Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doud vum Lëtzebuerger Realisateur Pol Cruchten

Lëtzebuerger Kulturzeen an Trauer

Doud vum Lëtzebuerger Realisateur Pol Cruchten

De Mëttwoch den Owend koum d'Noriicht vum Doud vum Lëtzebuerger Realisateur Pol Cruchten, deen am Alter vun nëmme 55 Joer gestuerwen ass. E Portrait vum Martine Reuter.

auto_stories

3 min

Foto: Youtube Channel La Huit

Fir de Pol Cruchten war et schonn am Lycée kloer, datt hie seng Faszinatioun fir de Kino zu sengem Beruff géif wëlle maachen. Den evidente Schratt war dee fir sech op enger Filmschoul anzeschreiwen an dat natierlech zu Paräis, där eenzeger Plaz fir e Cinephile, deen Ufank den 80er Joren eppes op sech gehalen huet. Do huet hie säi Metier geléiert a laang Joren ass hien der franséischer Haaptstad verbonne bliwwen. Mee seng Projeten hunn hien och ëmmer erëm op Lëtzebuerg bruecht.

Wann ee säin Ofschlossfilm "Somewhere in Europe" kuckt, da versteet ee, wat hien um Kino esou begeeschtert huet. Et war dacks e Spill mat Referenzen an an dem Esprit verwonnert et net, datt d'Produktiounsfirma vun deemools Moonfleet geheescht huet an, datt och den Howard Vernon mat dobäi war, en Acteur, deen een aus dem Jean-Pierre Melville sengem "Silence de la mer" an dem Fritz Lang sengem "Die tausend Augen des Dr. Mabuse" kennt.

Säin Duerchbroch koum 1992

Den Duerchbroch - net nëmmen zu Lëtzebuerg - mee och d'Unerkennung iwwer d'Grenze vum Land eraus, koum 1992 mat "Hochzäitsnuecht", d'Geschicht vun enger jonker drogenofhängeger Koppel, gespillt vum Thierry van Wervecke an der Myriam Muller. De Film, produzéiert vun der Videopress, gouf fir Cannes selektionéiert, fir den Un certain Regard an ass bis haut deen eenzege lëtzebuergesche Film, deen an enger offizieller Selektioun programméiert gouf. De Film ass spéider och am Kader vum Max Ophüls Festival gelaf a krut do déi héchsten Auszeechnung.

Problemer vu Jugendleche waren dacks Thema

Dacks stoungen a senge Filmer Jonker an hir Problemer am Mëttelpunkt. Am "Black Dju" (1996) goung et ëm e jonke Kapverdianer, deen op Lëtzebuerg kënnt fir säi Papp erëmzefannen. Am "Boys on the Run" (2003), deen an den USA gedréit gouf, sinn et zwee Teenager, déi negativ Erfarunge mat der Police an de staatlechen Institutioune gemaach hunn, am "Perl oder Pica" (2006), der Verfilmung vum Jhemp Hoscheit sengem Roman, geet et ëm den 12 Joer ale Bouf a seng Relatioun zu sengem strenge Papp an de 50 Joren hei zu Lëtzebuerg.

Remarkabel och den "Never Die Young", d'Geschicht vun engem jonke Mann, dee mat senger Drogenofhängegkeet ze kämpfen huet.

E gutt Gespier fir aktuell Themen

E grousse Coup hat hie gelant, wéi hien der Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch hiert Buch "La supplication" konnt verfilmen. Datt d'Schrëftstellerin 2015 de Literatur-Nobelpräis krut, zu engem Moment, wéi de Film schonn ofgedréit war, huet dem Cruchten säi Gespier fir aktuell Theme bewisen. Säi leschte Film war den "Justice Dot Net" produzéiert vun Iris Productiouns, an do waren och seng zwee nächst Projeten doheem, een an Afrika an en anere mat de Marionette vun der Augsburger Puppenkiste. Dräimol ass hien am Laf vu senger Carrière zu Lëtzebuerg ausgezeechent ginn: fir "Perl oder Pica", "Never Die Young" an "La Supplication".