Radioen

On air

Resonanzen  |  Tommaso Traetta - Bella armonia vieni, aus 'Le Feste d'Imeneo' (Oper) - Nuria Rial (Sopr.), Artemandoline, Juan Carlos Muñoz (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Tintin seng Kollegen, dem Hergé seng Konkurrenten

Bande-Dessinée

Dem Tintin seng Kollegen, dem Hergé seng Konkurrenten

Et gëtt eng ganz Partie BD-Albumen, déi dem Tintin gläichen oder sech un him inspiréieren. Vill vun hinne gi bis haut weidergefouert, esou zum Beispill "Blake et Mortimer" oder "Spirou et Fantasio". An de Mil vum Gab Weis ass eng Zort Lëtzebuerger Tintin.

auto_stories

5 min

Den Tintin huet vill BDen inspiréiert

De Mil ass ee couragéierte jonke Reporter, dee sech ëmmer erëm dorop aléisst, fir allerhand dubiéise Figuren d’Handwierk ze leeën. Dobäi geréit hien an esou muench kriddeleg Situatioun. Dee "Lëtzebuerger Tintin" gouf 1952 aus der Fieder vum Karikaturist an Zeechner Gab Weis gebuer. Spéider gouf hie vu sengem Jong Serge Weis bis 1972 weiderliewe gelooss.

"Mil’s Abenteuer" gouf als Fortsetzungsserie an der Lëtzebuerger Revue publizéiert. Als Albume si sinn d'Geschichten ni erauskomm. Dofir ass et schwéier, fir haut nach ee kompletten Episode zesummen ze kréien. De Luke Haas consacréiert dem Gab Weis ëmmerhin a sengem Band "Comics in, aus und über Luxemburg" vun 2007 ee gréissert Kapitel. An 2012 koum eng Serie Timbere mat Portraite vun de Personnagen aus "Mil's Abenteuer" eraus. Schued awer, datt een domat nach ëmmer net an de Genoss vun deene sympathesch-naive Geschichte kënnt. Si sinn nämlech flott gezeechent an hunn op d’mannst ee gewëssen nostalgesche Charme.

Blake et Mortimer

D'Kaart vun der Nostalgie spillt och déi franco-belsch Serie "Blake et Mortimer", eng Kreatioun vum Edgar Pierre Jacobs, engem Mataarbechter an zugläich stäerkste Konkurrent vum Hergé. Am Fokus vum Jacobs senge Geschichte stinn de Geheimagent Francis Blake an den Nuklearphysiker Philip Mortimer, zwee englesch Gentlemen an onzertrennlech Frënn. Si geroden zënter 1946 an Abenteuer, déi tëscht Science Fiction, Spionage-Thriller a Krimi wiesselen. Offiziell riichte si sech un eng liicht méi al Lieserschaft wéi den Tintin. Et gëtt méi ze liesen an d'Intrige si méi komplex.

Optesch ass dem Hergé säin Afloss z'erkennen. Allerdéngs sinn d'Zeechnungen esou präzis, detailräich an elegant ausgefouert, datt een net midd gëtt, si ze studéieren. De Jacobs stoung sengem Léiermeeschter a Kolleg a punkto Technik an näischt no: Deem seng Akribie a punkto Dokumentatioun a wëssenschaftlech Glafwierdegkeet huet hien op d'Spëtzt gedriwwen. Dat suergt fir Spannung an Atmosphär - an dofir, datt Albume wéi "La marque jaune" zu de Klassiker zielen, déi a kenger Sammlung sollte feelen.

Net genuch Humor

Leider stéiere bei "Blake et Mortimer" aus haiteger Siicht déi vill a laang Narratiounstexter, déi d'Biller iwwerfëllen an deelweis fir eng lästeg Redundanz suergen. Ausserdeem hätt eng Grëtz vum Capitaine Haddock sengem Temperament an Humor deenen zwee Brite gutt gedoen.

Dëse Schwaachpunkten huet kee vun deene kreative Käpp, déi d'Serie nom Jacobs sengem Doud weidergefouert hunn, eppes entgéintgesat. Ob aus Respekt virum grousse Meeschter oder op Grond vu kommerziellen Iwwerleeungen - de Capitaine Blake an de Professer Mortimer bleiwen och an de Zeenarie vun engem Yves Sente oder Jean van Hamme an ënnert der Patt vun engem Ted Benoit oder André Juillard konservativ an e bësse fad Personnagen. Op extrem Situatioune reagéiere si schlëmmstefalls mat engem lakoneschen "By Jove!".

