Radioen

On air

Notturno  |  Polyrhythmics - Liam Rides A Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefaangen zu Lëtzebuerg?

Buchbespriechung

Gefaangen zu Lëtzebuerg?

Den Historiker Henri Wehenkel huet an den Editions du Phare eng nei Monographie iwwert de "Buchhändler, Journalist, Schriftsteller" Emil Marx (1899-1964) erausginn. E Buch dat och eng wäitgräifend Analyse vum sozio-politeschen Kontext vun dem Marx sengem Wierken duerstellt.

auto_stories

12 min

Den Emil Marx zu Iechternach am Joer 1919.

Iwwert déi läscht Méint hat den Henri Wehenkel an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land eng ganz Serie vu senge Biographies Luxembourgeoises publizéiert. Dat sinn nuancéiert Portraiten vun deenen, déi an den Occupatiounsjoren matgemaach hunn amplaz sech ze verweigeren. An dësen detailléierten Texter huet den Henri Wehenkel eng kritesch Dokumentatioun doduercher erweidert, dass hien och ëmmer nees de Kontext vun den Zäitgenossen an d’Ëmfeld vun sengen Sujet erklärt huet.

Den Henri Wehenkel krut vum Emil Marx senger Fra Lili, deem seng Dokumenter a Pabeieren. Domadder konnt hien e weidere Portrait, dës Kéier vun engem Lénks-Intellektuellen opschreiwen an och hei duerch e ganzen Anhang un Dokumenter erweideren. "Emil Marx: Buchhändler, Journalist Schrëftsteller" ass e Buch dat eng nei Lektür iwwert d’Tëschekrichszäit d’Occupatioun an d’Lëtzebuerger vun no dem Krich erméiglecht.

Beschriwwe ginn an dësem Buch d’Existenz an de Kampf vun engem Mann, dee vu sech déi intellektuell Integritéit gefuerdert huet, déi e bei villen vu sengen Zäitgenossen net fanne konnt. Den Emil Marx huet sech a senger kritescher Approche mat Leit, wéi dem Joseph Emile Müller oder och dem Pierre Biermann kënnen associéieren. Mat aneren huet hien eng Zäit geschafft oder hien huet fir se geschafft an sech och nees vun hinne getrennt - net ëmmer am Gudden, wéi am Fall vum Hubert Clement, deen eng Zäit laang säi Chefredakter am Escher Tageblatt war.

Den Auteur bréngt et fäerdeg, d’Schwieregkeete an d’Zerwërfnis vun dem politesche Milieu an der intellektueller Zeen, besonnesch an den 30er an Joren a méi präzis de Moment vum Maulkuerfgesetz ganz andrénglech ze beschreiwen.

D'Librairie als Refuge

Wann den Emil Marx emol net fir déi aner geschriwwen oder geschafft huet, da war hien zum Beispill mat senger Fra an hirer Librairie an der Stad. Vun 1930 un war dëst Geschäft (dat vun der Groussgaass an d’Neipuertsgaass geplënnert war) en Treffpunkt net nëmmen fir d’Gauche. Et war och eng Plaz vun där aus de Marx seng anti-faschistesch Resistenz zu Lëtzebuerg kloergestallt huet. An der Librairie Marx krut een déi Bicher, déi an Däitschland scho laang verbuede waren: Dat wat an der Fënster louch, muss hoffnungsvoll op déi vill däitsch an éisträichesch Emigranten gewierkt hunn, déi an den 30er an d’Lëtzebuerger Exil koumen.

Den Henri Wehenkel schreift: "Die Buchhandlung Marx spielte in diesem Gefecht ein zentrale Rolle. (...) Hier überlebte die deutsche Kultur, hier war man unter Freunden und konnte reden. Es war für die Gehetzten, Gefolterten, Gebrandmarkten die erste Haltestelle, der rettende Hafen, der feste Boden. Emil Marx erzählte in einem 'Escher tageblatt' Artikel: 'In der Bürotür steht unvermittelt ein Mann, ein Mann ohne besondere Kennzeichen und würgt an einem Satz. Es reisst ihm das Kinn immer wieder zur Seite, und als ihm endlich die Rede folgt, klingen seine Worte vor Anstrengung fast barsch. Nein, er wolle nichts haben, es fehle ihm nichts. Nur bedanken wolle er sich. Er komme aus dem Konzentrationslager, heute Nacht über die Grenze.'"

Den Emil Marx a seng Fra goufen mat a wéinst hirer Librairie an der Stad schonn vun 1937 un vun der Gestapo bespëtzelt. Am Krich konnte si sech nach bis 1941 hei am Land verstoppen, ier se an déi franséisch "Zone non occupéee" gaangen sinn. Wéi si zeréckkoumen, hu se direkt gemierkt, dass se dat Lëtzebuerg vun virum Krich net méi kéinten zeréckfannen. Den Emil Marx huet deemools geschriwwen : “Wir, die wir draussen waren die ganze oder grösste Zeit, wo in der Heimat hier Unsägliches vor sich ging, wir gehen jetzt durch unsere Strassen und versuchen nun wirklich wieder heimzufinden. Wir schauen in Gesichter, die in dieser kurzen Spanne um zehn, um zwanzig Jahre älter wurden, wir schauen in Augen, in denen noch der flackernde Schrecken sitzt, wir drücken Hände. (…) Ach wir hatten es uns so schön gedacht, diese Heimkehr.(…) Dann haben wir es erlebt, oft und oft, dass wir mit einem Freunde sprachen : 'Ich habe gerade den und den getroffen.”-“Ach, Der? das war ja auch ein netter Schweinehund!'  Und Ekel stieg in uns hoch beim Bericht des Freundes und wir rieben heimlich unsere Handfläche an einer Hüfte entlang.”

