Radioen

On air

Tockcity  |  Bob Vylan - Makes Me Violent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De franséische Film dominéiert de groussen Ecran

Kino

De franséische Film dominéiert de groussen Ecran

auto_stories

4 min

Den Ulrik Munther spillt d'Haaptroll an "The Here After" Foto: Imagine Film

The Here After

Vläicht erënnert sech deen een oder aneren dorunner, datt "The Here After" schonn am Fréijoer am Kader vum Luxembourg City Film Festival gewise gouf. Den drëtte Film vum schwedesche Realisateur Magnus Van Horn leeft elo am reguläre Programm vum Ciné Utopia.

Dës schwedo-franco-polnesch Produktioun kéint vun hirer Ästhetik an hirer allgemenger Däischtert genau esou gutt aus Éisträich sinn.

"The Here After" erzielt op eng bedréckend a sober Manéier aus dem Liewe vun engem Jugendleche no senger Prisongsstrof, déi hie wéinst engem net weider ernimmte Crime huet missen ofsetzen.

Hien a säi Papp versichen hiert alldeeglecht Liewen nees opzehuelen, Mee d'Schoulkollegen, d'Duerf, spréch d'Gesellschaft am Allgemengen ass alles anescht ewéi bereet, dem Jong seng Fräiheet ze loossen.

Et ass een op alle Niveauen, inhaltlech ewéi formal, kale Film. Mat luesem Rythmus mécht "The Here After" et dem Spectateur net einfach. Esou munch ee kéint de Film schwéier verdaulech fannen.

An der Haptroll: de jonken Ulrik Munther dee mat senger alleréischter Roll vu senger Carrière beandrockt.

Le fils de Jean

Nodeems de Philippe Lioret zwee Filmer mam Vincent Lyndon realiséiert huet, huet hie fir "Le fils de Jean" de Pierre Deladonchamps engagéiert. Hien hat virun e puer Joer am Guiraudie sengem Meeschterwierk "L'inconnu du lac" d'Haaptroll.

Dem Pierre Deladonchamps säi Personnage ass Ufank 30 an huet säi Papp ni kennegeléiert. Bis op eemol den Telefon schellt an et sech erausstellt, datt genau dëse Papp verstuerwen ass. Et stellt sech niewebäi och nach eraus, datt de Protagonist zwee Bridder huet.

Hien entscheet a Kanada ze reesen. Do muss sech de Protagonist awer domat ausernee setzen, datt kee vu senger Existenz weess. An datt wahrscheinlech och keen eppes vu senger Existenz wëll wëssen.

"Le fils de Jean" baséiert op der literarescher Virlag "Si ce livre pourrait me rapprocher de toi" vum Auteur Jean-Paul Dubois. An der filmescher Adaptatioun spillen de Gabriel Arcand, d'Catherine de Léan an d'Marie-Thérèse Fortin mat.

Moka

D'Nathalie Baye, eng Bekannten aus dem lokale Co-Produktiounsbusiness spillt mat an enger weiderer franséischer Literaturverfilmung. Adaptéiert gouf dem Tatiana de Rosnay säi "Moka".

Virun allem geet et awer a "Moka" ëm d'Emanuelle Devos​. Si spillt eng Fra, déi sech mat engem Auto an enger Pistoul op de Wee mécht. Si wëll de Responsabelen am mokka-faarwege Mercedes fannen, deen hirt Kand ugestouss an domadder hirt Liewen op d'Kopp gestallt huet. Op dëser Sich trëfft si op eng mysteriéis Nathalie Baye mat blonder Perréck.

Un petit boulot

An der Haaptroll vun "Un petit boulot" spillen de Pascal Chaumeil an de Romain Duris.

Et geet am Film ëm en Duerf, dat vum Zoumaache vun enger grousser Firma betraff ass. D’Majoritéit vun der Populatioun ass vun engem Dag op deen aneren ouni Aarbecht.

Esou och de Personnage vum Romain Duris. Seng Scholde klammen an d’Frëndin ass fort. Dofir kennt et him ganz geleeën, wéi him de mafiéise Comptabel vum Eck him Sue bitt fir seng Fra ëmzebréngen.

An der Roll vum Comptabel: de Michel Blanc.

Mechanic Resurrection

Et kléngt no engem Film mam Liam Neeson, et ass awer ee mam Jasons Statham. A "Mechanic Resurrection" huet säi Beruffskiller-Personnage gemengt, hien hätt seng däischter Vergaangenheet hannert sech.

Falsch gemengt. Seng Nemesis a Form vu Tommy Lee Jones mat Sonnebrëll a Geesebäertchen entféiert seng Léift vum Liewen, d’Jessica Alba. Vun do un ass et kloer, ëm wat et am Film geet.

"Mechanic Resurrection" ass den éischten amerikanesche Film vum Däitschen Dennis Gansel, sengersäits Realisateur vun "Die Welle" a "Mädchen, Mädchen".