Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nick Waterhouse - Late In The Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bicherbus vun der Christiane Kremer

Literatur

De Bicherbus vun der Christiane Kremer

"De Bicherbus" erzielt d'Geschicht vun enger Fra, déi hiert Liewen ännere wëllt. Deen éischte Roman vun der Christiane Kremer ass mat Pepp an Humor erzielt, huet awer och seng Längten.

auto_stories

4 min

D'Corinne, eng Fra am mëttleren Alter, decidéiert sech vun hirem Mann ze trennen. E Bestietnes, an deem si am Schiet vum Joé, Jurist a politeschen Opsteiger, stoung.

Op der Sich no engem neie Liewen

Déi zwee hu sech am Lycée kennegeléiert, hien ass op d'Uni gaangen, si op eng Bank schaffen. Et war fir béid kloer, datt si hiert Liewen zesumme wollte verbréngen, eng Famill grënnen. Iergendwann, wou de Joé politesch Karriär wollt maachen, huet d'Corinne och hir Aarbecht opgi fir hirem Mann "de Réck fräizehalen".

Iergendwann hat si es genuch een Deel vun enger Welt ze sinn, déi hir net ass a probéiert hiren eegene Wee ze goen. Dee Wee féiert si op d'ADEM, awer och an de Bicherbus, an dee si eigentlech guer net wollt eraklammen. Et ass awer dee Bicherbus, deen hiert Liewen op ville Pläng verännert. Si entdeckt net just hir Léift fir Bicher erëm, mee si mécht och do eng Renconter, déi hiert Denken an Handele staark beaflosst.

Mir si virun de virgezunne Walen am Joer 2013, enger politesch turbulenter Zäit. Eng opreegend Zäit fir de Joé, awer och fir d'Corinne, well si do an e Mëttelpunkt gestallt gëtt, dee si net wollt hunn.

De Bicherbus ass deen éischte Roman vun der Kannerbuchautorin, Iwwersetzerin, Editrice a Kulturjournalistin Christiane Kremer.

Ee Buch, dat sech net alles traut

E Roman, dee mat gewëssenem Pepp an Humor ufänkt, sech dann awer iwwer vill Säiten an d'Längt zitt, éier et dann am leschten Deel erëm méi lieweg gëtt.

D'Corinne ass eng gelangweilt, awer och fuerchtbar langweileg Fra, déi sech am Fong geholl näischt traut, mol net eng zweet Kippchen ze drénken. Si ass onsécher a vu schlechtem Gewësse geplot, engersäits wëllt si liewen, mee si weess net richteg wéi. Bis eben den nächste Mann an hiert Liewen trëtt an hir d'Ae fir dat Schéint opmécht. Mee och dës Relatioun dierf net sinn, well si net dem Mainstream entsprécht. Op d'mannst do hätt ee sech e bësse méi Feieregkeet erwaart, mee ëmsoss.

Esou wéi d'Corinne an allem zéckt, zéckt d'Christiane Kremer och hire Personnagen ausgeräift Formen, Ecken a Kanten ze ginn, et ass alles verhalen, brav a wa mol kéint eng Grenz iwwerschratt ginn, passéiert just e Réckzuch, oder et bleift op der Plaz.

D'Corinne sicht eng Aarbecht. Net well si finanziell schlecht do steet, si wëllt onofhängeg sinn, mee iergendwéi ass dat net genuch Motivatioun. Hir Terminer um Aarbechtsamt weisen e bëssen d'Prekaritéit vun der Aarbechtslosegkeet, mee och hei bleift alles bleech a belanglos. Grad wéi hir Lecture. Et ginn eng ganz Rei Bicher opgezielt, déi d'Corinne gäre liest, mee wat si vun dëser Literatur mathëlt, bleift ee Geheimnis.

An dat ass schued, well d'Christiane Kremer huet Fantasie an Empathie, wat si dacks an hire Kannerbicher bewisen huet. Och am "De Bicherbus" ginn et ganz beandrockend Fragmenter, déi am Ufank vu verschiddene Kapitele stinn. Et sinn Dreem, déi d'Corinne wakereg maachen an dacks net schlofe loossen an dës kuerz Sequenzen huelen ee mat.

Vläicht hätt et der Geschicht och gutt gedoen, se ze kierzen, de Gedankegäng méi Déift ze ginn, dat Dramatescht méi dramatesch maachen. Et fillt een net richteg mat der Corinne, well hir Problemer am Fong geholl keng sinn, an een dann och zimmlech kal loossen.