Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ënnergang vun enger Welt

Kino

Den Ënnergang vun enger Welt

Den engleschen Drama "Bait" setzt konsequent op de Vintage-Stil, fir den Iwwerliewenskampf vun der traditioneller Fëscherei duerzestellen. Aus der Kompetitioun vum Luxembourg City Filmfestival.

auto_stories

3 min

E Fëscherduerf am englesche Cornwall. De Martin (Edward Rowe), dee fir en neit Boot spuert, huet Krämpes fir d'Liewensweis vu senge Virfaren oprecht ze erhalen. Nieft de wirtschaftleche Contraintë fillt hie sech besonnesch och vu sengen neien Noperen, eng besser Londoner Famill, bedrot. Si bedreift am Duerf e Bed & Breakfast, Symbol vun der Tourismus-Industrie, déi déi traditionell Fëscherei lues a lues verdrängt. De Konflikt spëtzt sech zou.

De Klassekampf an de Prozess vun der Gentrifizéierung stinn am Mëttelpunkt vum Mark Jenkin sengem Drama ''Bait''. Wat an deem Film besonnesch opfält, ass seng Form. D'Geschicht spillt zwar an der haiteger Zäit. Verzielt gëtt si awer unhand vu schwaarz-wäisse Biller, déi mat enger zerkraazter 16mm Pellicule gefilmt sinn.

Konsequente Vintage-Stil

Dëse Vintage-Stil gëtt konsequent duerchgezunn, mat engem postsynchroniséierte Mono-Toun a graffe Bruitagen, eppes wat d'Häert vum Fëschermilieu, deen hei mat Realismus duergestallt soll ginn, ënnersträicht.

D'Kamera ass meeschtens fix, d'Dialoge sinn am Champ-contrechamp gefilmt, d'Gesiichter an och Géigestänn aus dem Alldag ginn a Gros planen agefaangen. Esou ergëtt sech eng relativ zerhackte Realitéit, duerch déi eng gewëssen Distanz, fir net ze soe Konfliktualitéit tëschent de Personnagen zum Ausdrock kënnt.

Wat net bedeit, datt am Film zwee monolithesch Bléck openee stoussen. D'Grenze sinn duerchaus porös: de Jong vum Fëscher an d'Meedche vun der Londoner Famill komme sech méi no, déi eng an déi aner sinn och schonn emol zu konziliante Geste bereet, déi hëllefen de Konflikt ze entschäerfen. Mee duerch de rigide Corset, an deem de Film trotz allem agezwängt ass, schéngt d'Tragedie virgezeechent ze sinn ...

Expressivitéit

Et ass eng Ästheetik, déi een aus ale Filmer aus den 1930er-40er Jore kennt, méi wéi eemol fillt ee sech zum Beispill un de sowjetesche Cineast Serguei Eisenstein erënnert. Aus der deemools nach rezenter Stommfilm-Ära war ënner anerem e Fokus op d'Expressivitéit vun de Gesiichter iwwreg bliwwen. A deem heite Film konstrastéiert d'Ausdrockskraaft mat de knappen, holzschnëttaartegen Dialogen, déi sech duerch de soziale Milieu vun de Fëscher an eben och der Konfliktsituatioun tëschent Fëscher a räichen Outsider erklären.

Dynamiséiert gëtt de relativ statesche Filmstil duerch de Montage: datt d'Gemidder sech méi erhëtzen, datt méi séier tëschent de Gesiichter hin an hier gependelt gëtt.

Dynamesche Montage

De Montage alternéiert och dacks tëschent zwou an alt emol dräi verschiddene Plazen, woubäi och e Parallelismus tëschent änleche Motiven hiergestallt ka ginn. Esou gëtt an enger relativ hektescher Zeen gewiesselt tëschent engem Owesiesse mat Homard, engem Jong, dee gezwonge gëtt, e Fänkkuerf ze flécken, an engem aneren Owesiesse mat Nuddelen. Et sinn dräi Handlungssträng, déi enk matenee verbonne ginn. De Montage suergt fir en intensiven, dramatesche Moment.

Mam Réckgrëff op déi ganz Palett vum Vintage-Stil huet de Realisateur Mark Jenkin sécherlech déi richteg Mëttele fonnt, fir den Niddergang vun enger Welt - där vun den traditionelle Fëscher - ze beschreiwen. Säi Film ''Bait'' kann een dofir als gelonge bezeechnen. Gläichzäiteg stellt sech d'Fro, ob de Réckgrëff op eng scho laang depasséiert Filmtechnik, déi u sech net grondsätzlech erneiert gëtt, net awer och als Schwächt ze wäerten ass.


"Bait" leeft nach eng Kéier de Mëttwoch 11. Mäerz 2020 um 14 Auer an der Cinemathéik, am Kader vum LuxFilmFest.