Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gudden Toun

Satire

De Gudden Toun

An enger klenger Ronn vun ausgewielte Gäscht, a bannent enger Stonn, gräift De Gudden Toun méi oder manner aktuell Theemen op, pléckt se aus ganz verschiddene Perspektiven auserneen, a wëll op dësem Wee och déi ëffentlech Sträitkultur op eng satiresch Manéier ufachen.

auto_stories

1 min

E gewëssenen Humor dierf dobäi wierklech net feelen. Ironie a Sarkasmus hëllefen nämlech dacks kleng Mëssel an och grouss Mëssstänn aus enger anerer Perspektiv ze gesinn, a vermëttelen deemno och gären e Fonken Hoffnung op besser Zäiten. Natierlech, ouni dobäi den Eescht vun der Situatioun aus den Aen ze verléieren.

Den Optakt maachen haut, der Rei no, wéi se an der Emissioun schwätzen, de Gast Groeber, d'Fabienne Hollwege, Josiane Kartheiser, Max Thommes, Nathalie Ronvaux an de Raoul Biltgen.
D'Theema vun haut ass Konfliktsituatiounen. Dorënner kann een sech villes virstellen, an de Gäscht vun haut ass dobäi och nach a punkto Fantasie an Ausdrocksforme fir hire Bäitrag keng Grenze gesat gesinn. Wann dat alt gutt ausgeet?!