Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E ganz perséinlecht Bild vu Stäerkten a vu Passioun

Margret Steckel - Rede zur Literatur

E ganz perséinlecht Bild vu Stäerkten a vu Passioun

Zanter 2017 publizéiert den Nationale Literaturarchiv Essaye vun Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren, wou si hiren eegene Schreifprozess reflektéieren. Am aachte Band ass et d'Margret Steckel, déi sech mat hirem Schreiwen auserneesetzt. D'Valerija Berdi huet dësen Essay gelies.

auto_stories

2 min

Vun der Begeeschterung fir Kannerliteratur bis bei d'Entdeckung vun Weltliteratur, vun der naiver Loscht selwer ze schreiwen bis zu der Perceptioun, datt de "göttliche Funke" net duergeet, sinn d'Prozesser, mat deenen d'Margret Steckel hiren Essay ufänkt.

Wéi ass si zum Schreiwe komm a virun allem beim Schreiwe bliwwen?

"Ich lernte zu inszenéieren und zu kompriméieren, erfuhr, dass Schreiben immer Gegenwart bedeutet, ganz gleich aus welcher Zeitferne man Dinge zurückholt", schreift d'Margret Steckel. Sie selwer befaasst sech an hire literaresche Wierker vill mat der eegener Vergaangenheet.

Eng turbulent Biographie

1934 ze Ehmkendorf am Mecklenburg-Vorpommern gebuer, verbréngt si hier Kandheet an der Géigend vu Rostock, a verléisst 1955 d'DDR fir ze West-Berlin ze studéieren. Hir Biografie féiert si an Irland, dann an England an zanter 1983 lieft si zu Lëtzebuerg.

D'Ausenanersetzung mat der Däitscher a mat der eegener Geschicht , d'Sich no de Spuere vun der eegener Kandheet a Jugend am Kontext vun den politeschen a sozialen Entwécklungen an Däitschland ass e Sujet bei hir, dann awer och eng Geschichten iwwer Léift, Konflikter an Emotiounen an tëschemënschleche Relatiounen.

Dëst Schreiwen analyséiert d'Marget Steckel an hirem Diskurs, wéi si un hir Geschichte kënnt, wéi ënnerschiddlech d'Protagonisten zu hir fannen an wéi si se féiert, oder vun hinne gefouert gëtt. An dann eng weider Erausfuerderung, Aarbecht iwwer politesch Perséinlechkeeten a wéi ee Realitéit mat Fiktioun zesummebréngt.

Eng weider Thematik ass dann d'Form vum Schreiwen, vum Roman zu der Kuerzgeschicht, en ëmgedréinte Wee?

Eng grouss Éierlechkeet

Eng kuerzweileg Lecture, déi engem en Abléck an de Prozess vun engem Liewenswierk erlaabt, dee vun enger turbulenter Biografie gepräägt ass, an dann awer och d'Sensibilitéit an d'Verletzlechkeet vun enger Schrëftstellerin, déi ganz kritesch mat hirer Literatur ëmgeet.

Et ass eng Éierlechkeet erauszeliesen, déi et néideg huet, héichtrabend d'Literatur nei ze erfannen, mee e ganz perséinlecht Bild vu Stäerkten, vu Passioun a vun staarken Erwaardungen u sech a méi bescheidener un d'LieserInnen zeechent.