Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The National - New Order T-Shirt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi lescht Oscar-Kandidaten

Nei am Kino

Déi lescht Oscar-Kandidaten

Am Kino kann een dës Woch déi lescht Filmer gesinn, déi fir d'Oscaren nominéiert sinn. Donieft eng Koppel Filmer fir d'Gehir auszeschalten. An eppes fir d'Kanner an der Fuesvakanz roueg ze stellen.

auto_stories

4 min

De Sunny Pawar a LION (Foto: © Long Way Home Productions 2015 / Mark Rogers)

Chez Nous vum Lucas Belvaux

Déi franséisch Presidentielle sti virun der Dier. An et däerf ee gespaant sinn, wéi sech d'Stëmmung bis dohinner entwéckelt a wie wënnt. Wéinst dësem Waljoer hu sech franséisch Produzenten an de Réalisateur Lucas Belvaux geduecht, si missten d'Dynamike vu riets-extreme Parteistrategien thematiséieren. D'Emilie Dequenne spillt eng Infirmière, déi bei d'Leit heem geet. An der Ëmgéigend vu Lille ass si bekannt wéi e bonten Hond a gëtt vu Patienten, Frënn a Famill als häerzensgudde Mënsch ugesinn. Vun dëser ëffentlecher Appreciatioun gëtt si enges gudden Dags vun enger Partei, déi net den FN ass, ugeschwat, fir sech bei den nächste Gemengewahlen opsetzen ze loossen. Nom Lancement vun der Bande d'annonce sinn déi Responsabel vum Front National oniwwerraschenderweis brüskéiert opgesprongen. Et spille soss nach mat: André Dussolier, Guillaume Gouix an Catherine Jacob.


E Sonndeg ginn d'Oscare verdeelt. A fir datt ee sech do e komplett Bild ka maachen a sech Méindeg legitim opreegen däerf, dat d'Academy deene Falschen d'Präisser iwwerreecht huet, lafen dës Woch déi leschten zwee Filmer aus der Kategorie Beschte Film un, déi de Wee nach net op Lëtzebuerg fonnt hunn.

Fences vum Denzel Washington

Fences vum Denzel Washington erzielt d'Geschicht vun enger Koppel, vu Washington an dem Viola Davis gespillt, déi sech an den USA vun den 1950er versicht duerch d'Liewen ze schloen. Hie war an der Zäit e villverspriechend Baseballtalent, ma huet deen Dram wéinst senger Famill missen opginn. Dës Decisioun bestëmmt säi Banneliewen, ma d'Famill gëtt dank enger anerer Decisioun schwéier op d'Prouf gestallt. De Film baséiert op engem Pulitzerpräiss gekréinte Stéck vum August Wilson, an deem den Denzel an d'Viola an der Zäit um Broadway op der Bühn stoungen. Véier Oscarnominatiounen.


Lion vum Garth Davis

Fir sechs Statuetten geet Lion vum Garth Davis an d'Course. De Fait divers, deen hei a Zeen gesat gëtt, ass d'Geschicht vun engem klengen indesche Jong, deen sech op enger Zuchrees verléiert an dausende vu Kilometer vun doheem ewech, eleng do steet. Iergendwann gëtt hie vun enger australescher Famill adoptéiert. 25 Joer méi spéit léisst seng ursprénglech Famill him keng Rou. Mat Memoire a Persistenz mécht hie sech op de Wee fir d'Famill erëmzefannen. An zwar mat Hëllef vu Google Maps. Kléngt op den éischten Drécker ferm kitscheg, soll awer wierklech touchéierend sinn. An der Haaptroll ass den Dev Patel. Soss nach mat dobäi sinn d'Nicole Kidman, d'Rooney Mara an den David Wenham.


John Wick: Chapter 2 vum Chad Stahelski

John Wick 2 ass d'Suite vum Iwwerraschungsactionfilm vu virun e puer Joer. De Keanu Reeves war do als Optragskiller John Wick op eng kal Revenge aus, nodeems hie vun anere Assassine säi Mupp ëmbruecht kritt. E Cadeau vu senger verstuerwener Fra. D'Resultat: Et hat keen eppes ze laachen. Just de Spectateur, dee gouf mat engem iwwerraschend maitriséierte B-Movie Actionfilm verwinnt, deen ausseruerdentlech schéi choréograféiert war an an deem de Keanu op Héichtoure komm ass. Wann deen zweeten op mannst esou ass, dann nëmmen heihinner domadder.


Split vum M. Night Shyamalan

Wien hätt nach eng Kéier e Su drop ginn, dat den M. Night Shyamalan en hallefweegs potabele Film mécht? Split soll anscheinend genau dee Film elo sinn. An dësem Thriller spillt den James McAvoy en Typ mat enger Perséinlechkeetsstéierung, déi ganzer 23 Personnagen an him ausmécht. Hie kidnappt dräi jonkt Meedercher, déi iergendwéi mam Liewe mussen dovu kommen, iert sech bei him eng 24. Perséinlechkeet manifestéiert, déi all déi aner iwwertrompt.


Zwee Kannerfilmer

A fir déi zweet Halschent vun der Fuesvakanz leeft e véierten Deel vun de Bibi & Tina Filmer un, an deem et ronderëm d'Aventere vu pubertéierenden däitschen Hexe geet. A fir déi ganz kleng leeft eng russesch Produktioun mam Numm Masha et Mishka un. Eng Kannerserie, déi hiren Ufank am Joer 2009 fonnt huet an elo fir de groussen Ecran verschafft ginn ass.