Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Der Technik op der Spuer mam Paul Kirps

Expo

Der Technik op der Spuer mam Paul Kirps

Wann de Paul Kirps fir seng Expo "Time 0" eng al Polaroid-Kamera benotzt huet, dat fir sech mat Technik ze konfrontéieren, mat där net alles virauszeplangen ass. An och bei senge Biller huet een d'Impressioun, wéi wann de Kënschtler hei dem Verschwanne vun Technik aus eise Stied an eisem dach esou techniséierte Liewen eppes entgéint setzt, mengt de Frédéric Braun, dee sech d'Ausstellung am Neimënster ukucke war.

auto_stories

4 min

headphones

9 min

play_arrow
"Time 0" ass nach bis den 31. Januar 2021 am Neimënster ze gesinn

Der Legend no huet den Edwin Land d'Polaroid-Kamera entwéckelt, nodeems seng Duechter gefrot huet, firwat et esou laang géif daueren, bis een d'Fotoen dierft ukucken.

Dës Frustratioun dierft deene meeschte vun eis nach e Begrëff sinn. Verluere gaangen um Wee vum analoge Bild hin zum digitalen ass awer net nëmmen dës Erwaardung an dacks Enttäuschung iwwer d'Resultat vun engem technesche Prozess, mee scheinbar och de Wonsch, dat Bild tëschent den Hänn ze halen.

Datt de Paul Kirps dann, bis elo éischter bekannt fir seng ganz kontrolléiert Molereien a Wandmolereien, fir seng Ausstellung "Time 0" grad zu esou enger aler an dach relativ onkontrolléierbarer Polaroid-Kamera gegraff huet, ass e bësse verwonnerlech.

D'SX-70, déi Kamera, där de Paul Kirps hei eng Denkmal setzt, genee wéi hirem Entwéckler Edwin Land ass eng Direktbild- a Spigelreflexkamera, bei där den Edwin Land virun hirer Kommerzialiséierung anscheinend mol keng gréisser Maartfuerschung bedriwwen hat, an déi awer en enormen Erfolleg hat.

Vun 1972 bis 1981 ass dës Spigelreflexkamera verdriwwe ginn. Nostalgie stécht da sécher och am Paul Kirps senge Biller. Virun allem de Versuch, duerch d'benotze vun engem techneschen Instrument aus der Vergaangenheet sech bewosst engem Risiko auszesetzen oder enger "geplangter Spontanitéit".

"Time Zero" ass eng Referenz engersäits op e Film, deen 1980 kommerzialiséiert gouf an d'Entwécklungszäit nach emol reduzéiert huet, anerersäits op den Ëmstand, datt déi Filmer, mat deenen de Paul Kirps haut Fotoe mat der SX-70 mécht, just nach aacht Biller zouloossen, de Compteur selwer awer vun zéng op Null leeft.

Et muss een also wëssen, datt wann en zwee uweist, een eigentlech schonn op null ass. Un d'Bild vun enger Remise à zéro, éiere wéinst der Pandemie, hätt de Paul Kirps dann awer net geduecht.

"Time 0": Ëm wéi eng Era handelt et sech?

Ieren ëm d'Verschwanne vum technesche Volet hanner der Entwécklung vun enger Foto? Ëm d'Presenz vun Technik an eisem Liewen, déi haut esou selbstverständlech ass, datt kee se méi wouer hëlt, oder a sengen Eenzelheete versteet?

Technik siichtbar maachen ass jo schonn eng Tendenz am Paul Kirps sengem Wierk. Da wiere mir an enger scho bal Heidegger-ianescher Siicht op d'Technik, déi géif erklären, firwat an dëse Biller quasi oder just op den éischte Bléck keng Mënsche virkommen.

Mat der Pandemie hätt et jiddwerfalls net direkt eppes ze dinn, well verschidde Biller virum Confinement entstane sinn. Geet et also ëm d'Logik vun der Technik, déi nach ëmmer Mësstrauen ervirgeruff huet? Speziell wat déi nei Techniken ubelaangen, déi de Mënsch méi exploitéieren a passiv maachen, wéi déi al?

Anersäits ass eng Pandemie jo ebe grad dat, wat all Pläng a Fro stellt. Och wann een net dës Pandemie ofgewaart muss hu fir den Drang ze verspieren no enger "geplangter Spontanitéit", wéi de Paul Kirps se sicht, an déi, wann ee sech dat mol iwwerleet, jo eigentlech just eng aner Bezeechnung ass fir de kënschtlereschen Akt.

Zoufall - oder net?

De Prozess vun enger Polaroid-Foto ass einfach. Et dréckt een op de Knäppchen a schonn ass d'Foto do. D'Kamera huet awer och kloer Aschränkungen a mat deenen de Paul Kirps schafft, genee esou wéi mat ale Filmer an den Effekter, déi hien dorausser zéie kann.

SX-70 mécht Formen a Linne méi kloer, vill Déifteschäerft dierf ee sech allerdéngs net erwaarden. Dofir eng "ornamental Flaachheet" schreift de Konschthistoriker Claude Moyen. Dat ass awer och alles, wat de Paul Kirps dem Zoufall iwwerléisst. Fir de Rescht weisen dës vergréissert Polaroid-Opname kloer inspizéiert Plazen, am Viraus geplangte Sujeten, Wénkelen a Liichtverhältnësser.

Stied ouni Mënschen

D'Biller weisen net ganz Gebaier wéi d'Aarbechte vun de Bauhaus-Fotografen, deenen et an hirer Neuen Sachlichkeit ëm d'Dokumentéiere vun Industriebauten an engem kalen, objektiven a erniichtere Realismus goung.

Beim Paul Kirps gesi mer éischter Auszich aus dem urbanen Tissu, Rearrangementer zum Deel. Do komme Réier oder Entlüftungsschächt zum Virschäin oder eng Sträif Buedem virun der Philharmonie, wéi ee se soss net gewinnt ass ze gesinn. Datt ee bal keng Mënschen an dëse Biller gesäit, hieft dem Mënsch säi Foussofdrock besonnesch ervir.

Et ass dann och scho bal egal, op wéi enger Plaz déi Foto geholl gouf: New York, Barcelona, Lissabon, Palma, Bréissel, Arel oder eben och zu Lëtzebuerg, zu Déifferdeng, Esch-Uelzecht oder an der Stad, zu Märel, um Kierchbierg an am Stadzentrum wärend dem Confinement.

Polaroid-Fotoen entstinn hei an elo mat de reduzéierte Konditioune vun der Stee, souzesoen. Dat schaaft Distanz mat deem deen d'Biller ukuckt, an eng nei Fräiheet fir de Paul Kirps, och wann hien an déi lescht Phas vun der Entwécklung net agräife kann.