Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Verloscht vun enger duebeler Kultur

CinEast-Festival

De Verloscht vun enger duebeler Kultur

D'Ëmbrëch op der italieenesch-jugoslawescher Grenz nom Zweete Weltkrich ware fir vill Mënschen d'Enn vun enger Welt. Dovun erzielt de slowenesche Film "Stories from the chestnut woods'', deen an der Kompetitioun vum CinEast-Festival leeft.

auto_stories

3 min

Mir si kuerz nom Zweete Weltkrich an engem sloweneschen Duerf op der jugoslawesch-italieenescher Grenz. Den Italiener Mario (Massimo De Francovich) ass en ale knéckege Schräiner. Datt um Enn d'Konte stëmme schéngt seng gréisste Suerg ze sinn. Eigentlech sollt de Granzert scho laang sengem an d'Belsch ausgewanderte Bouf schreiwen, fënnt awer ëmmer eng Ursaach fir dat no hannen ze verréckelen. A wa seng krank Fra him verséchert, datt si um Stierwe läit, gëtt dat kleng geriet.

Méi spéit begéint de Wittmann enger jonker slowenescher Fra (Ivana Roscic), déi vun hirem Mann verlooss gouf. Si ass déi eenzeg an der Regioun, déi nach am Bësch Käschte sammelt a verkeeft. Fir de Mario ass et vläicht d'Geleeënheet, fir Verschiddenes erëm gutt ze maachen.

Denkmal fir d'Awunner vun der Slavia-Veneta

De jonke slowenesche Realisateur Gregor Bozic wollt mat sengem éischte Long-métrage ''Stories from the chestnut woods'' den Awunner vun der Regioun Slavia-Veneta en Denkmal ze setzen. Nom Krich war déi Géigend nach fir e Joerzéngt ëmstridden : souwuel Italien wéi och dem Tito säi Jugoslawien haten deen Territoire fir sech an Usproch geholl. Fir déi multinational Populatioun war et eng dramatesch Zäit, ënnert anerem ware vill Mënsche gezwongen auszewanderen.

D'Iddi vum Zerfall, vum Niddergang, dat heescht vum Dout, ass am Film omnipresent. Et ass dem Schräiner seng doudkrank Fra respektiv seng eege Middegkeet. Et ass d'Enn vun den Illusiounen, vum Dram vun engem bessere Liewen am Ausland : datt de Fils et an der Belsch nëmmen zum Minnenaarbechter bruecht huet gëtt vum Papp als perséinlechen Echec erlieft.

Metapher fir d'Vergänglechkeet

Et ass och d'Metapher vun de Käschten, déi um Waasser leien an d'Baach erof fléissen : déi jonk Fra an de Mario versichen esou gutt et geet se anzefänken, wéi wa se wéilten d'Zäit stoppen oder op d'mannst vun der Vergaangenheet rette wat ze rette bleift. Gewëssermoosse gëtt hei enger Zäit nogetrauert, déi drop an drun ass ze verschwannen.

Zum Beispill d'Zweesproochegkeet, d'Presenz vun zwou verschiddene Communautéiten, d'Italiener an d'Slowenen, an deemno vun zwou verschiddene Kulturen. Dat war natierlech mat Rivalitéite verbonnen, wéi eng relativ laang Sequenz am Ufank vum Film verdäitlecht: de Mario an en ale Slowen sti sech an der Wirtschaft bei enger Partie ''morra'' géigeniwwer, en uraalt Handspill, bei deem eigentlech just den Zoufall entscheet, mee déi al Häre si mat vollem Eescht bei der Saach.

An awer war et eng Form vun Zesummeliewen, déi et esou net méi wäert ginn, wat vun de Mënschen als e Verloscht erlieft gëtt.

E schéi gefilmten, däischteren a luese Film

Wat um Enn vläicht dovun iwwereg bleift si Geschichten, déi am Laf vun der Zäit mat enger Mëschung aus Erlieftem an Erfonntem distilléiert goufen a weider erzielt ginn. Eng Off-Stëmm an eng duerch zäitversaten Episode strukturéiert Erzielweis soll deem Aspekt vum Geschichten-Erzielen entspriechen.

Am Film fënnt ee verschidde märchenhaft Elementer erëm, wéi déi dräi Kinneken aus der Bibel. Visuell gëtt dat awer nëmmen usazweis ëmgesat, zum Beispill mat Schnéiflacken an enger Bësch- a Feldlandschaft, déi eng bal iwwernatierlech Atmosphär schafen.

''Stories from the chestnut woods'' ass e schéi gefilmten, gréisstendeels däischtere Film, deem säi Rhythmus immens lues ass. Dat passt wuel bei d'Grondstëmmung, verlaangt dem Spectateur awer vill Gedold of.


"Stories from the chestnut woods" ass nach eng Kéier den 22. Oktober um 21h an der Cinemathéik ze gesinn, respektiv online am Kader vum CinEast-Festival.