Kino De Vietnamkrich am Kino: kritesch an zynesch?

Vu Propaganda iwwer Kritik bis Verherrlechung, de Vietnamkrich war ee wichtege Sujete am "New Hollywood". Een Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Filmer an déi verschidden Approchen zum Sujet.

Christian Mosar / ys

The Green Berets
Den John Wayne an "The Green Berets"

New Hollywood war en neien, modernen a méi kritesche Mainstreamkino. Deen huet deen alen Hollywood-System mat senge Mammutproduktiounen, wéi zum Beispill Cleopatra vun 1963, ofgeléist. Dat ass och am Kontext vum Vietnamkrich geschitt.

D'Tet-Offensive vun 1968 huet net nëmmen dem US-Militär, mee och de Politiker, a virun allem der US-amerikanescher Populatioun gewisen, datt een d'Vientamesen net esou einfach fäerdeg maache kéint. De President Nixon huet dunn vun 69 un ëmmer méi Amerikanesch Zaldoten aus dem Vientamkonflikt zeréckgezunn a wollt de Rescht de Südvientamesen iwwerloossen.

The Green Berets

Virun der TetOffensive hat dat aalt Hollywood, a besonnesch den John Wayne, nach eng Kéier probéiert d'US-Arméi als Helde vum Indochina-Konflikt duerzestellen. Den amerikaneschen Enthüllungsauteur Robin Moore hat dofir d'Virlag geliwwert. De Moore war dee Moment an den USA en ëmstriddene Personnage. 1965 hat de Schrëftsteller e Buch mam Titel "The Green Berets" erausbruecht. Green Berets ass de Spëtznumm vun deenen eelste Special Forces. Parachutiste vun der amerikanescher Arméi. Eng Divisioun vun ongeféier 10.000 Zaldoten, déi just Kampfasäz maachen.

De Robin Moore hat mat der Hëllef vun engem Studiekolleg vun Harvard Zougank zu den amerikaneschen Trainingslager vun dëse Green Berets kritt. Hien huet do eng militäresch Formatioun matgemaach, a konnt souguer mat an de Vietnam goen. Säi Buch iwwert dës Erfahrung war 1965 erauskomm a gouf direkt e Bestseller.

Am Pentagon ware si alles anescht wéi frou iwwert dat Buch, an deem de Moore bëssen ze vill éierlech war. Hien hat geschriwwen, datt hie seng Erfahrungen aus éischter Hand krut, wéi hie mat e puer Green Berets bis an den Nord Vietnam virgedronge war. Dat war schonn 1964, ier offiziell amerikanesch Truppen deployéiert gi waren.

Amerikanesch Propaganda um groussen Ecran

D'Hollywoodstudioen, dorënner Columbia Pictures, ware scho méi laang un engem Film iwwert d’Special Forces intersséiert. Si hate schonn 1963, also virun der Sortie vum Robin Moore sengem Buch, beim Defense Department Public Affairs Office nogefrot, fir hir Ënnerstëtzung bei engem Krichsfilm ze kréien. Bis gëtt et bei der amerikanescher Arméi eng eegen Administratioun, déi sech just ëm d'Duerstellung vun den Armed Forces am Kino këmmert. Besonnesch Material gëtt bäigesteiert. Vum Gewier bis zum Flugzeugträger.

Dat war nom Buch vum Moore net méi dran. Den John Wayne hat matkrit, datt d'Filmrechter fir "The Green Berets" nach ze verkafe waren. Am Dezember 1965 huet hien direkt dem President Lyndon Johnson geschriwwen. Hien huet him erkläert, wéi wichteg et wier, elo ee populäre Film iwwert den Engament vun den USA am Vietnam ze maachen. Well dat ëmmer méi schlecht bei de Leit géing ukommen.

Den John Wayne hat Argumenter a senger Filmografie. Hien huet festgestallt, datt hie virdru schonn e puermol d'amerikanescht Militär mat "Integrity and dignity" duergestallt hätt. Besonnesch an de Propagandafilmer "They Were Expendable" an "The Sands of Iwo Jima". Awer och zum Beispill an "The Longest Day".

D'Geschäft tëscht Hollywood an dem Verdeedegungsministère koum no e puer Méint Verhandlungen zu stanen. Mee d’Arméi hat de Skript vum Film komplett ëmschreiwe gelooss. A sou den original Text an Inhalt vum Buch komplett entschäerft.

1968 huet den John Wayne also an engem Film d’Regie gefouert an d'Haaptroll gespillt, deen näischt anescht wéi Propaganda war. "Whats going on here is a communist domination of the world", rifft ee Green Beret-Sergent bei enger fiktiver Pressekonferenz am Ufank vum Film.

Verfilmunge vu "Casualties of war"

1968 war och dat Joer, wou dem Associated Press-Fotoreporter Eddie Adams seng Foto erauskomm, op där een de Policechef vu Saigon gesäit, wéi hie mat engem Revolver engem Vietcong-Prisonéier an de Kapp schéisst. Dës Opnam huet dozou bäigedroen, d'Opinion publique an den USA op mannst zum Zweiwel um legitimmen Asaz am Vietnam ze bréngen.

