Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Coming out vun engem Familljepapp

Jean-Paul Maes - Rehaugen

De Coming out vun engem Familljepapp

A sengem éischte Roman mam Titel "Rehaugen" beschreift de Lëtzebuerger Theaterauteur, Theaterregisseur a Schauspiller Jean-Paul Maes op eng ganz intimistesch Manéier de Versuch vum Coming Out vun engem Familljepapp.

auto_stories

3 min

De Lucien ass mam Karin bestuet. Hien ass Viraarbechter an der Baufirma vu sengem beschte Kolleeg, dem Jeff an ass Papp vun zwee bal Erwuessene Jongen.

Seng Fra ass Physiotherapeutin. Eng Lëtzebuerger Famill aus dem Mëttelstand, där et finanziell a sozial gutt geet, mee de Lucien, ëm 50 Joer al, ass net glécklech. Hien fillt sech net richteg a sengem Kierper, hien fillt sec als Fra gefaangen an engem Kierper vun engem Mann.

Dat ass näischt Neies, nei ass, datt de Lucien decidéiert huet, säin bis dohinner wuelbehiddent Geheimnis sengem Ëmfeld mat ze deelen.

Op ronn 450 Säite beschreift de Jean-Paul Maes dem Lucien seng Virbereedungen op säin Coming Out. Mir léiere seng Famill, säin Alldag kennen awer et ass net just dem Lucien seng Vue op des Etappe vu sengem Liewen, mee och déi vu senger Fra Karin.

D'Ängschte kommen zum Virschäin

Ofwiesselend an a ganz kuerzen Abschnitter wiesselt d'Erzielperspektiv an déi ënnerschiddlech Gefiller, Ängschten, Observatiounen, Analysen an Onsécherheeten kommen zum Virschäin.

Wärend de Lucien sech zréckzitt fir an e puer geklaute Momenter kënne Lucie ze sinn, Räck, Tallekeschong, Nylonsstrëmp, Parécken a Lëppestëft ausprobéiert a sech op en neit Liewen virbereet, fäert d'Karin, datt de Lucien eng Affär huet. Och si huet Suerge mat sech. Si huet Angscht virum Alter, virum Verloscht vun der Attraktivitéit.

Wärend d'Karin sech op d'Feier vun hirem Hochzäitsdag freet, huet de Lucien Angscht virun de Reaktiounen, där vu senger Fra, vu sengen zwee Bouwen, awer och sengem Kolleeg an och den Aarbechtskolleegen.

En onerwaarte Schluss

Op eng ganz intimistesch awer buedemstänneg Manéier analyséiert de Lucien oder méi richteg, d'Lucie hiert Wiesen. Wat ënnerscheet si vum Lucien? Op sexueller, emotionaler a sozialer Ebene. Wéi wäert hiert Liewe sinn, nodeem si sech geout huet? Op alle Fall ass si iwwerzeegt, datt si just da glécklech ka sinn, wa si sech net méi verstoppe muss.

D'Reaktioune vun de verschiddene Leit sinn dann och interessant. Eng Fro vu Generatiounen? Vun der Oppenheet?

De Schluss, ganz dramatesch, awer och opschlussräich a vläicht net esou, wéi een dat op den éischte Moment mengt.

An d'Rehaugen?

D'Karin begéint engem Réi ëmmer erëm, et këmmert sech drëm.

D'Ae vun engem Réi sti fir d'Schéinheet, fir d'Treiheet awer och fir Déifsënnegkeet. Déi feelt verschiddenen Protagonistinnen dann och definitiv an dësem Buch, ass awer aneren dofir ëm sou méi ginn.

E komplexe Sujet, deem sech de Jean-Paul Maes mat ganz vill Sensibilitéit hi ginn huet. E Roman, dee sech ganz gutt liest, net langweilt. Näischt ass opgesat, net pretentiéis. Absolut liesenswäert.