Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Buedem ënner de Féiss verluer

Offiziell Kompetitioun

De Buedem ënner de Féiss verluer

De Manktem un Halt am perséinleche Liewen, virum Hannergrond vun der moderner Aarbechtswelt, domat beschäftegt sech déi éisträichesch Realisatrice Marie Kreutzer an "Der Boden unter den Füssen".

auto_stories

2 min

D'Lola (Valerie Pachner), eng éiergäizeg Firmeberoderin, ass drop an drun ee gréissere Projet ofzeschléissen. Allerdéngs geréit déi jonk Fra ëmmer méi ënner Drock: d'Stonnen op der Aarbecht gi méi laang, an och hir psychesch krank Schwëster ass eng Belaaschtung.

Der Éisträicherin Marie Kreutzer hire véierte Film "Der Boden unter den Füssen" (internationalen Titel: The Ground beneath my feet) spillt sech virum Hannergrond vun der moderner (Büro-)Aarbechtswelt of. Thematiséiert ginn d'Zerstéierung vun Aarbechtsplazen (déi duerch extern "Experte" justifiéiert gëtt), d'Manie vun der Selbstoptimisatioun (d'Lola, dat um Hometrainer viru sech hi schweesst) oder och d'Ideologie vun der Teamaarbecht (jidderee kuckt a Wierklechkeet just no sengem eegene Virdeel).

Keen Halt am Liewen

Kee Wonner, datt d'Lola esou lues ënner d'Rieder kënnt... Mee déi jonk an ambitiéis Fra huet och soss keen Halt am Liewen, deen et hir géif erlaben, den Drock auszehalen an de "Buedem ënner de Féiss" net ze verléieren. Si ass Weesekand, huet kaum Kollegen, lieft méi dacks an Hotelszëmmere wéi an der eegener Wunneng, ass als Fra dem Sexismus vu männleche Mataarbechter ausgesat.

Dobäi kënnt eng komplizéiert Libesbezéiung mat der eegener Cheffin, déi wuel tëschent Beruff a Privatliewe kann trennen - net ëmmer zum Lola sengem Virdeel. Virun allem beschäftegt d'Lola de Gesondheetszoustand vu senger méi aler Schwëster, dat u Schizophrenie a Paranoia leit, a probéiert huet sech d'Liewen ze huelen.

Burnout oder psychesch Krankheet?

D'Kombinatioun vun all deene Belaaschtungsfacteure wierkt sech op dem Lola seng eege Gesondheet aus. Ass et Burnout? Oder ass d'Fra selwer vun enger psychescher Krankheet, fir déi d'Unzeeche sech usammelen (ënnert anerem de Motiv vum Spiggel fir d'Schizophrenie unzedeiten), betraff? Ganz raffinéiert léisst d'Regisseurin de Spectateur an Onwëssenheet. De Film beweegt sech permanent op der Grenz, riskéiert ëmmer op déi eng oder aner Säit ze kippen, wat d'Spannung bis zum Schluss oprecht erhält.

Besonnesch interessant ass d'Konstellatioun vu Personnagen Lola-Schwëster/Lola-Cheffin, een Dräieck, deen e komplext Spigel-Spill vun Ambivalenzen ergëtt: krank-gesond, blond Hoer-brong Hoer, ënnerleeën-iwwerleeën, asw.

"Der Boden unter den Füssen", dee viru Kuerzem op der Berlinale gewise gouf, ass sécherlech ee vun deene beschte Filmer an der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.


"The Ground beneath my feet" (Der Boden unter den Füssen) leeft dësen Donneschdeg 14. Mäerz um 21:15 an der Cinemathéik, an e Freideg 15. Mäerz zm 16:30 am Utopia.