"Barrage" Deen neie Film vun der Laura Schroeder

Déi Lëtzebuerger Cineastin war dëst Joer mat hirem zweete Film op d'Berlinale invitéiert ginn. "Barrage", sou den Titel, huet kuerz no Berlin seng Avant-Première hei am Land am Kader vum Luxembourg City Film Festival gefeiert. Genee wéi zu Berlin gouf e vun der Kritik gelueft. Elo kënnt de Film och an de sougenannte reguläre Kinosprogramm.

Cleo Thoma / nw

Lolita Chammah a Laura Schroeder
Lolita Chammah a Laura Schroeder

De Film "Barrage" huet d'Laura Schroeder net just gedréint. Zesumme mat der franséischer Autorin Marie Nimier huet si och d'Dréibuch geschriwwen. Am Film geet et ëm eng Mamm-Duechter-Bezéiung. De Personnage vun der Catherine, gespillt vun der Lolita Chammah, war zéng Joer vun der Bildfläch verschwonnen a sicht nees de Kontakt mat hirer Duechter. Si hat hiert Meedchen, deemools e Puppelchen, bei hirer eegener Mamm gelooss.

Hir Mamm um Ecran ass och hir Mamm am richtege Liewen a gëtt gespillt vun der franséischer Schauspillerin Isabelle Huppert. Dat klengt Meedche gëtt vun där talentéierter Thémis Pauwels gespillt.

Am Ufank kritt een net erkläert, wéisou d'Catherine elo hiert Kand wëll erëmgesinn a wéisou si deemools fortgaangen ass. Si ass eng mysteriéis Figur.

Kidnapping vun der eegener Mamm

Der Cineastin Laura Schroeder no hätt si hire Schauspillerinnen eng gewëss Fräiheet gelooss, fir hire jeeweilege Personnage opzebauen.

"Wann d'Schauspiller d'Sätz geännert hunn, hunn ech näischt gesot. Ech fanne gutt, wa si sech der Roll uneegnen. Fir mech ass dat eng Fräiheet, wann een hinnen net seet, wéi si wat ze maachen hunn."

Am Film reagéiert dat klengt Meedchen oflehnend op seng Mamm. D'Groussmamm schéngt d'Enkelin virun hirer Duechter schützen ze wëllen. D'Mamm vum Kand entscheet sech kuerzer Hand, dat Klengt op en Ausfluch an den Norden op de Stauséi matzehuelen, mä am Fong ass et e Kidnapping. Am Bësch beim Waasser ginn al Wonnen nees op, mä d'Catherine schéngt op eng Reconciliatioun ze hoffen. Déi dräi grouss Fraerolle komme beieneen, wéi d'Groussmamm zoustéisst.

Eng souverän jonk Actrice

D'Laura Schroeder huet fir d'Roll vun deem klenge Meedchen d'Thémis Pauwels gewielt, dat si un de Personnage am Film erënnert huet. Déi jonk Actrice huet sech am Film souverän nieft deenen zwou experimentéierte Schauspillerinne behaapt. Een Androck, deen och d'Lolita Chammah hat.

"Et war faszinéierend ze gesinn, wéi d'Thémis d'Saachen direkt verstanen huet. Zum Beispill d'Aart a Weis, wéi hatt d'Catherine gesinn huet, dee Personnage, dee sech mat komplizéierten Emotioune géigeniwwer senger Duechter ausernee setzt."

Net just d'Mamm am Film

Op der Berlinale gouf an der Kritik dacks ervirgehuewen, datt d'Isabelle Haupert net just am Film der Lolita Chammah hir Mamm ass. Wann een de Film kuckt ass et awer net esou, datt een déi ganzen Zäit misst dorun denken. A wann iergendwou géif stoen, datt d'Thémis Pauwels der Lolita Chammah hir biologesch Duechter wier, da géif een dat bei der Visioun vum Film jiddefalls och net a Fro stellen.

"De Casting funktionéiert, well d'Thémis och an eis richteg Famill passe géif. Hatt huet ganz natierlech an déi Roll mat senger Spill-Mamm eragepasst."

Géint der Enn kritt "Barrage", mat der Natur ëm de Stauséi, eng ganz verdreemten Atmosphär. Een Ament gëtt se ganz dominant, wann déi dräi Figuren, all fir sech, an där Natur op der Sich sinn. Fir d'Laura Schroeder ass et eng Wanderung vun den dräi Fraen, déi hire Wee do sichen. Si hätt Loscht gehat, der Natur esou eng Roll ze ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Jury president Jonathan Demme arrive at the Hotel Excelsior
Retrospektiv an der Cinemathéik

Am Abrëll dëst Joer ass den amerikanesche Cineast Jonathan Demme gestuerwen. An der Hommage-Retrospektiv an der Cinemathéik sinn déi grouss Mainstream-Kino-Succèsen aus den 90er Joren um Programm.

Kaurismäki.JPG
Luxfilmfest

Nom Sëlwere Bier zu Berlin huet de finnesche Realisateur mat “The Other side of hope” och elo de Grand Prix um LuxFilmFest gewonnen. Beschten Documentaire gëtt “I am not your negro” vum Raoul Peck.

the other side of hope
Berlinale

Dem finneschen Regisseur Aki Kaurismäki säin neie Film "The Other Side of Hope" ass an der Competitioun vun der Berlinale. Als Geschicht iwwer Flucht an Hoffnung ass et e Film mat engem klore Message.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen