Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Zort Galerie online

Art Work Circle

Eng Zort Galerie online

De Site www.artworkcircle.lu wëll d'Kënschtler an de Konschtmarché zu Lëtzebuerg méi enk matenee verbannen an de Kontakt tëscht deenen zwee Beräicher vereinfachen. De Projet gouf vum Curateur Didier Damiani an d’Liewe geruff an ass deen éischte vu senger Aart zu Lëtzebuerg.

France Ewen / ckl

auto_stories

3 min

E Bléck op d'Homepage vum Site www.artworkcircle.lu

Iwwer d'Internetplattform Art Work Circle hu Konschtamateuren, Sammler an de grousse Publikum d'Méiglechkeet mat verschidde Kënschtler – dorënner Moler, Skulpteuren, Fotografen a Graphikdesigner, a Kontakt ze trieden – an ëmgedréint. "De Site gëtt ville Kënschtler eng Visibilitéit déi si bis elo net haten, an och d'Méiglechkeet hiert Schafen ze promovéieren", seet den Didier Damiani, Curateur, deen sech och e grousst Zil gesat huet: den Online-Konschtmarché online hei am Land méi dynamesch ze maachen. 
 
D'Kënschtler hunn d'Méiglechkeet um Site Fotoe vun hire Kreatiounen ze weisen, hir Biographien ëffentlech ze maachen an iwwert dee Wee a Kontakt mat Sammler an anere Konschtinteresséierten ze trieden. D’Artiste bezuele keng Fraisen un Art Work Circle, mee et gëtt awer eng Kommissioun op de Venten duerch de Site geholl. 

"Dat hëlt vill Aarbecht of" 

Ee vun de Kënschtler, dee sech mat der Agence zesumme gesat huet, ass den Illustrateur a Graphikdesigner Mik Muhlen. "Et huet een als Grafiker net ëmmer Geleeënheet an enger Galerie auszestellen. An hei kann een seng Saachen un d'Leit bréngen ouni extrem vill Zäit dran ze investéieren", seet hien. Doriwwer eraus ass de Site och am Ausland visibel. "T'ass eng Saach déi mer zu Lëtzebuerg gebraucht hunn", sou de Mik Muhlen. 
 
Art Work Circle këmmert sech och em déi administrativ Aspekter déi zum Kënschtlerberuff gehéieren: de Kontakt mat de Medien an de Verkaf vu Wierker. Grad dat ass fir vill Artiste vu groussem Virdeel."Et mierkt ee ganz séier wéi vill Zäit ee mam Kreativen verbréngt a wéi vill mam Administrativen. Wann ee fir eng Kéier deen administrativen Deel kann op d'Säit stellen, dann ass dat ëmsou besser. Dat hëlt vill Aarbecht of" seet de Mik Muhlen.

"Méi Kontakter wéi ech selwer" 

Dat gesäit och de Fotograf Olivier Remera sou. Hie schafft haaptberufflech als Architekt a kann also just a senger Fräizäit fotograféieren. A genee dowéinst wier et schuet wann en déi zu 80% misst mat Administrativem dropmaachen, amplaz sech kreativ auszeliewen, sou den Olivier Remera. "Dobäi kënnt, datt d'Plattform méi Kontakter huet wéi ech selwer. Sou kann ech meng Aarbecht engem méi grousse Public weisen an och nei Leit kenneléieren".
 
Art Work Circle gëtt eréischt zënter engem gudde Mount, an elo mussen d’Kënschtler wei och d’Organisateure selwer kucken, wéi de Projet sech entwéckelt. Um Site vum Art Work Circle kënnen d’Visiteuren awer net nëmme Konschtwierker kafen. Si kënnen sech och iwwert d’Aktualitéit vun de Kënschtler um Site informéieren, a gi gewuer wéini si nei Ausstellungen hunn. Donieft gëtt een och generell méi iwwert d’Neiegkeeten an der Konschtzeen zu Lëtzebuerg gewuer.