Radioen

On air

Notturno  |  Aoife Nessa Frances - Way To Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Buchpräis: de Frank Witzel am Interview

Literatur

Däitsche Buchpräis: de Frank Witzel am Interview

En huet als absoluten Aussesäiter gegollt. Deementspriechend ass de Frank Witzel iwwerrascht, datt hien dëst Joer den Däitsche Buchpräis kritt. Säin 800 Säite laangt Wierk war uganks vun enger Rei Editiounshaiser refuséiert ginn – als gutt, awer ze vill komplex.

auto_stories

3 min

Frank Witzel an Nathalie Bender

Die Erfindung der Roten Armee Fraktion durch einen manisch-depressiven  Teenager im Sommer 1969 – schonn alleng den Titel vum Gewënner vum Däitsche Buchpräis 2015 ass vun enger gewësser Längt. An d'Längt vum Roman  war och fir d'éischt d'Argument fir d'Editiounshaiser, fir dem Frank Witzel eng Ofso ze schécken, wann och eng frëndlech. "Et huet een et gutt fonnt a gesot, et 'ass e super Text'. Mee de Volume, de Stil, d'Komplexitéit – dowéinst ass d'Manuskript refuséiert ginn", sou de Frank Witzel op der Frankfurter Buchmesse. Emsou méi iwwerrascht ass den Auteur elo. Et wier e Gefill vun Irrealitéit, den Däitsche Buchpräis ze gewannen. "Dat ass alles ganz onvirstellbar", sou de Frank Witzel.

Effektiv sinn d'Handlungsträng vun Die Erfindung der Roten Armee Fraktion durch einen manisch-depressiven  Teenager im Sommer 1969 komplex. Erzielt gëtt notamment aus verschidde Perspektiven. Souguer wou d'Buch op d'Shortlëscht vum Däitsche Buchpräis koum, ass et ëmmer nach Aussesäiter gehandelt ginn. Deemno huet keen dru gegleeft datt grad dat Wierk zum beschten däitsche Buch 2015 géif gewielt ginn.

E Mammutwierk, entstaan iwwer 15 Joer 

Anescht wéi den Titel et undeit, geet et am Buch net reng em d'RAF oder eng schwiereg Jugend: "Een dee mengt et géif em d'RAF goen, dee wäert iwwerrascht sinn, fir net ze soen enttäuscht", seet de Frank Witzel, den den Accent éischter op d'Erfindung geluecht huet. D'Geschicht spillt Enn de 1960er Joeren an erzielt déi vun engem Teenager, dee versicht, mat Hëllef vu senger Fantasie, déi politesch Verännerunge vun der Zäit ze verschaffen.  De jonke Mënsch gëtt méi al, an domat taucht de Lieser och an d'80er, 90er an 2000er Joeren an. "Sou gëtt emmer reflektéiert wéi d'Vergaangenheet haut gesi gëtt, iwwer verschidden Textformen, verschidden Erzielniveauen. Ze fanne sinn eng laang Ried, e Theaterstéck an och méi essayistesch Passagen", erkläert de Frank Witzel.

Die Erfindung der Roten Armee Fraktion durch einen manisch-depressiven  Teenager im Sommer 1969  (Matthes&Seitz-Verlag Berlin) ass e Mammutwierk, dee sech liest wéi e Fotosalbum aus vergaangene Joeren. 15 Joer huet de Frank Witzel dru geschriwwen. Eng Arbécht déi also elo belount ginn ass.