Feinden aus den 30er a 50er Joren

De Marx hat eng spatz Fieder. Hie war zu ironescher Moquerie, wéi och zu der erbaarmungsloser an hefteger Kritik fäheg. Hien hat esou och seng Feinden: Ee vun hinnen war den Pierre Grégoire, Deputéierten a Generalsekretär vun der CSV, grad ewéi spéideren Minister, an deen och ënnert dem Pseudonym Gregor Stein fläisseg geschriwwen a publizéiert huet. Den Henri Wehenkel schreift, dass de Grégoire Intellektueller wéi den Emil Marx oder och den Joseph-Emile Müller kalstelle wollt.

Déi Zäit hat de Marx grouss finanziell Problemer a konnt sech Ufanks just mat sengen Artikel am Lëtzebuerger Journal eenegermoossen iwwert Waasser halen. Eng prekär Situatioun an där den Grégoire zougeschloen huet: "Es gibt nämlich hierzulande Journale, die auf der ersten Seite und zwar nicht schlecht, manchmal sogar recht gut, den Roten eins auswischen, die aber  gleich auf der vierten Seite ihr Feuilleton von einem Manne schrieben lassen, der wahrhaftig, ich hab’s mit eigenen Ohren gehört – den Frieden gepredigt, der anderswo, unter Hammer und Sichel, ganze Volksstämme zu Tode hetzt. Daneben gibt es Tageblätter, in denen Kuntkritiker zu Worte kommen, deren Name  sich ganz hübsch in jenes Gremium einfügten, auf dessen Fahne – es lebe die moderne Kunst- die Taube des Picasso dem alten Europa ein Schlafliedchen girrt." (Pierre Grégoire Luxemburger Wort August 1950)

​Knapps zwee Joer virdrun hat de Marx nach de Geck mam Pierre Grégoire gemaach. An de Säiten vun der satirescher Zeitung "Péckvillchen" huet hien dem Grégoire seng Qualitéite als Schrëftsteller als "einer der skurrilsten Auswüchse unseres Geisteslebens" bezeechent. Den Henri Wehenkel beschreift dem Pierre Grégoire seng Efforten an dem Kontext vum Kalen Krich als den Ufank vun enger Zort Lëtzebuerger  Hexejuegd op Kommunisten no dem Modell vum MacCarhy senger an den USA. Dat huet un d'Mëtt vun den 30er Joer erënnert an un de Sträit em d’Maulkuerf-Gesetz, dat net nëmmen déi kommunistesch Partei, mee och alles wat d'Regierung als verfassungsfeindlech agestuuft huet, verbidde wollt.

Diktatur vun der Selbstgefällegkeet

Während der Kontrovers iwwer d'Maulkuerf-Gesetz hat den Emil Marx mam Joseph-Emile Muller an den Exil-Kabarettisten Karl Schnog an Ernst Hartmann am Volleksbildungsveräin an der Stad geschwat. An dës Kéier war de Batty Weber dem Marx an de Réck gefall:  "Soll der Luxemburger Volksbildungsverein , der zur Bildung des Volkes im liberalen Sinne beitragen will – soll der dazu mithelfen, dass sich in unserem Land genau die Zustände herausbilden, die in Spanien zu dem brutalsten aller Bürgerkriege geführt haben? Fast will es so scheinen. Der Verein  gibt einem das Wort, der sich offen und schriftlich als Anhänger des Kommunismus bekennt, von dem er das Heil der Welt erwartet (=Joseph-Emile Müller).  Derselbe Verein wirbt als Wortführer zwei Ausländer an, die bestimmungsmäsig der Richtung auf die Weltrevolution angehören (= Schnog und Hartmann) ; auf die Weltrevolution, die ihre Parole von Moskau bekommt , die auf die Zerstörung des Begriffs vaterland losarbeitet und von einer Weltherrschaft träumt, in der die Masse zur Sklavin würde…"

Déi nei Biografie iwwert den Emil Marx ass méi wéi oppschlossräich, si kläert op iwwert Verhältnisser déi wäit weit ewech schéngen, mä bei der Lecture erschreckend no réckelen. Den Henri Wehenkel gëtt sengem biographeschen Text iwwert den Emil Marx eng batter Conclusioun: Den Emil Marx wier net den Heldendout gestuerwen, wéi säi Frënd de Frantz Clément. Hien huet och net d’Qualen vun der ernidddregter Mënschheet misse materliewen, wéi säin Frënd den Historiker Pierre Biermann. Säi Prisong war Lëtzebuerg: "seine Tragik war die Interessenlosigkeit der Linken, der Verrat der Intellektuellen, die Diktatur des Sselbstverständlichen und Selbstgefälligen."