Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bert Theis ass dout

Zäitgenësseg Konscht

De Bert Theis ass dout

De Bert Theis ass dout. De lëtzebuerger Geigewaartskenschtler mat konzeptuellem Schwéierpunkt ass no laanger Krankheet am Alter 64 Joer gestuerwen. De Bert Theis huet ënnert anerem am Mudam ausgestallt, mee hat och eng international Renommee. Bekannt gouf de Kënschtler, dee meeschtens zu Mailand gelieft huet, duerch e falschen Pavillon "Potemkin Lock", deen hien 1995 op der Biennale vun Venedeg opgeriicht huet.

auto_stories

2 min

Bert Theis (Foto:Kulturstruktur)

Dee falsche Pavillon hat de Bert Theis 1995 zu Venedeg tëscht dem hollänneschen an dem belsche Pavillon realiséiert, och wann d’Lëtzebuerger Nopeschlänner d’Autorisatioun fir de Pavillon ze baue refuséiert haten. Dem Bert Theis seng Wierker hu missen eng Funktioun hunn. Si waren net nëmmen als Design-Objeten unzegesinn.

Et geet net ëm d’Verschéinerung, mä éischter drëms d'mënschlech Communautéit oder dat Gemeinsamt weider ze bréngen. Seng Aarbechte fonctionnéieren als fräi a gratis Fixpunkten an enger diversifiéierter Gesellschaft, an am Fong sti seng Wierker an enger Interaktioun mat Persounen oder dem richtege Liewen.

Dem Bert Theis säi Pavillon zu Venedeg (1995)

Lëtzebuerg a Mailand

De Bert Theis, deen den 9. Februar 1952 an der Stad gebuer gouf, huet meeschtens zu Mailand gelieft a geschafft. An deene leschte 15 Joer huet de Bert Theis sech virun allem zu Mailand am Konschtprojet "Isola" mat aneren Artisten, Philosophen, Wëssenschaftler, Studenten an Awunner vum Quartier Isola engagéiert. Wou si sech zesumme fir eng al Industriebrooch a Parkanlag agesat hunn. E Projet mat villen Héichten an Déiften. Den Initialprojet "Isola Art Center" ass dunn awer d’Affer vun engem grousse Bauprojet mat Héichhaiser ginn. Awer et goung weider. Et huet een nees ugefaangen an en neie Projet lancéiert. Den "Isola Pepe Verde" , wéi de Bert Theis 2014 am 100,7-Interview erzielt huet:

"Dat ass ee selbstverwalte Park, vill méi kleng wéi dee wou mir haten. Mä dee gëtt vun den Awunner an de Kënschtler selwer verwalt. An där ganzer Geschicht hu mir probéiert och eng Theorie z'entwéckelen iwwert dat wat mir als Künstler a Curateuren do gemaach hunn . Mir hunn do en neien Terme geschaf, deen heescht "Fight Specific". Also, dat ass bëssen e Wuertspill mam "Sight Specific", also spezifesch fir eng Plaz, een Uert. Dat heiten ass ebe Konscht déi sech op enger Plaz mat de Leit beschäftegt, déi do wunnen an déi do schaffen. A wann déi Leit sech fir iergend eppes asetzen, schaffen d'Künstler mat hinnen dodrun."

De Bert Theis ass am Alter vu 64 Joer zu Hiefenech gestuerwen. Fir 2019 huet de Mudam eng grouss Ausstellung mat Wierker vum Kënschtler geplangt.