Radioen

On air

De Moien  |  Chuck Berry - You Never Can Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen neie Film vum Stephen Gaghan ass "sans plus"

Filmkritik

Deen neie Film vum Stephen Gaghan ass "sans plus"

De Stephen Gaghan bréngt hei eng Geschicht op den Ecran, déi zwar ganz agreabel ze kucken ass, mä déi all Mënsch schonn op d'mannst 100 mol gesinn huet: E Self-Made Man kraazt sech erop, bis datt hie vun anere Kräften nees ofgeseet gëtt.

auto_stories

3 min

Dat mam Matthew McConaughey ass eng interessant Affär: 1993 mam Richard Linklater sengem "Dazed and Confused" berühmt ginn, huet hie sech iwwert déi nächst 15 Joer eng zolidd Carrière opgebaut: Virun allem als flotte Beau, gären och torse nue, an enger Abberzuel vu RomComs an Action-Komedieën. An dertëscht och mat deem engen oder aneren hallef seriöe Film, zum Beispill "Contact" vum Robert Zemeckis oder "Amistad", vum Steven Spielberg.

Duerno koum laang Zäit näischt, de Matthew McConaughey ass vun engem belaanglose Film bei deen aneren gedrift. 2011 huet hien awer dunn an enger ganzer Serie vu Filmer fantastesch Prestatiounen geliwwert: "The Lincoln Lawyer", "Killer Joe", "Mud", "Magic Mike", "Dallas Buyers Club", "The Wolf of Wall Street", "Interstellar" an natierlech "True Detective". De Magazin "The New Yorker" huet sech an der Zäit den Terme "MacConnaissance" ausgeduecht, an zënterhier ass den Numm McConaughey e Qualitéitszeechen.

Gold sichen ass net esou einfach wéi geduecht

Den Ament ass de McConaughey am Stephen Gaghan sengem "Gold" an de Kinoen ze gesinn. Hei verkierpert hien e Personnage mam Numm Kenny Wells - e Gold-Prospekteur an de fréien 1980er. De Beruff huet de Kenny vu sengem Papp iwwerholl, andeems hien de Familljebetrib geierft huet. Mä dat mam Gold sichen ass net esou einfach, wéi geduecht - bis hie sech mat engem Geolog zesummendeet, gespillt vum Edgar Ramirez.

Zesumme landen déi zwee am indoneseschen Jungel. No vill Schweess, Moustiquen a Malaria geschitt d'Wonner: Si stoussen op Gold, an hir Situatioun ännert sech vun engem Dag op deen aneren. Elo gi si mat der Firma op d'Bourse, an et stinn op eemol grouss Holdinge vun der Wall Street virun der Dier a wëllen sech akafen. Léisst de Wells sech schlécken oder kritt hien et hin, d'Boîte eleng mat sengem Geologisten-Associé ze schaukelen?

De Film ass net wierklech gutt

Eppes muss een dem Matthew McConaughey héich urechnen: Egal a wéi engem Film hie matspillt, hie probéiert alles aus sech erauszehuelen. Ok, fir dëse Film heescht dat éischter, alles a sech eranhuelen, well de Bauchëmfang, deen hie sech fir dës Produktioun ugefriess huet, ass net vu schlechten Elteren.

Schued ass awer, dat de McConaughey deen Eenzegen ass, dee sech wierklech Méi mécht. De Stephen Gaghan bréngt hei eng Geschicht op den Ecran, déi zwar ganz agreabel ze kucken ass, mä déi all Mënsch schonns op d'mannst 100 mol gesinn huet: E Self-Made Man kraazt sech erop, bis datt e vun anere Kräften nees ofgeseet gëtt.

Donieft stëmmt och d'Chimie tëscht dem Edgar Ramirez an dem McConaughey net. Well de Film scho viru senger Sortie schlecht Kritike krut, waren d'Erwaardungen immens déif. Wann ee sech de Film elo ukuckt, stellt sech zwar eraus, datt Gold keng Katastroph ass. Op där anerer Säit ass de Film awer och net wierklech gutt. Leider ganz einfach, sans plus. McConnaissance hin oder hier.