Radioen

On air

Tockcity  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dierfen aarm Mënsche Kanner hunn?

CinEast-Festival

Dierfen aarm Mënsche Kanner hunn?

En aarmen Doléiner kämpft ëm d'Garde vu senge Kanner. De serbeschen Drama "Father" (Otac) ass eng Bestandsopnam vum desastréise sozio-ekonomeschen Zoustand vu Serbien. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

Eng verzweiwelt Mamm vun zwee Kanner stécht sech virun engem Betrib a Brand, aus Protest, well hire Mann, deen do geschafft huet, seng lescht Pai net ausbezuelt krut. D'Famill, déi um existenzielle Minimum lieft, kritt kuerz drop vum Jugendamt d'Garde vun de Kanner entzunn. De Papp, en aarmen Doléiner, huet sech virgeholl, beim zoustännege Minister perséinlech Appell aleeën ze goen. Well hie keng Suen huet, muss hien déi 300 Kilometer bis op Belgrad zu Fouss maachen.

''Father'' (Originaltitel: Otac) ass dee véierte Long-métrage, deen de serbesche Realisateur Srdan Golubovic zanter zwanzeg Joer gedréit huet. Säi viregte Film ''Circles'', eng Ausernanersetzung mam Krich a Bosnien, gouf 2013 um CinEast-Festival mam Grand Prix ausgezeechent.

Däiwelskrees vun Ongerechtegkeeten

Säi Sozialdrama ''Father'' thematiséiert den Däiwelskrees vu fundamentalen Ongerechtegkeeten, mat deenen aarm Mënschen a Serbien konfrontéiert kënne ginn. D'Schwieregkeet fir am duerch Krich an Neoliberalismus erofgewirtschafte Balkanstaat eng Aarbecht ze fannen, respektiv fir iwwerhaapt emol fir eng geleeschten Aarbecht bezuelt ze ginn; d'Onméiglechkeet, fir ënner deenen Ëmstänn de Kanner e korrekte Liewenskader ze bidden; d'Gefill, dem Muechtmëssbrauch vun enger äiskaler Verwaltung ausgeliwwert ze sinn.

Déi Verwaltung hëlt am d'Film d'Zich vun engem korrupte lokale Chef vum Jugendamt un, e physesch imposanten Typ, dee seng Muecht awer an aller Rou kann demonstréieren: de Verweis op Gesetzesparagrafen an noutfalls d'Aussiicht op en deiere juristesche Sträit ouni Enn ginn am Prinzip duer fir all Widderstand géint seng Decisiounen ze briechen.

De Papp féiert e würdege Kampf

Den aarme Papp léisst sech awer net gewäerden. Mat enger stoescher Gedold erfëllt hie fir d'éischt emol all d'Fuerderunge vun der Verwaltung - ëmsoss. D'Iddi vun engem Hongerstreik léisst hie séier falen a setzt dogéint op e laangen, ustrengenden an net ongeféierleche Marsch a Richtung Belgrad.

Am Géigesaz zu senger Fra, déi mat enger spektakulär Protestaktioun hiert Liewen op d'Spill gesat hat, bleift de Mann ëmmer calme. An alle Situatioune behält hie seng Würd - vill méi huet hien net, mee déi hëlt kengem him ewech. D'Ënnerstellung, datt aarm Elteren hir Kanner net gären hätten, well si hinnen net dat kënne bidden, wat d'Administratioun als materiell Viraussetzung festgeschriwwen huet, gëtt hei mat Lige bestrooft.

De Goran Bogdan, deen een aus der drëtter Saison vun der Serie ''Fargo'' kennt, interpretéiert hei de Personnage vum Papp mat enger impressionanter Rou, woubäi hie gläichzäiteg eng ausseruerdentlech Wëllenskraaft zum Ausdrock bréngt.

Solidaritéit ass net méi d'Reegel

Dem Papp säi laange Marsch duerch e gudden Deel vu Serbien ass an engems de Virwand vun enger Bestandsopnam. D'Biller vun enger verkommener Peripherie verweisen op eng desastréis sozio-ekonomesch Situatioun. D'Konfrontatioun an der wëller Natur mat engem Ruddel Wëllef ass symbolesch fir den Zoustand vun der serbescher Gesellschaft.

Um Wee fir an d'Haaptstad Belgrad, an där sech politesch Muecht a wirtschaftleche Räichtum konzentréieren, ka sech de Papp vereenzelt op Iwwerreschter vu solidarescher Hëllef stäipen. Mee Solidaritéit ass op kee Fall d'Reegel an deem System. Et gëtt se just vu Fall zu Fall, à la tête du client, a virun allem mediewierksam, dat heescht, wa sech e Politiker fir de Präis vun engem onverbindleche Verspriechen an enger Foto op Twitter a Facebook e bësse Popularitéit ka sécheren.

"Father'' ass riicht eraus erzielt. Grad well de Film relativ einfach gestréckt ass entwéckelt en ëmsou méi Ausdrockskraaft.


"Father" leeft nach eng Kéier Dënschdeg 20. Oktober um 20:45 am Utopia respektiv ass online um Site vum CinEast-Festival ze gesinn.