erkenntnisser

An esou verléiert de Lieser sech an de Stroossen, well d'Fassaden all blo an eidel sinn. Wann den Dag sech aus dem brongen Niwwel gewéckelt huet, fir engem Kondor, dee wéi e buddhistesche Lama ausgesäit, géigeniwwer ze setzen an um Bord vum Schicksal Rousejus ze drénken.

"Die Zimtläden" an "Das Sanatorium zur Sanduhr" sinn déi zwee eenzeg Wierker vum Bruno Schulz. Vun 1941 war hien am Ghetto vun Drogobisch. Hien ass 1942 vun engem SS-Mann erschoss ginn, wéi hie probéiert huet aus dem Ghetto z'entkommen.