Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Denker Theodor Adorno ass viru 50 Joer gestuerwen

Kultur

Den Denker Theodor Adorno ass viru 50 Joer gestuerwen

Den Theodor Wiesengrund Adorno war ee vun de wichtegste Geeschteswëssenschaftler vum 20. Joerhonnert. Viru genee engem hallwe Joerhonnert ass hie gestuerwen. Als Pilier vun der Frankfurter Schule, eng vun de Wéie vu lénker Gesellschaftskritik, hat hien e groussen Afloss op d'68er Beweegung an Däitschland. De Michel Delage mat engem Portrait vum Theodor Adorno.

auto_stories

3 min

"Kritische Theorie", sou hat sech an den 1930er Joren eng lénk intellektuell Stréimung genannt, déi d'Synthees gemaach hat tëschent dem dialekteschen Denke vum Hegel, der Kritik vun der politescher Ekonomie vum Marx an dem Freud senger Psychanalys. Hiren institutionellen Aarm war d'Institut für Sozialforschung zu Frankfurt. Besonnesch zwee Nimm haten déi éischt Generatioun vun der sougenannter Frankfurter Schule gepräägt: Max Horkheimer an dann Theodor Wiesengrund Adorno.

Den Adorno gouf 1903 zu Frankfurt gebuer als Jong vun enger Famill vun der Groussbourgeoisie, dee sech als begaabte Student fir Philosophie, Musekswëssenschaften, Psychologie a Soziologie interesséiert hat. No engem Openthalt zu Wien, wou hie sech mat der deemools innovativer atonaler Musek beschäftegt hat, gouf 1931 eng Carrière als Privatdozent an der Philosophie ageschloen. Nëmmen zwee Joer méi spéit haten d'Nazien him ee Beruffsverbuet operluecht, wéinst de jüddeschen Originne vu sengem Papp. Ufanks 1938 hat den Adorno sech dann, no enger Tëschenetapp zu Oxford, an d'Vereenegt Staaten exiléiert, zesumme mat senger Fra Gretel, déi eng wichteg Roll op senger Säit sollt spillen.

"Aspekte des neuen Rechtsradikalismus"

Während de Jore vum Zweete Weltkrich hat den Adorno sech an den USA un enger Soziologie geriwwen, déi manner op theoretescher Spekulatioun, wéi op konkreten Datesammlunge baséiert war. Eent vun de Resultater war eng kollektiv Etüd iwwer déi autoritär Perséinlechkeet, dat heescht iwwer de Spektrum vu Charakterzich, déi en Individuum besonnesch fir faschistesch Ideologien ufälleg maachen, an déi duerchaus och an der liberaler amerikanescher Gesellschaft präsent waren. Déi haut nach valabel Etüd kann ee mam Adorno sengem viru Kuerzem eréischt publizéierte Virtrag vun 1967 "Aspekte des neuen Rechtsradikalismus" ergänzen.

An Amerika huet den Theodor W. Adorno dann och den definitiven Uschloss fonnt un de Max Horkheimer sengem Institut fir Sozialforschung, an deem sengem Donschtkreess hie sech scho virdru beweegt hat. D'Produkt vun där perséinlecher Zesummenaarbecht war den Essai-Band "Dialektik der Aufklärung. Philosophische Fragmente", dee kuerz nom Krich verëffentlecht gi war an als ee vun de fundamentalen Texter vun der Frankfurter Schule gëlt.

D'Barbarei an der Philosophie des Lumières

D'Haaptiddi ass déi, datt am Gedanke vum Fortschrëtt duerch d'Vernonft, sou wéi en zanter dem 18. Joerhonnert vun der Philosophie des Lumières verherrlecht gouf, och schonn d'Barbarei ugeluecht ass, déi Barbarei also, déi am Zweete Weltkrich ee virleefegen Héichpunkt erreecht hat. Eng Barbarei, déi den Adorno an den Horkheimer tendenziell och am spéitkapitalistesche System erkennen, sou wéi en an den USA ausgeräift ass. Dat virun allem an der sougenannter "Kulturindustrie", der Massekultur, déi wéinst hirer standardiséierter Produktiounsweis eng permanent Reklamm fir déi kapitalistesch Ideologie ass an deemno dofir suergt, datt déi gesellschaftlech Strukture gefestegt amplaz a Fro gestallt ginn.

"Es gibt kein richtiges Leben im falschen."

Dës Iwwerleeunge féiert den Adorno weider a sengem 1951 eleng verëffentlechte Buch "Minima moralia. Reflexionen aus dem beschädigten Leben", an deem säi berühmte pessimistesche Konstat ze liesen ass: "Es gibt kein richtiges Leben im falschen."

1953 eréischt hat den Theodor Adorno sech erëm definitiv an Däitschland niddergelooss, fir sech zu Frankfurt ëm den Institut für Sozialforschung ze bekëmmeren a weider u sengem theoretesche Wierk ze schaffen, am Beräich vun der Museksphilosophie, der Literatur an der Philosophie tout court: 1966 koum säin Opus Magnum "Negative Dialektiv" eraus.

An Tëschenzäit war den Adorno ee renomméierten ëffentlechen Intellektuellen ginn, dee virun allem wéinst senger Kapitalismus-Kritik als e grousse Virdenker vun der 68er-Beweegung an d'Geschicht ageet, och wann hie méi spéit a Konflikt mat engem Deel vun de Studente gerode war: mam Aktionismus an der Gewalt, déi ëmmer méi d'Iwwerhand geholl hat, konnt de pessimisteschen Theoretiker näischt ufänken.

Den Theodor Wiesengrund Adorno ass de 6. August 1969 an der Schwäiz gestuerwen.