Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)"

Art Week

Den Daniel Wagener a säin "Dispositif(s)"

Tëschent dem 8. an 10. November ass déi fënneft Luxembourg Art Week: iwwer 60 Galeriste versichen, an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg Keefer fir hir Konscht ze fannen.

auto_stories

2 min

Et bedeelege sech och ëmmer méi Konschtinstitutioune mat engem kulturelle Programm un der Manifestatioun: zanter zwee Joer zum Beispill de Casino. De Forum fir zäitgenëssesch Konscht huet fir dës Editioun de Fotograf, Grafiker an Imprimeur Daniel Wagener invitéiert.

Fotografie, déi devoiléiert

Dem Daniel Wagener seng fotografesch Foire-nature-morte weisen u sech Banalitéiten. Duerch säi Choix vun der Perspektiv, seng Mise en scène, säi Kader, verwandelt hie mat senger Lëns verblatzt, wahrscheinlech genmanipuléiert, Blummestäck, eng eekeleg brong Sëtzgarnitur aus Liederimitat, Filzrouleauen, Réier an alle Formen a Faarwen, déi néierens hiféieren a bëlleg 80er Jalousien a grouss Konscht.

Hie weist hir verstoppt a vergänglech Schéinheet, devoiléiert hir, an deemno eis Fassade. Ob dat ukënnt oder net, suerge beim Daniel Wagener net fir Kappzerbrieches, hie muss dat maachen, wat hie fillt, instinktiv handelen. All Foire schéngt dem Daniel Wagener "artificiel", wat jo esouwuel onnatierlech wéi och kënschtlech bedeit: also eng ideal Plaz fir hien.

Méi wéi just Konscht

Den Daniel Wagener, deen haaptsächlech zu Bréissel lieft, an do nieft der Fotografie och e Printatelier bedreift, verkeeft op der Luxembourg Art Week net sech selwer, respektiv seng Konscht, mee e Service. Seng Konschtinstallatioun, déi de lénken Deel vun der Entrée komplett ausfëllt, ass e Mix tëschent senge Fotosaarbechten, senge Printen a Groussformat - déi hien zum Deel op riseg hëlze Placke gepecht huet - an engem traditionellen Dréckereiatelier, an deem all Visiteur, dee Loscht huet, zu all Moment, Bichelcher mat der Ënnerstëtzung vum Kënschtler drécke kann.

Besonnesch opfalend ass e Monumentalformat, en Dyptique, also zwee hëlze Brieder vun 2,50 Meter op 1,25 Meter, op déi den Daniel Wagener eng Aart Karusselpäerd an zwee Deeler gekollt huet.

Déi steif pastelle Plastik war him an den USA opgefall. De Fotograf war virun zwee Joer mat engem Edward Steichen Award ausgezeechent ginn a konnt doropshin vun enger Residenz zu New York profitéieren. Vu datt de Big Apple him ze stresseg war, ass hie bis a Mexiko oder Louisiana gereest an huet do ronderëm sech geschoss - awer just Fotoen - ë. a. vun engem bewaffnete Päerd, also ouni Cowboy.