Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Luxfilmfest huet d'Nidderlag vun der Kultur proklaméiert"

Russland-Ukrain

"De Luxfilmfest huet d'Nidderlag vun der Kultur proklaméiert"

Nach virum Optakt vum Luxembourg City Filmfestival huet d'Festivalleedung de Boykott vu russesche Filmer decidéiert. Eng skandaléis Degradéierung vun der Kultur, déi politesch och nach kontraproduktiv ass.

auto_stories

4 min

Wann de Luxembourg City Filmfestival den Owend offiziell ageweit gëtt, dierft sech ënnert anerem gefrot ginn, ob de Valentyn Vasyanovych wäert kënnen op Lëtzebuerg kommen. Den ukrainesche Realisateur sollt am Prinzip säi Film " Reflection " virstelle kommen, deen an der Kompetitioun leeft. Seng Presenz um Festival wier op jidde Fall wichteg an absolut ze begréissen.

Déi russesch Realisatrice Natalya Kudryashova sollt zwar net kommen, mee hire Film " Gerda " um Festival gewise ginn, och an der Kompetitioun. Dat war bis de leschten Dënschden. D'Festival-Leedung huet do nämlech annoncéiert, datt déi russesch Filmer géifen zréck gezu ginn. " Au regard des événements en cours en Ukraine ", wéi et ganz lapidar heescht. Vun deem Boykott betraff sinn och déi russesch Realisatricë Marina Moshkova, Nastia Voronina an Anastasia Zhakulina. Hir respektiv Filmer sollten an der Jugend- a Kannersektioun gewise ginn.

Pikanten Detail : Nach um Dag no där Boykott-Decisioun huet de Festival eng E-mail un d'Press verschéckt, an där houfreg op d'Fërderung vu Frae verwise gëtt : "Émergentes ou confirmées, les réalisatrices de toutes nationalités proposeront des œuvres dans de nombreux registres."

De Pech, déi russesch Nationalitéit ze hunn

Firwat goufen déi russesch Filmer elo zréck gezunn ? Hunn déi betraffe Cineastinnen eventuell eng ze grouss Proximitéit zum russesche President Vladimir Putin ze veräntwerten, respektiv de Refus fir de Krich an der Ukraine ze verurteelen, wéi am Fall vum Star-Dirigent Valery Gergiev, dee Lëtzebuerg bis viru ganz Kuerzem nach houfreg säin Honorarkonsul a Russland genannt huet ?

Esou Virwërf sinn, am Fall vun de véier russesche Realisatricen, net bekannt. Wéi et ausgesäit, hu se einfach nëmme Pech, déi russesch Nationalitéit ze droen. Wéi si zum Krich stinn, wéi si zu hirer Regierung stinn, ob si net esouguer selwer drënner leiden, dat spillt hei manifestement keng Roll. Just nach déi gutt al Sippenhaftung.

Ob d'Leedung vum Luxfilmfest elo mat voller Iwwerzeegung hannert hirer Boykott-Decisioun steet, wat schlëmm wier, sief dohi gestallt. Mee den Drock war bestëmmt grouss : dee vun den europäesche Filmverbänn a virop, um Niveau driwwer, dee vun der Politik. An der englescher Versioun vun der Annonce vum leschten Dënschdeg steet, datt een sech mat der Regierung beroden hätt. Eent ass sécher : sollten et Retizenze gi sinn, de Luxfilmfest ass séier an d'Knéie gaangen. Onlogesch ass et net : ëmmerhin steet oder fält de Festival mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vun der Stad Lëtzebuerg. Zur Sécherheet gëtt säi Verwaltungsrot och vun engem pensionéierten Diplomat presidéiert.

Kultur, ee politesche Levier ënner aneren

An de Sonndesriede vu Politikerinnen a Politiker gëtt d'Kultur nëmmen all ze gär héich gehalen als e wäertvollt Gutt, dat d'Mënsche géif matenee verbannen, onofhängeg vun hiren Originnen an Iwwerzeegungen, Kultur als eng indispensabel Bréck, mat deenen d'Grief vum Haass kéinten iwwerwonne ginn, souguer a Krichszäiten. Wat dës schéin Discoursen, sou wéi een se nach rezent op der Ouverture vun Esch2022 huet missten erdroen, wäert sinn, weist sech elo brutal um Luxembourg City Filmfestival.

D'Kultur gëtt hei, wéi esou dacks, vun der Politik instrumentaliséiert, steet zur Dispositioun, gëtt - wann et drop ukënnt - zu engem Levier ënner aneren degradéiert. Dobäi kann dëse " Russeboykott ", géint dee sech souguer de prominenten ukrainesche Realisateur Sergei Loznitsa ausgeschwat huet, reng politesch gesinn, nëmmen no hanne lass goen. Net nëmmen, well een domat op wichteg Kanäl fir en tëschekulturellen Dialog verzicht zu engem Moment, wou diplomatesch Kontakter ofgebrach goufen a sech schonn déi "physesch Eliminatioun" vu potentielle Verhandlungspartner gewënscht gëtt.

Kënschtler, déi vläicht näischt fir hir Regierung kënnen, déi sech hir souguer widdersetzen - souwäit dat iwwerhaapt méiglech ass -, déi genee wéi hir ukrainesch Kolleegen dréngend op moralesch Ënnerstëtzung aus eise Länner ugewise sinn, déi awer dann hei bestrooft gi wéi dee leschten Oligarch, déi Kënschtler wäerten sech iergendwann, entgéint hiren Iwwerzeegungen, mat hirem Regimm solidariséieren an eis de Réck dréinen. An zwar fir laang Zäit. De Luxfilmfest huet d'Nidderlag vun der Kultur proklaméiert.


Facebook-Poste vum Luxembourg City Filmfestival vum 1. Mäerz:

"After consultation with the Government, the Luxembourg City Film Festival has decided, in light of the situation in Ukraine and in agreement with the City of Luxembourg, to withdraw the Russian film GERDA by Natalya Kudryashova from the Official Competition, as well as the following Russian films for Young Audiences: BLANKET by Marina Moshkova, LE ROI ET LA POIRE by Nastia Voronina, LA PRINCESSE AUX GRANDES JAMBES by Anastasia Zhakulina. Tickets for GERDA will be reimbursed, the programs for young audiences containing these works will be adapted."

"Au regard des événements en cours en Ukraine le Luxembourg City Film Festival a décidé, en accord avec le Gouvernement et la Ville de Luxembourg, de retirer le film russe GERDA de Natalya Kudryashova de la Compétition Officielle, ainsi que les films russes destinés au Jeune Public suivants : BLANKET de Marina Moshkova, LE ROI ET LA POIRE de Nastia Voronina, LA PRINCESSE AUX GRANDES JAMBES de Anastasia Zhakulina. Les tickets pour GERDA seront remboursés, les programmes Jeune Public contenant ces œuvres seront adaptés."