Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat schiifst Gebai vun der Welt?

Kultur

Dat schiifst Gebai vun der Welt?

Den 9. August 1173, also op den Dag genee virun 845 Joer, ass de Grondstee fir den Tuerm vu Pisa geluecht ginn. D'Architektur war als autonome Klackentuerm fir den Noper, den Doum vu Pisa, geduecht. Zwielef Joer nom Ufank vun de Bauaarbechten huet d'Konstruktioun ugefaangen ze kippen. D'Torre pendente ass haut d'Symbol vu Pisa, mee handelt et sech och ëm dat schiifst Gebai vun der Welt?

auto_stories

3 min

Den Albdram: do haten italienesch Architekten, dorënner de Sculpteur Bonanno Pisano, esou e prächtegen, ronnen 100 Meter héije Klackentuerm aus Marber op d'Blat gezaubert, mee wéi si du konkret um drëtte Stack Hand ugeluecht hunn, huet d'Konstruktioun sech lues awer sécher geluecht. D'Torre, déi net just fir schéi Kläng suergen, mee déi och als Protectioun bei Gefor fir Kleriker an all méiglech Kierchevertrieder geduecht war, ass selwer zu enger Gefor ginn. Grond dofir war e wackelege Grond: de leemege Mouer an de Sand hu sech ënner dem impressionnante Gewiicht deforméiert.

Eréischt rezent Ausgruewunge konnten allerdéngs konkret Erklärungen a Saache Fundament bréngen: den Tuerm schéngt um Bord vun enger fréierer Insel ze stoen, direkt nieft engem anticken Hafebaseng, dee scho beim Tuermbau-Ufank voller Sand war. D'Tuermbau-Equipe huet also am duebele Sënn de Kapp an de Sand gestach an de Chantier einfach emol 100 Joer roue gelooss.

Unesco-Weltkulturierwen

Et war net den eenzege Baustopp, esou datt d'Torre eréischt 200 Joer drop, 1372, fäerdeg war. No 55 Meter Héicht war Schluss, siwe Klacke bompelen am Tuerm, déi awer laang net hunn dierfe lauden, well d'Gebai hätt kéinten zesummefalen. Bis haut gëtt zu Pisa gepléischtert, restauréiert, sanéiert, mat Bläibarren als Géigegewiicht gestäipt, mee wahrscheinlech ass et genee duerch esou Aktiounen, datt d'Torre am Gespréich, also eng Berühmtheet, bleift.

1987 hat et den Tuerm mat sengem Entourage bis op d'Lëscht vun den Unesco-Weltkulturierwe gepackt. A bis an d'Guiness-Buch vun de Rekorder? Do hat de Pisa-Tuerm och laang d'Nues vir. Bis op anere Plazen emol nogemooss gouf. Wat sech d'Ostfriesen zum Beispill scho laang Jore geduecht haten, gouf 2010 offiziell confirméiert: de Kierchtuerm zu Suurhausen bei Emden huet eng Inclinaisoun vu 5,19 Grad, bei der berühmter Torre vu Pisa sinn et der just 3,97. Och am 1.200-Awunner-Nascht Suurhausen ass de Grond fir d'Kippe responsabel.

Den Tuerm vu Pisa ass net dee schiifsten op der Welt

D'Kierch war op Eechestämm gebaut ginn, déi hu Joerhonnerte laang am Waasser geleeën a sinn esou konservéiert ginn. Wéi am 19. Joerhonnert d'Lännereie ronderëm dréche geluecht goufen, hunn d'Stämm ugefaange mat faulen. Zanter 1975 dierf kee méi op de Kierchtuerm, e kéint zesummebriechen. Déi bosseg Konstruktioun ass just nach vu baussen ze bewonneren. Zu Pisa hätt een elo kéinten argumentéieren, datt de Suurhausen-Tuerm nach net esou laang schif ass. Et blouf allerdéngs net vill Zäit fir ze streiden oder ze stëppelen.

E puer Méint drop sinn zu Abu Dhabi nämlech d'Aarbechte fir den 160 Meter héije Capital Gate Tower, e Multifunktiouns-Héichhaus mat Bürosraim a fënnef-Stären-Hotel op 35 Stäck, lassgaangen. Fir d'Ouverture 2011 war de Guiness-Buch-vun-de-Rekorder-Diplom scho fäerdeg. Mat 18 Grad Inclinaisoun ass de Capital Gate effektiv dee schiifsten Tuerm vun der Welt. Allerdéngs misst een an dësem Fall vun Inclinaisoun mat Intentioun schwätzen. De briteschen Architekt Robert Matthew Johnson Marshall wollt ganz bewosst dee schiifsten Tuerm vun der Welt realiséieren.