Radioen

On air

Espresso Beats  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De klenge Mann vs de grousse System"

Luxembourg City Film Festival

"De klenge Mann vs de grousse System"

De bulgaresche Film "Glory" stellt déi mënschlech Relatiounen an engem ongerechte System an de Mëttelpunkt. En éierlechen a beweegende Film deen an der offizieller Kompetitioun vum Luxembourg City Film Festival leeft. Interview mam Haaptacteur a Co-Zeenarist.

auto_stories

3 min

Decho Taralezhkov, Maxi Pesch, Stefan Denolyubov

D’Korruptioun wier op alle Levelen a Bulgarien present esou de Co-Zeenarist vum Film Decho Taralezhkov. Trotzdem wier "Glory" kee Film iwwert d’Korruptioun an och kee politesche Film. De Stefan Denolyubov gesäit "Glory" als ee Film deen d’mënschlech Relatiounen an de Mëttelpunkt setzt. "Et geet ëm d’Liewe vun authentesche Leit op enger authentescher Plaz".

De Film weist de "klenge Mann vis a vis vun engem grousse System" seet den 49 Joer alen Acteur. "Natierlech ass et evident, datt bei enger reeller Geschicht och d'Korruptioun iergendwéi opdaucht." Dobäi misst een am Kapp behalen dass kee vun deenen zwee sech selwer als "klenge Mann" consideréiert.

De klenge Mann vs de grousse System

"Glory" stellt zwee, op sozialem Niveau, total ënnerschiddlech Charakteren niewenteneen. Op der enger Säit den Tsanko, dee mat sengem Salaire als Eisebunnsaarbechter knapps iwwert d'Ronne kënnt, an deen dobäi och nach net kommunizéiere ka well e tuddelt. Op der anerer Säit d'Julia, Workaholic a Kommunikatiounscheffin vum Transportministère zu Sofia. Datt béid Charakteren am Film quasi ni zesummen an enger Zeen si wier gewollt, erkläert den Decho Taralezhkov. "Och am richtege Liewe géife sech zwee Leit, déi aus esou ënnerschiddleche Milieue kommen eigentlech net begéinen. Et ass nëmme wéinst engem blöden Zwëschefall datt si sech treffen."

"Glory" géif eng Realitéit aus Bulgarien erëm spigelen. D'Spectateuren empfannen déi mënschlech Relatiounen, wéi se am Film gewise ginn, wierklech esou, seet de Co-Zeenarist. "Déi grouss Mass a Bulgarien huet d’Gefill, datt se keng Stëmm a keng Influenz huet, an net gehéiert gëtt. Si hunn d'Gefill wéi wann hiert Liewen hinnen net gehéiert. Si gi gezwonge mam Stroum mat ze schwammen."

"D’Leit hu sech elo dru gewinnt", an dat wier dat schlëmmst bedauert den Decho Taralezhkov. Och Protester géife keng Changementer bréngen. De Stefan Denolyubov hofft, "datt ech mat menger Schauspillerei déi jonk Generatioun dozou beweegt kréien eppes ze änneren". Den Acteur bedauert, datt vill Jonker Bulgarien verloossen.

(Foto: DR)

Genee wéi den éischte Film "The Lesson" baséiert och "Glory" op reelle Geschichten esou de Co-Zeenarist. "Dat hei ass den zweeten Deel vun enger Trilogie. D’Geschicht baséiert op reelle Geschichten déi all an den Zeitungsheadlines waren". De Realisateur-Duo Kristina Grozeva a Petar Valchanov géifen d’Fakten huelen an dann eng Fiktioun ronderëm kreéieren.

D’Preparatioun vun der Haaptroll Tsanko war fir de Stefan Denolyubov en "Challenge". Eleng fir sech physesch op d'Roll virzebereeden hätt den Acteur siwe Méint gebraucht. "Duerno hunn ech mech um grousse Ecran selwer net méi erkannt." Dat gréisste Kompliment dat de Schauspiller gemaach kritt hätt wier vun enger Persoun nom Film komm. Si sot: "Oh mäi Gott, hie ka mol net richteg schwätzen. Mee hien erzielt esou vill."

En Challenge

De Stefan Denolyubov ass keen Onbekannte fir déi zwee Realisateuren. Schonn an "The lesson" huet hien d’Haaptroll gespillt. Eng Kollaboratioun, déi zënter méi wéi zéng Joer besteet. An dat géif d'Schaffen um Set méi einfach maachen. "Mëttlerweil versti mir eis mat engem eenzege Bléck oder mat engem eenzege Geste. D'Realisateuren huelen de Skript als Basis, an do ronderëm gëtt da vill improviséiert." Um drëtten Deel vun der Triolgie géif geschafft ginn, méi wollten déi zwee net verroden.


Dat ganzt Gespréich mam Stefan Denolyubov a mam Decho Taralezhko:

Denolyubov & Taralezhkovplay_arrow