arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denkmalschützer schwätzen elo mat enger Stëmm

Patrimoine

|
reading time

3 min

Denkmalschützer schwätzen elo mat enger Stëmm

Viru Kuerzem gouf déi Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun (LDF) an d'Liewe geruff, déi de Moment sechs Associatioune regroupéiert. Hiert wichtegst Uleies: de Widdersproch tëschent nationalem a kommunalem Schutz ophiewen.

reading time

3 min

Am grousse Ganzen hätten d'Deputéiert an der Chamber, bis op e puer parteiiwwergräifenden Ausnamen, wéineg iwwreg fir den Denkmalschutz, seet de Paul Ewen, éischte Präsident vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun. Wéi gesäit et mam grousse Publik aus?

"Mir hunn d'Impressioun, et wieren éischter Wellen. Wann d'Zivilgesellschaft sech mellt, da kréie mer eng Zäit laang Gehéier, an da schwappt dat nees of. Allerdéngs gëtt an deene leschte Joren duerch méi Associatioune 'Kaméidi' gemaach. Mir zéien och aner Moyen erun, wéi d'Sozialmedien an Internet, wou all déi Associatioune méi Presenz hunn an doduerch och vill méi Leit erreechen. Do mierkt ee schonn e 'ras-le-bol' wat dat Thema ubelaangt."

Mat de Biergerinitiative Gemeng Kielen a Quo Vadis Käerch, dem Comité Alstad, de Lampertsbierger Geschichtsfrënn, dem Mouvement Patrimonial an der Sauvegarde du Patrimoine a.s.b.l. wier ee flächendeckend present. Elo wier et un der Zäit, d'Kräften ze federéieren a mat enger Stëmm, also mat méi Gewiicht der Politik géintiwwer trieden, seet de Paul Ewen, éischte President vum der neier Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun:

"Mir hunn déi selwecht Approche beim nationalen Denkmalschutz a beim kommunale sougenannte 'Schutz', well deen ass ee vun eise 'parents pauvres'. De Moment war also komm, fir zesummen opzetrieden."

Fuerderungen

Quitt datt se eenzele Sujeten net déi selwecht Prioritéit géife ginn, wéi am Fall vum Schutz vu Servitudes de vue, wieren déi sechs Grënnungs-Associatioune vun der LDF fir déi wichtegst Fuerderungen op enger Linn, sou de Paul Ewen: Automatesch Protektioun vu Gebaier virun engem bestëmmten Datum, Opstelle vun engem wëssenschaftlechen Inventaire, Unerkennung vum Prinzip der vun der utilité publique et an dem intérêt général vum Baupatrimoine, Unerkennung vun deem sengem wirtschaftlechen an touristesche Wäert, Konservatioun vum Patrimoine als Element vun enger nohalteger Entwécklung.

Mee déi wichtegst Fuerderung wier et, de Widdersproch tëschent dem nationalen an dem kommunalen Denkmalschutz opzehiewen. Déi geplangte Reform vum nationale Patrimoines-Gesetz ass zwar eng gutt Initiativ, léisst dee Widdersproch awer net op, mengt de Paul Ewen:

"Rezent ass en Haus an der Gemeng Kielen national protegéiert ginn. Gläichzäiteg hänkt d'Gemeng en Ziedel op dat Haus mat engem permis de démolition. Wat ass dat fir e Signal fir e Bierger, dee mat zwee politesche Patronen ze dinn huet? Deen ee seet, et muss gehale ginn, deen anere seet, du kanns et ofrappen. Dat ass komplett verréckt, domat ka kee verstoen, ob en ofrappen däerf oder net, a wien dat lescht Wuert huet. Dee legislative Ping-Pong tëschent kommunalem an nationalem Schutz gehéiert fir eis ofgeschaaft, datt mer do nach ee politesche Patron hunn a keng zwee."

De President vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun gëtt ze bedenken, datt d'Gemenge jo och net hiren eegenen Naturschutz hunn, well dat en intérêt général ass. Beim Denkmalschutz wier dat awer de Fall: um Enn kéint all Gemeng maache wat se wéilt. Denkmalschutz kéint esou net fonctionéieren.