Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Guy Helminger op Hausbesuch

Literatur

De Guy Helminger op Hausbesuch

Bei Famillen op Besuch goen an dann doriwwer schreiwen. Dat ass ganz am Sënn vum Guy Helminger. Dofir mécht hie sech uganks September am Kader vun engem Schrëftsteller-Austausch op de Wee op Porto. Organiséiert gëtt den Hausbesuch vum Institut Pierre Werner a vun de Goethe Instituter zu Nanzeg a Porto.

auto_stories

3 min

Am Virfeld vu senger Rees op Porto huet de Guy Helminger mam Nathalie Bender iwwert de Projet geschwat.

De Guy Helminger, de Lëtzebuerger Auteur mat Wunnsëtz an Däitschland, ass ee vun den zéng Schrëftsteller, déi op Ufro vum Goethe Institut um Projet "Visite à domicile - Hausbesuch" deelhuelen. De Goethe Institut, deen zu Lëtzebuerg am Institut Pierre Werner doheem ass, invitéiert d'Auteuren, fir bei Famillen a verschiddenen europäesche Stied op Besuch ze goen. D'Schrëftsteller solle mat de Famillen Zäit verbréngen an en Abléck an en Doheem kréien, dat net hiert eegent ass.

D'Famillen als Inspiratioun

Dobäi kann den Auteur fräi entscheeden, wéi hien d'Visite wëll gestalten. Fir de Guy Helminger ass et eng Geleeënheet, déi hie sech op kee Fall wollt laanscht d'Nues goe loossen. "Reesen ass fir mech wahnsinneg wichteg, fir net ze soen elementar", erzielt de Schrëftsteller.

De Projet gëtt dem Auteur d'Méiglechkeet, fir nei Leit kennenzeléieren ouni genee ze wëssen, wat op hien duerkënnt. Iwwert d'Famille bei deenen hie wäert wunnen, weess de Guy Helminger am Virfeld näischt. "Ech hunn zwar eppes Klenges preparéiert, well si en Auteur erwaarden. Mee am Fong géing ech gäre vill vun hinne wëssen. An dat herno an enger Aarbecht verschaffen."

D'Sprooch ass keen Obstakel

De Guy Helminger ass deen eenzege Lëtzebuerger Auteur, dee fir d'Visite à domicile invitéiert gouf. Zu Porto muss de Schrëftsteller sech verstännegen, obwuel hie kee Portugisesch schwätzt. Et wier awer en Iwwersetzer derbäi, erzielt de Guy Helminger. "Wann ee speziell Wënsch huet ass een do, deen engem kann eng gewëssen Dier opmaachen."

Och op senge fréiere Reesen hat den Auteur ëmmer een ëm sech, deen d'Landessprooch geschwat huet. Fir verschidde Saachen z'erliewen ass et gutt, wann ee Leit kennt, fënnt den Auteur. "Ech ginn net als Tourist dohin. Dofir probéieren ech bei verschidde Saachen e bësschen ze wullen."

Dee mam Fotoapparat

Um Enn vun den Hausbesich soll en E-Book op der Leipziger Buchmesse 2017 presentéiert ginn. Mat Texter, an deenen d'Auteuren hir Visite verschaffen. Wéi mécht de Guy Helminger dat? Ass hien den Auteur mat Block a Bläistëft oder dee mat der geschoulter Mémoire?

"Ech si virun allem dee mam Fotoapparat", äntwert dorop de Guy Helminger. " Hie géing op senge Reesen dausende Fotoe maachen. Déi wiere virun allem gutt, fir sech un Detailer z'erënneren. "Ech erënnere mech un e Gespréich, ech erënnere mech un e Gesiicht, ech erënnere mech un e Gebai, un eng Strooss ... Awer wann ech dat benotze fir ze schreiwen, da weess ech net méi, wéi vill Dreck um Buedem louch, oder op e Rass an der Fassad war."

Déi Detailer bräicht een awer, wann ee spéider eppes wéilt beschreiwen. D'Fotoe sinn dem Guy Helminger säi Gediechtnes, wann hie vu senge Reesen zréckkënnt. "Ech sinn e grousse Frënd vum Vergiessen."

Ouni Angscht

Ganz gäre geet den Auteur och op déi Plazen, vun deenen hie gesot kritt, datt hien net soll dohi goen. "Meeschtens ass dat immens flott." Esou wier hien zum Beispill 2015 a Südafrika an e Quartier gaangen, vun deem hien ofgerode krut. "D'Leit hu mir do awer all gehollef. Et huet kee mech bedrängt oder bedreet."

Angscht gehéiert fir de Guy Helminger also net zum Reesgepäck. Krimineller géingen et iwwerall ginn. "Ech sinn een, zwee Mol vun der Militärpolice wéinst Fotoe verhaft ginn, mee dat war eng kuerz Saach", erënnert sech de Guy Helminger. "Da muss een eben duerchhalen. Mee a Gefor hunn ech mech nach ni gesinn." Him wier nach a kengem Land eppes geschitt, ausser zu Köln, wou den Auteur wunnt an eemol iwwerfall gouf.