Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den europäesche Film erhëlt sech

European Film Awards

Den europäesche Film erhëlt sech

Zënter 30 Joer vergëtt d'Europäesch Filmakademie déi europäesch Filmpräisser un déi beschte Produktiounen. Dëst Joer war eng schwedesch Produktioun besonnesch erfollegräich. D'Zeremonie war eng politesch Affär.

auto_stories

3 min

De Weekend goufen am Haus der Berliner Festspiele d'European Film Awards verginn. Dëst Joer heescht de grousse Gewënner "The Square", eng schwedesch Satir vum Ruben Östlund. Als beschten europäesche Film gouf e mat sechs Präisser ausgezeechent. Fir d'Zeenebild, d'Dréibuch, d'Regie a fir déi bescht Komedie. Zu Cannes hat de Film schonn d'Palme d'Or gewonnen. Et wier wichteg gewiescht, e Film iwwert e wichtegt, zäitgenëssescht Thema ze maachen, seet de Ruben Östlund.

"Mir wollten, datt en opreegend an ënnerhalend ass, an datt dat kee Widdersproch zur Wichtegkeet vum Sujet duerstellt. Ech mengen, dat ass och iergendwéi déi europäesch Approche, dat huet een an anere Filmer wéi "Toni Erdmann" zum Beispill, kloer gesinn."

De Claes Bang gouf fir seng Haaptroll an "The Square" als beschte Schauspiller geéiert. D'Kategorie bescht Schauspillerin goung un déi ungaresch Actrice Alexandra Borbély fir hir Roll an der Ildyko Enyedi hirem Berlinale-Gewënner "On Body and Soul", eng Libesgeschicht iwwert eng Koppel, déi an engem Schluechthaus schafft an de selwechten Dram huet. D'Julie Delpy, déi franséisch-amerikanesch Schauspillerin gouf fir hir "Europäesch Contributioun zum Weltkino" ausgezeechent. An hirem Remerciement ass d'Julie Delpy op d'Schwieregkeeten agaangen, déi si huet, fir hiren neie Filmprojet, deen zu Berlin gedréit soll ginn, ze realiséieren. Kuerzerhand huet si e Sonndeg den Owend eng Tombola organiséiert, fir 600.000 Euro, déi feelen, eranzekréien.

De russesche Regisseur an Dréibuchauteur Alexander Sokurow krut sengersäits e Präis fir säi Liewenswierk. Hie mécht zënter bal véier Joerzéngte Filmer a krut fir seng Faust-Verfilmung 2011 de Gëllene Léif zu Venedeg. Den European Discovery Fipresci Präis goung u "Lady Macbeth" vum William Oldroyd an de People's Choice Award un "Vor der Morgenröte" vun der Maria Schrader, iwwert dem Schrëftsteller Stefan Zweig seng Zäit am Exil.

Den europäesche Film erhëlt sech

Mëttlerweil geet et dem europäesche Film erëm gutt. 1988, wéi d'Akademie gegrënnt gouf, war dat net sou. Den däitsche Regisseur Wim Wenders mengt, den europäesche Kino hätt deemools op enger Kräizung gestanen. Déi grouss Fro wier gewiescht: Wäert en iwwerliewen? Um Enn vun den 80er Joren hätt den europäesche Film wéineg Selbstvertraue gehat.

"An Europa Filmer ze maachen huet deemools dacks geheescht, op sech eleng gestallt einsam Kämpf ze féieren. Deemools war eng Schlagzeil an der Süddeutsche Zeitung, iwwert d'Fondatioun vun der Europäescher Film-Akademie: 'D'Eenzelgänger schléisse sech zesummen.'"

Zënter deem huet sech sou Munches gedoen. D'Joer drop ass d'Berliner Mauer gefall. An d'Hoffnung, déi domadder verbonne war, war och am Kino ze spieren. Mä de Wim Wenders ass a senger Ried zum 30-jährege Bestoe vun der Europäesche Film Akademie virun allem op den Nationalismus an anti-europäesche Sentiment agaangen, déi hien an Europa gesäit. Hien huet sech d'Fro gestallt, wou se hierkommen. Mä amplaz ze verzweiwelen, sollte mir d'Lektioune vun der Geschicht léieren, an Europa an eis kulturell a sozial Iddie feieren, sou de Wim Wenders.

D'Zeremonie vum Europäesche Filmpräis war also eng politesch Affär. Och Laureate wéi den Alexander Sokurow, deem seng Filmer zum Deel a Russland net gewise ginn, hu sech fir d'Konscht- a Pressefräiheet uechter Europa ausgeschwat. Et gouf, wéi och dacks bei der Berlinale, kloer, datt Film an Ideal, Konscht an Aktivismus op dacks subtil Aart a Weis matenee verbonne sinn.