Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duelles vum Olivier Masset-Depasse

Filmkritik

Duelles vum Olivier Masset-Depasse

Leschte Samschdeg war zwar kee Grousse Kino um Radio programméiert, mee eis Cinephil sinn awer an de Kino gaangen. Den Tom Dockal zum Beispill war sech "Duelles", en onscheinbare belschen Thriller op de Lampertsbierg an den Utopia ukucken.

auto_stories

3 min

Wéi amerikanesch Suburbs an den 1950er a 60er ausgesinn hunn - dat weess jiddwereen, deen emol deen ee Film oder déi aner Serie gesinn huet: "Blue Velvet", "American Beauty", "The Ice Storm", "Mad Men", mee och eng sëlleche Filmer vum Hitchcock oder vum Douglas Sirk. Wat déi opgezielte Wierker verbënnt? Et sinn alles amerikanesch Produiten.

Zwou Familljen, déi matenee verbonne sinn

"Duelles" - de véierte Long métrage an drëtte Kinosfilm vum Olivier Masset-Depasse weist awer, datt déi amerikanesch Notioun vum Suburbia och an der Belsch erëmzefannen ass. An engem Duebelhaus wunnen zwou Famillen, déi an hirer Konstellatioun kéinten aus "Mad Men" erausfalen. An där enger Hallschent wunnt d'Alice mat Mann a Fils, an där anerer d'Céline mat Mann a Fils.

Déi zwou Famille si sech no, näischt schéngt se ze trennen - ausser vläicht d'Heck, déi déi zwee Familljegäert trennt. Mee och déi Heck huet e Lach, duerch dat déi zwee Jongen duerchkommen. Enges Daags fält d'Ongléck iwwer d'Famill vum Céline. De Bouf kënnt bei engem onglécklechen Accident ëm d'Liewen.

Foto: IMDb

Datt d'Frëndschaft vum Alice a vum Céline nom Verloscht vum Kand net déi nämmlecht wäert sinn, dat läit op der Hand. Et ass alles am Titel. "Duelles". D-u-e-l-l-e-s. Duel an Elles. Si.

Parallellen zu anere Filmer

Si zwee, dat sinn zwou bekannte belsch Schauspillerinnen. Déi flamännesch Veerle Baetens ass eng éischte Kéier mam "Broken Circle Breakdown" vum Felix Van Groeningen opgefall an d'Anne Coesens huet schonn x-mol mam Masset-Depasse zesummegeschafft.

D'Baetens gëtt richteg Betty Draper Vibes of. D'Coesens huet eppes vum engem Douglas Sirk-Personnage. Iwwerhaapt ass esou zimlech alles am Film filmhistoresch op iergendee Film oder Filmemaacher zeréckzeféieren.

Et bleift een am Däitschteren

De Thriller vun engem Kaz a Maus Spill, dat de Masset-Depasse lasstrëppelt, huet psychologesch Usätz vun Hitchcockianeschem Charakter, deen esou am "Notorious" oder "Shadow of a Doubt" erëmzefannen ass. Wie war et? Oder war et iwwerhaapt een? Ass et net just eng onugebruechte hysteresch Paranoia, déi d'Personnagen undreift? De Realisateur léisst de Spectateur iwwer laang Strecken am Däischteren, bis iergendwann dann awer d'Kaarten um Dësch sinn, an de Film explodéiert.

Et huet een esou e Konstrukt also scho gesinn. De Film spillt also bewosst mat filmesche Coden, hëlt sech bei allem Camp awer eng Grimmel ze eescht. Eng Portiounschwaarz Komik hätt där ganzer Affär gutt gedoen. Virun allem, well d'Kameraaarbecht, d'Kostümer an allgemenge Production Design déi Technicolor 50s Ästhetik bis hannewidder opdréit.

Wat wëllt de Film?

Bei deem ganzen intertextuelle Filmgeknäips riets a lénks weess de Film net ganz, wat e wëllt sinn. Eng psychologesch Etüd iwwer d'Maternitéit mat Thrillerelementer oder en dreckege B-Movie, dee sech fir näischt ze schued ass.

D'Schauspiller wiere bei allem dobäi gewiescht. Dat gesäit een hinnen och beim Film esou schonn un. "Duelles" bleift esou ganz kuerzweileg, mee d'Plus value fir esou e Worf vu Film bleift éischter kleng.