Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kënschtler Georg Baselitz an d'Figur vum Parsifal

80. Gebuertsdag

De Kënschtler Georg Baselitz an d'Figur vum Parsifal

2018 sinn a ville Muséeë speziell Georg-Baselitz-Ausstellungen. De Kënschtler ass effektiv den 23. Januar 1938, also viru genee 80 Joer, a Sachsen op d'Welt komm a soll esou gefeiert ginn. Schliisslech gehéiert hien zu de wichtegsten zäitgenëssesche Kënschtler. Iwwermuer feiert hien elo säin Debut un der "Bayerischen Staatsoper": an zwar mat engem Bühnebild.

auto_stories

3 min

Bühnebiller net als Deko, als Ënnerstëtzung zum Schauspill, mee als gläichberechtegten Deel vun der Inzenéierung. Wien zum Beispill virun enger Dose Joren hei am groussen Theater dem Frank Castorf seng Inzenéierung vum Wagner sengem "Die Meistersinger von Nürnberg" gesinn huet, weess, wéi vill Poids dem bildende Kënschtler, souzesoen dem "enfant terrible", Jonathan Meese seng Geeschterbunnzeenografie dobäi hat.

Georg Baselitz: Kee Wagner-Fan

De Georg Baselitz gëtt am dpa-Interview direkt schonn an der Ouverture zou, datt hien absolut kee Richard-Wagner-Fan ass. Mee dat kéint hien natierlech just esou soen, well en sech mam Wierk beschäftegt hätt. "Parsifal" wier déi eenzeg Kompositioun, déi hien iergendwéi beréiere konnt. De Moler ass bekannt fir seng Kappstand-Biller, de Komponist fir Pathos. Firwat huet de Baselitz sech also vun der Bayerischen Staatsoper zu München iwwerzeege gelooss? Well et ëm de Parsifal goe géif, well hien d'Plaz gären hätt an zemools well hien an de Metteur-en-scène vun der Oper, de franséisch-libaneseschen Theaterintendant Pierre Audi Kollege wieren.

De Georg Baselitz huet am Virfeld e Wee misse fannen, fir mam Wagner eens ze ginn. Als Moler huet hien un déi vill Portraite vum Komponist geduecht, déi all e wéineg eckeg sinn. Just de Renoir hätt hie méi douce gezeechent, sou de Baselitz. An deene Peinturë géif een awer och de Renoir selwer erkennen. Dat war fir de Georg Baselitz eng interessant Approche fir sech de Wagner ze appropriéieren. Hien ass nach méi wäit gaangen an huet de Richard Wagner als Fra mat Dammeschung gemoolt. An deen Decalage hätt dunn den Déclic bruecht.

Plot

Am "Parsifal" ass de blesséierte Gralskinnik Amfortas am gaangen, lues awer sécher ze stierwen. Elleng de Speer, mat deem den Amfortas blesséiert gouf, kéint de Kinnek retten. Ausgerechent den onschëllegen Eefalt Parsifal soll d'Waff beschafen. Dat kléngt no Aktioun, mee fir de Georg Baselitz ass de "Parsifal" eng Oper, an der véier Stonne laang näischt geschitt. Just d'Musek wier fantastesch. Fir déi ze genéissen hat hien dem metteur-en-scène eng schwaarz Këscht fir d'Bühn proposéiert.

Kee Gral a kee Speer, mee eng bannescht mënschlech Dimensioun

De Pierre Audi war net begeeschtert. Also hunn déi zwee sech zesummen op eng fantastesch Aventure agelooss a sinn a véier Méint haarde Preparatiounen op onerwaart Konklusioune komm: zum Beispill déi, datt et am Wierk guer kee Gral an och kee Speer gëtt. Am Fong géif et ëm eng bannescht mënschlech Dimensioun goen, sou de Pierre Audi am dpa-Interview. Wat de Baselitz presentéiere géif, wier eng Meditatioun iwwert de Mysterium vum Doud. A wat mengt de Kënschtler selwer? De Goerg Baselitz gëtt eng méi technesch niichter Explicatioun: am Bühnebild an an de Kostümer géife sech Referenzen a Liene zu all senge Schaffensphase befannen. Vu ganz fréi, sengen Heldebiller, bis an déi lescht Joren. De "Parsifal" war 1882 dem Richard Wagner säi lescht musekdramatescht Wierk.
Säi Message: "Man könnte sagen, dass da, wo die Religion künstlich wird, der Kunst es vorbehalten sei, den Kern der Religion zu retten, indem sie die mythischen Symbole, welche sie im eigentlichen Sinne als wahr geglaubt wissen will, ihrem sinnbildlichen Werte nach erfasst, um durch ideale Darstellung derselben die in ihnen verborgene tiefe Wahrheit erkennen zu lassen."