Den 18. Oktober 1969 huet den Journalist a Schrëftsteller Daniel Lang am Magazin New Yorker den Artikel "Casualties of war" publizéiert. Hie beschreift de sougennanten "Incident on hill 192" vun 1966. D'Vietnamesin Pan Thi Mao war vun engem Grupp vun amerikaneschen Zaldote gekindnapt vergewaltget an ëmbruecht ginn. Hire Kierper hu si begruewen. Een vun hinnen huet net mattgemaach a spéider seng Komeroden ugeklot. Et gouf e rise Skandal.

1972 huet den Elia Kazan de Sujet mam James Woods an enger vun den Haaptrollen am Long métrage "The Visitors" probéiert an d'Kinossäll ze kréien. De Kazan, Realisateur vun "On the waterfront", war bei villen zu Hollwood eng Prersona Non Grata. Bei den Hexejuegte-Prozesser ënnert dem Jospeh McCarthy hat hien ausgesot, a souguer Nimm genannt. An dësem Film huet de Kazan probéiert ze weisen, wat mat deem geschitt, deen een haut wahrscheinlech als Whistleblower géing bezeechnen.

Dem Kazan säi Film ass awer 1972 an den USA gréisstendeels ignoréiert ginn. 1989 huet de Brian de Palma aus "Casualties of war" eng Filmversioun mam Michael J Fox a Sean Penn realiséiert, déi méi ee breede Publikum konnt erreechen. Och wann de Film finanziell Pertë gemaach huet.

Schwaarzen Humor als Kritik um Krich

1970, um Héichpunkt vum Vietnamkonflikt, ass dem Robert Altman säin Antikrichsfilm MASH erauskomm, vun deem spéider och eng Televisiounsserie ofgeleet ginn ass. MASH spillt zwar an der Zäit vum Koreakrich, et ass awer ganz kloer eng Uspillung op d'Aktualitéit vum amerikaneschen Engagement am Vietnam. Den Elliot Gould an den Donald Sutherland spillen zwee Chirurgen an engem Feldlazarett, déi op eng batter-sarkastesch Manéier d'Arméi an hier Absurditéite kommentéieren a lächerlech maachen, awer anengems mam Horror vum Krich konfrontéiert ginn.

MASH war en Antikrichsfilm an der Form vun enger éischter defteger Komedie. Mat schwaarzem Humor hunn de Sutherland an de Gould eng nei Generatioun vun Amerikaner duergestallt, déi ganz kloer d'Fro stellen, wat si an deem Krich, an engem Land dat wäit ewech ass, iwwerhaapt verluer hunn. D'Uspillung op de Vietnam krich ass ganz däitlech.

MASH ass awer och ee vun deene Mainstream-Filmer aus dem New Hollywood, vun deene gesot gëtt datt do fir d'éischte Kéier um groussen Ecran d'Wuert "Fuck" gesot gouf. En anert Zeeche vun enger Liberaliséierung vun der Hollwoodzensur an der Selbstzensur. An Erënnerung bleift sécher den Titelsong "Suicide is painless", deen de Mike Altman, dem Realsiateur säi Fils, geschriwwen hat.

De Pessimismus, deen am Film thematiséiert gëtt, ass ee wichteg Mierkmol vun den Inhalter vum New Hollywood. Den Humor war net méi lëschteg, mee éischter zynesch.

Grouss Vietnam-Filmer an de Rambo

Dee stäerksten Ausdrock huet New Hollywood an de grousse Vietnam-Filmer um Enn vun de 70er Jore fonnt. "Apocalypse Now" vum Francis Ford Coppola an "The Deer Hunter" vum Michael Cimino sinn net nëmmen aussergewéinlech Krichsfilmer (oder éischter Antikrichsfilmer). Si hunn och genau dee kriteschen Esprit, deen am New Hollwood vun de 60er Joren entwéckelt gouf.

1982 koum dem Ted Kotcheff säi "First Blood" eraus. E Film, deen eigentlech als Serie B geduecht war, mee deen zu engem enormen, kommerzielle Succès ginn ass. Dem Haaptduersteller Syslvester Stallone seng Carrière krut doduerch en neie Start. De Stallone spillt hei ee vun de Vietnamveteranen, déi hir Plaz net méi an hirem Heemechtsland fannen. Dn John Rambo bréngt de Kirch mat zeréck an d'Bëscher am Norde vun den USA. "First Blood" ass net nëmmen en effikassen Actionfilm, et ass och iergendwéi de Schlussstréch ënnert dem New Hollywood Film.

An den 80er Jore war den neie Blockbuster spektakulär ugesot. Krich ass net méi kritiséiert, mee verherrlecht ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

unnamed-1.jpg
Film

D'Joer 1963 war fir d'Filmindustrie zu Hollwood eent vun deene schlëmmsten an hirer Geschicht. Nach ni ware esou wéineg produzéiert ginn, nach ni gouf et esou e Finanzdesaster.

Black Sabbath.jpg
Magic Song

Den Ozzy Osbourne a Black Sabbath sangen 1970 géint de Krich am Vietnam. Fir d'éischt op eng ganz däitlech Manéier, mee méi spéit rudderen si dann awer zréck. D'Geschicht vu "War Pigs" liwwert de Beweis.

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen