Zéng Texter, déi fir den 100,7 Radiopräis 2016 agereecht goufen, hunn de Kritären entsprach. Déi krut de Jury – dat ass d'Anette Kührmeyer, den David Raison, de Rudi Schroeder, d'Anne Simon an de Sebastian Thiltges – an hire President, de Claude Mangen, ze liesen. Si hunn diskutéiert, sech beroden an de beschten Text bestëmmt.
Mee wisou rifft de radio 100,7 iwwerhaapt zu engem Hörspillpräis op? Dorop géif et eng ganz einfach Äntwert ginn, mengt de President vum Jury an 100,7 Programmchef, de Claude Mangen. "Den 100,7 ass e Radio an en Hörspill gëtt eben op engem Radio diffuséiert."
D'Traditioun beliewen
Wéi den 100,7 lancéiert gi wier, hätt de Radio eng Rei Hörspiller produzéiert an an Optrag ginn. Dat wier eng Traditioun gewiescht, déi awer iergendwann ënnergaange wier. Du wier d'lescht Joer d'Iddi entstanen, fir en Hörspillpräis ze maachen, erënnert sech de Claude Mangen. Hie gëtt ze bedenken, datt d'Hörspiller an der Lëtzebuerger Radiolandschaft immens rar wieren. Dat wéilt een änneren.
An aneren ëffentlech-rechtlech Radioen, besonnesch am däitschsproochege Raum, hätten d'Hörspiller eng laang Traditioun. "Et muss ee sech virstellen, do waren an de 1960er an 1970er Joere richteg Ensembelen agestallt, fir d'Hörspiller ze produzéieren. Dat hat Lëtzebuerg ni. Mee mir probéieren eise Bäitrag dozou ze liwweren."
Sozial Medien am Fokus
D'Thema vum Hörspillconcours fir 2016 war "Sozial Medien an hiren Impakt op d’Zäit a Kultur". E gesellschaftleche Sujet, deen awer och politesch kéint ausgeluecht an traitéiert ginn, betount de President vun der Jury. D'Thema wier komplex a villfälteg. "Mir selwer, déi an de Medie schaffen, wëssen net ëmmer wat gemengt ass a wéi, wien, wat manipuléiert a gebraucht."
Duerch d'Komplexitéit vum Sujet wier d'Lat héich gewiescht, ma d'Participanten hätten awer gutt Texter ofginn. "Et bleift awer alles méi am privaten, familiären a sozialen Ëmfeld." Op d'politesch Dimensioun wier kee vun den Auteuren agaangen. "Mee et si vläicht keng Journalisten oder Politiker, déi do matmaachen. Et si Schrëftsteller."
D'Texter sinn an den dräi Landessproochen – Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch – agereecht ginn. Mee och eng Partie engleschsproocheg Manuskripter wieren derbäi gewiescht. Mat de Sprooche jongléiert hätt awer keen, seet den 100,7 Programmchef.
D’Gewënnerin oder de Gewënner – déi oder deen e Freideg den Owend bekannt gemaach gëtt – konnt d’Jury duerch d'Approche vum Sujet fir sech gewannen. "Den Text schafft mat Clichéen, mee en dréit se ëm." Dernieft hätt d'Sprooch iwwerzeegt, verréit de Claude Mangen.
Wéi een Numm a wéi een Text sech hannert dëse Beschreiwunge verstoppen, gëtt de Freiden, 18. November um hallwer 8 am Chapiteau principal zu Walfer devoiléiert.