Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E gesellschaftlecht Bild vum Iran

Noen Osten

E gesellschaftlecht Bild vum Iran

Den Iran steet zanter dem Nuklearaccord vum Summer 2015 ëmmer méi an de Medien. D'Islamesch Republik mécht sech elo als Land, dat jorelaang duerch Sanktiounen isoléiert war, méi op no baussen. Den Adnan Tabatabai gesäit a sengem Buch "Morgen in Iran - Die Islamische Republik im Aufbruch" d'Land als e Ganzt a wëll e globaalt gesellschaftlecht Bild vun der Republik presentéieren.

auto_stories

3 min

Adnan Tabatabai. Foto: picture alliance

De politesche Beroder Adnan Tabatabai ass en Expert, wann et ëm den Iran geet. An dat net nëmme wéinst senge perséinlechen Originnen, mee hien ass als Jong vun iraneschen Elteren an Däitschland opgewuess. An och seng berufflech Karriär huet sech bis ewell ëm säin Heemechtsland gedréint. Op der "School of Oriental Studies" huet hien zu London "Middle-East Politics" studéiert. Zanter 2009 beréit hien Institutioune vun der europäescher Unioun a Ministèren.

Den Auteur schreift a senger Introduktioun vun "Morgen in Iran - Die islamische Republik im Aufbruch", datt hien d'Land als Ganzt gesäit a setzt sech e grousst Zil: E gesamtgesellschaftlecht Bild vum Iran ze presentéieren. Aus dësem Grond deelt hie säi Sachbuch an zéng Kapitelen an fir e breede Spektrum ze bréieren: Dat geet vum politesche System iwwer Aussepolitik, der Wirtschaft, der Gläichstellung tëscht Mann a Fra bis bei d'Zensur, d'Medien an d'Minoritéiten.

Verflechtung vu Politik, Staat a Relioun

Besonnesch gelonge sinn d'Kapitelen iwwert d'Aussepolitik an d'Fraesituatioun. All Deel fänkt mat Beispiller aus Gespréicher un, déi den Tabatabai mat verschiddensten Iraner während senge Reesen gefouert huet. Vum Auto-Mecanicien aus engem Duerf am Norde vum Iran bis zur Ex-Ministerin fir Fraen- a Familljenugeleeënheeten. Vu Geeschtleche bis bei Journalisten ... An dësem Sënn ass "Morgen in Iran" tatsächlech global-gesellschaftlech, well et vill Sparte vun der Populatioun weist. Dem Tabatabai geléngt et ze weisen, wéi staark Politik, Staat a Relioun matenee verflecht sinn.

Reformer an Hardliner

Am Iran bestëmmen zwou Haaptstréimungen d' Politik an d'Gesellschaft. Op där enger Säit d'Reformer, déi sech Progrèse wënschen. Op där anerer Säit déi konservativ "Hardliner", déi e Status Quo wëllen. D'Land steet esou mat engem Fouss fest am 21. Joerhonnert, mat deem aneren awer nach an der Vergaangenheet.

Et sinn dës Spannungsfelder an Dynamismen, déi den Tabatabai am Buch erfuerscht. Wann de Revolutiounsleader Khamenei an aner wichteg Pilieren vun der Systemelite zum Beispill selwer aktiv Twitter benotzen oder hir Kanner am Ausland studéieren, gesäit ee kloer, datt eng fortschrëttlech Entwécklung net opzehalen ass.

Equilibréiert Bild vum geopolitesch wichtege Land

Den Iran ass nom historeschen Nuklearofkommes vum leschte Summer an dem Enn vun de wirtschaftleche Sanktiounen e Land, dat kulturell, politesch a sozial ëmmer méi wichteg gëtt. An dat och am Westen. D'Ouverture no baussen ass grad esou wichteg, wéi e wirtschaftlechen Opschwong.

Fir jiddereen dee sech en equilibréiert Bild vum geopolitesch wichtege Land maache wëll, ass dëst Buch eng wonnerbar Aféierung, déi op Klischeeë verzicht. Op 285 Säite gëtt dem Lieser dat éiwegt Hin an Hier an den omnipräsente konstante Widdersproch vun der islamescher Republik Iran ëmmer méi kloer – grad ewéi den Tabatabai seet: "Eindeutig ist nur, dass nichts eindeutig ist"


"Morgen in Iran - Die islamische Republik im Aufbruch" ass bei der Editioun Körber-Stiftung erauskomm.