Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Soccer Mommy - Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Tarantino seng perséinlech Hollywood-Mythologie

Nei am Kino

Dem Tarantino seng perséinlech Hollywood-Mythologie

Den amerikanesche Realisateur Quentin Tarantino huet mat sengem néngte Film "Once upon a time... in Hollywood" ee ganz perséinlechen Hommage gedréit. Dem Michel Delage huet dës Autosfaart duerch den '69er L.A. gefall.

auto_stories

3 min

Brad Pitt a Leonardo DiCaprio (Foto: Sony Pictures Entertainment)

Dem Rick Dalton (Leonardo DiCaprio) seng Schauspillercarrière stagnéiert. De Sprong vum klengen op de groussen Ecran geléngt dem relativ populäre Fernseh-Cowboy net esou richteg. An där scho bal existenzieller Kris géif de Rick komplett ënnergoen, wier do net de Cliff (Brad Pitt), säi Stunt-Doubel a Chauffeur, fir hie moralesch iwwer Waasser ze halen ...

D'Relatioun tëschent dësen zwee Männer - verkierpert vun de Routiniere Leonardo DiCaprio a Brad Pitt - steet am Mëttelpunkt vum Quentin Tarantino sengem néngte Film. Déi nuancéiert gezeechent Bezéiung ass d'Entréesdier zu engem héichkaräteg besate Portrait vun Hollywood am Joer 1969, mat, als Fluchtpunkt, engem reelle Fait divers: der brutaler Ermordung vun der jonker Actrice Sharon Tate duerch fanatiséiert Jünger vum Guru Charles Manson.

I'm the King of the World!

Während dem DiCaprio säi komplexéierten an alkoholsüchtege Personnage Rick krampfhaft versicht, virun der Kamera e coole Cowboy ze spillen an iwwerhaapt emol säin Text ze behalen, ass de Cliff, alias Brad Pitt, dëse coolen, einsamen an awer iergendwéi mat sech an der Welt zefriddene Cowboy - woumat "Once upon a time... in Hollywood" op eng Manéier als dem Quentin Tarantino säin drëtte Western no "Django Unchained" an "The Hateful Eight" ka gekuckt ginn.

An awer ass de Cliff nëmmen de Waasserdréier, den Doubel, de Schied vun der Vedette, déi hirersäits däerf d'Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet genéissen, sech an engem décke Cadillac kutschéiere loossen a sech am Swimmingpool vu senger wuelsituéierter Villa an den Hiwwele vu Los Angeles erhuelen. Eng wonnerbar Iwwergangssequenz verdäitlecht de sozialen Ënnerscheed: de Cliff sëtzt sech hanner d'Steierrad vu sengem virun der Villa geparkten ofgenotzte Karmann Ghia, fiert duerch d'Stroosse vum '69er L.A. bis an eng verkomme Banlieue, an där säi bescheidene Mobilhome steet.

Den Tarantino, deen net vergiess huet, datt hien emol an enger Quartiersvideothéik geschafft hat, valoriséiert virun allem déi kleng Leit hanner de Kulisse vum Starsystem. Sou ass de Stuntman Cliff Booth dee Personnage, bei deem all d'Handlungssträng - dorënner dee mat den Hippie vun der Manson Family - zesummelafen, deen iwwer allem steet, um Daach vun der Stad.

Detailléiert a ganz selektiv Rekonstitutioun

Dat entsprécht an engems der Positioun vum Tarantino, dee vun uewen erof säi ganz subjektive Bléck op eng fir hie wichteg Period vun Hollywood geheit. Et ass eng minutiéis Rekonstitutioun bis an déi klengst Detailer, woubäi de Realisateur ganz selektiv virgeet: bei de reelle Personnagen, zum Beispill, déi hei um Ecran nees opliewe gelooss ginn - Steve McQueen, Roman Polanski oder nach Bruce Lee - handelt et sech ëm dem Tarantino säi perséinleche Panthéon.

Dem Polanski seng deemoleg Fra Sharon Tate (verkierpert vun der australescher Actrice Margot Robbie), huet eng apaart Roll am Film. Praktesch stomm a wéi onbedeelegt wandert den deemolegen Newcomer als onschëlleg-naiven, blonden Engel duerch d'Handlung, souzesoen als Géigepol zum Charles Manson senge lackeleg-gëftegen Däiwelcher.

Mat "Once upon a time... in Hollywood" schaaft de Quentin Tarantino seng ganz eegen Hollywood-Mythologie, mat - wéi gewinnt - enger Hellewull u Referenzen, extensiven Dialogzeenen a geleeëntlechen iwwerdriwwene Gewaltausbréch. Et ass e sentimentale Film, duerch deen ee während zwou Stonne 45, mam Autosradio un, gemittlech gondelt.