Kultur Drama & Tenderness am MNHA

Den Antwerpener Musée Royal des Beaux-Arts ass wéinst Renovatiounsaarbechten zou. An zwar nach bis Wanter 2019. Dovunner profitéieren den Ament aner Muséeën, wéi zum Beispill eisen Nationalmusée. Am MNHA ass den Donneschdeg d'Ausstellung "Drama and tenderness -Flammännesch, spuenesch an italienesch barock Meeschterwierker" opgaangen, mat Konscht aus der hausinterner Sammlung, mee och enger ganzer Rei Tableaue vun Antwerpen.

Kerstin Thalau / cz

Mnha - Drama and Tenderness
MNHA - Tom Lucas

"Drama and tenderness": deen Titel mécht am Kapp scho Plaz fir ganz vill Biller. Mee ganz onofhängeg dovunner, op ee mat Barock eppes ufänke kann oder net, well een un iwwerluede Konscht an also Iwwerfuerderung denkt, déi gutt 30 Wierker am Nationalmusée hunn et a sech. Dat gesäit een do nach vill besser ewéi an engem Louvre oder der Tate, well een den Aarbechten op dem méi enke Raum vill méi no kënnt. D'Ausstellung am MNHA war allerdéngs keng Selbstverständlechkeet, seet de Manfred Sellink, Direkter a Chef-Conservateur vum Musée Royal des Beaux-Arts Anvers.

Vill Informatioun geet verluer

Zanter den Ufäng vun der Konschtgeschicht am 19. Joerhonnert ass Konscht repertoriéiert a klasséiert ginn. An zwar meeschtens no geografeschen a chronologesche Critèren. Dobäi geet fir den Nico Van Hout, ee vun den dräi Commissairë vun der Expo Drama and Tenderness, a Conservateur fir d'17. Joerhonnert am Musée Royal des Beaux-Arts Anvers, vill Informatioun verluer. Zum Beispill ginn déi international Aflëss, déi d'Moler während Auslandsopenthalter matkritt hunn, negligéiert, d'Inspiratioun duerch d'Reesen. D'Similituden tëscht der flamännescher, der spuenescher an der italienescher Konscht am Barock sollen op der Ausstellung kloer ginn.

Emouvant Portraiten, Nature morten am Stil vum "Clair-obscur"

Reliéis Zeenen am grousse Format, déi am Optrag vu Kierchen entstane sinn, däischte Nature morten an extremer Präzisioun, bal wéi aus dem botanesche Léierbuch, dräi impressionnant, well emouvant Portraite vu Philosophen. An déi grouss Meeschter hannendrun: Rubens, Van Dyck, Jordaens oder Ribera a Zurbaran. All d'Facette vum Barock an den zwee Kapitelen "Drama and tenderness", stellvertriedend fir zwou Moltechniken: Éischtens de "Clair-obscur", also d'Experimentéiere mat der Luucht an zweetens d'Spill mat de Faarwen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Leaning Tower Of Pisa In Pisa - Italy
Kultur

Viru genee 845 Joer gouf de Grondstee fir den Tuerm vu Pisa geluecht. 12 Joer nom Ufank vum Bau huet d'Konstruktioun ugefaangen ze kippen. Den Tuerm ass dee bekanntste schifen Tuerm, mee ass et och dee schiifsten?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen