Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Wall Of Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E faarwegt Kleed fir d'Jean Monnet T.

Zäitgenëssesch Konscht

E faarwegt Kleed fir d'Jean Monnet T.

Op engem Gebai um Kierchbierg läit e faarwegt Raster. "Global Village", esou heescht de sougenannten habillage graphique an deen de Paul Kirps d'Jean Monet T. Gebai vun der EU-Komissioun agepaakt huet.

auto_stories

3 min

Faarweg ass d'Fassad vum Jean Monnet T. Gebai. Foto: Fonds du Kirchberg

De Kierchbierg ass fir Villes bekannt. Sécherlech awer net fir déi grouss Palette u Faarwen, déi sech engem presentéiert, wann een duerch de Quartier geet. Viru kuerzem koumen awer Faarwflecke bäi. An zwar um Boulevard Pierre Frieden.

Schold dorun ass de lëtzebuergesche Kënschtler Paul Kirps, deen op enger Fläch vun 142 op 11,5 Meter e bësse Faarf an de groe Kierchbierger Alldag erabruecht huet. Als Leinwand huet him d'Jean-Monnet T. Gebai vun der Europäescher Kommissioun gedéngt.

Obwuel dës Containere dem Paul Kirps no net grad als architektonescht Meeschterwierk kënne gëllen, konnten si hien inspiréieren. D'Architektur wier interessant, well si repetitiv wier. "Et huet ee schonn e Raster drop. D'Fënsteren, d'Diere falen ëmmer an deem nämmlechte Rhythmus." Domat huet de Kënschtler geschafft a seng eege Grillen drop geluecht.

E globaalt Duerf

De Sujet vun der Aarbecht wier ganz kloer Europa, seet de Paul Kirps. Hie wollt awer net ufänken, dowéinst mat Fändelen oder bloe Stären ze schaffen. De symbolesche Charakter vum Gebai géing méi déif goen.

D'Gebai steet nach e wéineg verlooss beim Rondpoint op der Kräizung. Dofir erschléisst sech den Titel vum Wierk "Global Village" eréischt, wann een eng aner Perspektiv op d'Muster op der Fassad werft. Vun Uewe gekuckt géing d'Gebai eng Infrastruktur vun enger Stad oder vun engem Duerf duerstellen. "Dat wieren zum Beispill Parken, Gebaier oder och Spillplazen. Am wäitste Sënn och Netzwierker". Fir de Kënschtler symboliséiert dat d'Iddi vun der Communautéit a vum Zesummeliewen.

Kënschtler oder Grafiker?

Als Kënschtler a Grafikdesigner huet de Paul Kirps net déi éischte Kéier mat visueller Kommunikatioun geschafft. Fir hie géing et d'Trennung tëscht Kënschtler a Grafikdesigner net méi ginn. Hie géing seng Kompetenze gäre combinéieren, erzielt de Kënschtler. "Grafik ass net nëmmen e Service. Et steet haut einfach fir mäi Stil."

De Paul Kirps hätt deemno eng pragmatesch Approche. "Ech gesinn da Moossen oder Elementer, déi ech kéint ergänzen." Dat kéint och e prakteschen Notzen hunn. Esou hätt de Paul Kirps zum Beispill och d'CIPA-Gebai um Belval mat gestalt. "Et kéint de Leit hëllefen, sech am Gebai erëmzefannen."

"Wichteg ass, datt et steet"

De Paul Kirps huet awer net direkt um Kierchbierger Gebai Hand ugeluecht. Hien huet säin Entworf ofginn. Ganz vum Chantier ewech ass hien awer trotzdem net bliwwen. Esou hätten zum Beispill d'Faarwe misse festgeluecht ginn an et wieren och Tester gemaach ginn. "Et ass net Iergendeppes, dat ech einfach ofginn, well dat geet meeschtens schif." Dofir géing de Paul Kirps gären op der Plaz kontrolléieren, wat geschitt.

Paul Kirps

De "Global Village" zitt net wéi an engem Musée oder enger Galerie eng ganz bestëmmte Clientell un. Am ëffentleche Raum ginn d’Bomi, déi mat Hond spadséiere geet, de Sans-Abris an de Bänker zum Publikum. "Do sinn ech zimlech egoistesch." Hie wéilt sech net un eng spezifesch Grupp adresséieren. "Et ass flott, wann een d'Chance kritt eppes ze maachen, dat einfach steet."

Während de Kënschtler mat der Gestaltung am gaange wier, wier hien net frou, wann Leit him géingen dra schwätzen. D'Leit, déi d'Commande maachen, wéisste jo a wat fir eng Richtung seng Aarbecht géing goen. "Ech hu léiwer d'Leit schwätzen duerno driwwer, wann d'Gebai steet."