Mee dat ass meckeren op héijem Niveau. Am Géigesaz zu anere Serien hu "Blake et Mortimer" duerch déi virsiichteg Approche an dank héichkarätegen Auteuren hir Qualitéit konnten halen. An hir Lieserschaft gëtt sécher och net enttäuscht, wann Enn November dee 24. Episod, "Le testament de William S.", erschéngt.

Spirou et Fantasio

Vun engem aneren Iwwerliewenden aus der Tintins-Ära ass dëst Fréijoer de 55. Band erauskomm. De Spirou ass ee jonke Groom mat engem knallroude Kostüm an engem routblonde Buuscht. Säi Frënd a Matstreider ass de geckege Journalist Fantasio. Begleet ginn déi Zwee vun engem Kaweechelche mam Numm Spip.

"Spirou et Fantasio" ass eendeiteg ee Konkurrent vum Tintin, dee vum Editeur Dupuis 1938 lass geschéckt ginn ass, fir deeselwechte kommerzielle Succès u Land ze zéien. Et ass och net z'iwwersinn, datt d'Konstellatioun vun de Personnagen an d'Dekoren an deene si evoluéieren, staark um Virleefer inspiréiert sinn. Grafesch ass de Spirou dogéint wäit ewech vum Hergé sengem strengen a präzisen Duktus. Hie gehéiert der sougenannter "Ecole de Marcinelle" un: Engem ronnen humoristeschen Zeechestil, och bekannt ënnert dem Ausdrock "Les gros nez".

Datt de Spirou awer vun Zäit zu Zäit säi Look changéiert - mol méi karikatural a mol méi realistesch - an déi ganz Saga geleeëntlech Inkohärenzen opweist, ass kee Wonner. Fir d'Realisatioun vum Spirou sengen Aventuren hunn d'Auteure sech d'Klensch an de Grapp ginn. Dorënner eng Partie grouss Nimm, wéi de Jijé: Ee Pionéier vun der europäescher BD, dee souwuel am humoristesche wéi am realistesche Stil doheem war. Oder den André Franquin, dee wuel deene meeschte Leit als de Papp vum Gaston Lagaffe dierft bekannt sinn.

Méi Usproch duerch de Franquin

De Franquin huet wesentlech zum Erfolleg vum Spirou bäigedroen an hien och artistesch op ee méi héijen Niveau bruecht. Duerch seng expressiv Patt a säi liicht melancholeschen Humor huet hien och méi usprochsvoll Lieser interesséiert. Ënnert senger Fieder goufen d'Geschichte méi duerchduecht, déi existent Personnage krute méi däitlech Charakterzich an eng ganz Rëtsch skurril Figure koumen derbäi. Esou zum Beispill de Marsupilami, dat wibbelegt Fabeldéier mam Leopardemuster an deem onendlech laange Schwanz, dat spéider an enger eegener Serie säin Onwiesen dreife sollt. An och deen onvergiessleche Gaston Lagaffe ass aus dem Spirou sengem Donstkrees ervirgaangen.

Mee nodeems de Franquin der Serie de Réck gedréint hat, goung et mat der Qualitéit séier biergof. Amplaz dem héichtalentéierten a -motivéierten Yves Chaland d'Saach an den 1980er Joren unzevertrauen an domat neie Wand eranzebréngen, ass den Editeur op Nummer Sécher gaangen. Hien huet der Rei no mëttelméisseg Kënschtler ugestallt, fir brav am Franquin senge vill ze grousse Foussofdréck ze trëppelen. D'Resultat ass ee Masseproduit ouni Interêt - et sief dann, et ass ee Fan vun ale Kamellen, déi ëmmer erëm mat enger neier Etikett zerwéiert ginn.

Le Spirou de ...

Ee Liichtbléck ass d'Rei "Le Spirou de …", déi parallel zu deene villen offiziellen Albumen erschéngt an alternativ Auteuren zum Zoch komme léisst. Do sierf zum Beispill "Le groom vert-de-gris" vum Zeenarist Yann an dem Zeechner Olivier Schwartz ervirgehuewen. An engem gelongene Retro-Design realiséiert, stécht den Album voller Uspillungen u reell Ereegnisser an Detailer, déi d'Liesen zu engem komplizenhafte Pleséier maachen.