Invité am Moies-Magazin Darkness into Light Luxembourg
An iwwer 200 Stied weltwäit huet d'Marche Darkness into light de Samschdeg op Depressioun a Suizidgefor opmierksam gemaach. Zu Lëtzebuerg gouf dëst Joer déi éischte Kéier eng Darkness into Light Marche organiséiert.

Am schloe Reen hunn de leschte Samschdeg e puer Honnert Leit sech moies um fënnef Auer vum Centre Altrimento an der Stad aus op de Wee gemaach fir ze weisen, symbolesch, datt kee muss eleng goen, an datt et e Wee vun der Däischtert an d'Liicht gëtt - vun der Nuecht an den Dag - Darkness into Light.
D'Nathalie Bender huet mat Participanten an Organisateure geschwat.