Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch, en Déier ënner aneren

Cabaret

De Mënsch, en Déier ënner aneren

De Mënsch, sou wéi e gäre wier an esou wéi en a Wierklechkeet ass ... Esou ongeféier léisst sech den neie Cabaretsprogramm vun der Equipe ëm den 100,7-Mataarbechter Mars Klein op de Punkt bréngen. ''Duelle/Falle für Fälle. Von Menagen & Menagerien'' ass op CD eraus.

auto_stories

3 min

Eng an Tëschenzäit agespillten Equipe: de Kabarett Mars Klein

Mam Mënsch fänkt de Programm un a mam Mënsch hält en och nees op. Mee et däerf ee sech net täusche loossen : et geet hei ëm e Wiesen, dat sech dach esou wichteg hëlt an awer vergänglech ass, nëmmen en Déier ënner villen aneren. Am Fong esou eppes ewéi eng Méck.

''Zwei Eintagsfliegen'' vum Joseph Guggenmos ass och direkt déi zweet Nummer vun am ganzen 28. Gréisstendeels sinn et klassesch däitsch Texter vun Heinrich Heine iwwer Rainer Maria Rilke bis hin zu Kurt Tucholsky a Joachim Ringelnatz, fir déi bekanntsten ze nennen. Een Drëttel vun den Texter huet de Mars Klein selwer geschriwwen.

D'Interpretatioun, haaptsächlech gesongen, heiansdo geschwat, iwwerléisst hie meeschtens deenen anere véier Membere vun der Trupp, Véronique Kinnen, Sabine Rossbach, Martina Roth a Rudi Schubert, deen zousätzlech fir d'Kompositioun an d'Pianosbegleedung zoustänneg ass. Bis op d'Martina Roth ass et iwwregens déi selwecht Equipe, déi ee schonn aus zwee rezente Cabaretsprogrammer kennt, an zwar ''Päerd sinn och nëmme Mënschen'' a ''Wann e Salamander mat dem Feier spillt''.

An ëmmer erëm d'Déieren

De Mars Klein, dee scho genee esou laang Cabaret mécht ewéi et mech gëtt, schéngt also eng Virléift ze hu fir d'Déierewelt : am Programm ''Duelle/Falle für Fälle. Von Menagen & Menagerien'' ass d'Fauna och erëm räich vertrueden. Méiglecherweis well et sech esou, an der Traditioun vun de Fabulisten, am Beschten iwwert de Mënsch schwätze léisst. Wie sollt da soss gemengt sinn, am Heine sengem Text ''Duelle'', an deem d'Ochse sech géigesäiteg Iesel vernennen, an d'Ieselen Ochs ?

De Mënsch, deen hei wärend enger Stonn portraitéiert gëtt, ass net ëmmer glorräich, oh nee, trotz oder grad wéinst dem kinnekleche Protz, zu deem e strieft, kënnt en engem vir ewéi d'Verkierperung vun der Mediokritéit schlechthin. Sou wéi een se zum Beispill am Hotel moies beim Kaffisbuffet kann observéieren, ausser datt domat den Observateur vläicht a virun allem seng eege Mediokritéit entlarvt ...

Mat der Liichtegkeet vun der Libell

Dat wat de Mënsch rett, a wourop dem Mars Klein säi Cabaretsprogramm och zum Gléck insistéiert, dat ass d'Léift - quitt datt Ideal a Wierklechkeet do dacks wäit ausernee kënne leien. Et ass de Sënn fir Schéinheet, an och alt emol Erotik, wéi an der Interpretatioun vum Roger Manderscheid sengem ''Wéi op Kuelen'', ee vun zwee Lëtzebuerger Texter a sécherlech en Héichpunkt op der CD.

De Programm ''Duelle/Falle für Fälle. Von Menagen & Menagerien'' ass eng Sammlung vu poeteschen a satireschen Texter, déi mat der Liichtegkeet vun enger Libell virgedroe ginn, almoudesche Cabaret am gudde Sënn vum Wuert, dat heescht klassesch also zäitlos. Et gëtt manner agreabel Aart a Weise fir eng Stonn ze verbréngen.