Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fausti

Am Gespréich

De Fausti

Hie gehéiert ouni Zweiwel zu de ganz groussen Entertainer déi Lëtzebuerg erlieft huet, en huet mat senger Danzmusek Generatiounen markéiert.

auto_stories

2 min

Hannendru stécht och nach e aussergewéinleche Museker, e Multi-Instrumentalist. De Faustino Cima, oder besser de Fausti. Museker, Entertainer, Begleeder, fir kee Witz verleeën, an d'Stëmm vu ville Personnagen a Filmer. Eng Lëscht, déi een nach a nach ka weider féieren, mat deem, wat de Fausti schonn alles gemaach hues.

Als jonke Mënsch huet de Fausti seng Léift zur Musek entdeckt, en huet am Conservatoire Solfège gemaach, mat engem éischte Präis ofgeschloss. E spillt Akkordeon, Batterie, Gittar, Gei, Klarinett an och Bas-Gei. An dobäi kënnt nach d'Instrument, dat en ëmmer bei sech huet: seng Stëmm.

Éischter duerch Zoufall koum de Fausti un d'Sangen, mee dat sangen huet sech bei him zu enger Passioun entwéckelt. Scho mat 13 Joer ass de Fausti Danzmusek spille gaangen, spéider huet hie wéi kee aneren d'Fuesent zu Lëtzebuerg markéiert. Hien ass esouguer engem Sondage no, mat ee vun de bekanntste Lëtzebuerger.

Zanter zwee Joer ass et méi roueg gi ronderëm de Fausti, gesondheetlech Problemer an en Trauerfall hunn him zougesat. Mee säin Humor an seng Loscht mat Leit ze schwätzen huet en awer net verluer.

Am Gespréich mam Jean Claude Majerus gëtt vu Musek geschwat, iwwer dem Fausti seng Kandheet, e ganze Coup Anekdoten an natierlech, wéi et him haut geet.