Architektur De Bauhärepräis 2020

Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs (OAI) vergëtt fir d'sechste Kéier de Bauhärepräis. Am ale Postgebai um Aldringen kann een déi 257 Projete kucke goen. D'Lara Bousch war op der Plaz.

Lara Bousch

Architekturpläng
Symbolbild. Foto: Bigstock / skeptic

Déi al Post um Aldringen huet nach ëmmer d'Allür vu fréier. D'Guichete stinn zwar nach, mee den internationale Jury vum Ordre des architectes et ingénieurs (OAI) huet do déi 257 Projeten ausgestallt, déi fir de Bauhärepräis agereecht goufen.

International Jury a Präisser

De Präis ass fir ëffentlech a privat Bauhären a cibléiert ofgeschlosse Projeten. Et ass e ganz breet gefächerte Präis, net nëmme wat de Jury mee och wat d'Präisser ugeet. Alles an allem ginn et Präisser an néng Kategorien ze gewannen. D'Jury kënnt aus sechs verschiddene Länner: Lëtzebuerg, Spuenien, Frankräich, Belsch, Schwäiz an Däitschland.

Nieft klassesche Kategorië wéi Eefamilljenhaiser, kollektiv Haiser oder Amenagementer gëtt et och eng Rëtsch speziell Präisser, zum Beispill fir d'Erhalen an d'Renovéiere vu Patrimoine, fir d'Accessibilitéit vun engem Gebai, oder exemplaresch energetesch Renovatiounen.

Den Impakt op d'Gesellschaft

Den Ënnerscheed tëschent engem Architektur- a Bauhärepräis läit virun allem an de Krittären, erkläert d'Presidentin vun der Jury, Semiray Ahmedova, déi och Deputéiert fir déi gréng ass. "Mir kucke virun allem den Impakt op d'Gesellschaft, [...] den Impakt vu Sozialwunnengen, vu kollektive Wunnengen, intergenerationelle Wunnengen."

Et géifen awer och Gemeinsamkeete mat Architekturpräisser ginn, ënnersträicht d'Semiray Ahmedova, wéi zum Beispill d'Nohaltegkeet oder de Budget, fir ze weisen, datt een och "immens vill flott Saachen och mat engem klenge Budget" kéint maachen, esou déi gréng Deputéiert.

Vum 7. Juli bis de 5. Oktober kann een déi sëlleg Projete kucke goen, den 21. September ginn d'Gewënner an der Philharmonie annoncéiert. Zäitgläich feiert den OAI säin 30. Gebuertsdag. Um Internet Site www.bhp.lu sinn all d'Projeten, déi agereecht goufen, mat Fotoen an interessanten Erfarungsschilderunge vun de Baufraen an -hären ze fannen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

Luxembourg Architecture Award
LUCA

De Lëtzebuerger Architektur Präis steet dëst Joer am Zeeche vu sozialen an ekologesche Konzepter. D'Gewënner goufen a fënnef Kategorien, engem Éierepräis an engem Publikumspräis ausgezeechent.

Luca Olivier Minaire
Luxembourg Architecture Award

Mam Lëtzebuerger Architektur Präis gi clever a kreativ Léisungen ausgezeechent. Bis den 12. Dezember ginn 173 Projete presentéiert, déi an de leschte Joren uechter d'Land gebaut goufen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen